Emissiounen

  • De Journal

    De grousse Rendezvous mat der Aktualitéit vum Dag, national an international.

  • Météo

    Wéi gëtt d'Wieder? Previsiounen, Kaarten an Analysen, presentéiert vum Yann Logelin a vum Joelle Muller.

  • "5 minutes"

    L'actualité en images et en français

  • Top Thema Magazin

    De grousse Reportage iwwert Sujeten déi d'Aktualitéit bewegen, all Dag um 7.

  • Live! Planet People

    DenTalkmagazin am fréien Owend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

  • Objektiv Job

    Op der Sich no neien Job? Wéi leet ee sech un, wéi verkeeft ee sech am beschten, och als Patron, wann een nei Mataarbechter astelle wëll? Objektiv Job, dee prakteschen Jobmagazin, all Mëttwoch um 19:25.

  • Kloertext

    Eng Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen: de Rendez-vous vun RTL mat Invitéen aus der lëtzebuerger Gesellschaft, der Politik an der Press.

  • PISA - de Wëssensmagazin

    Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

  • RTL Sport

    Wat war de Weekend iwwert lass am Sport? Resultater, Biller, Reportagen direkt nom Journal.

  • ArtBox

    All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

  • Den Hoppen Théid

    Den Hoppen Théid kritt senge eege Sendung op der Télé, all Méindeg kuerz vrum Journal. Et dierf gelaacht ginn!

  • Réckspigel

    Réckspigel ass eng satiresch Rubrik am Journal, signéiert vu Pascal Becker a Jacques Kapp.

  • De Magazin - Den Nol op de Kapp

    Däereg Affairen mam Marc Thoma. Enquêten, Justizfäll, Streidereien a kriddeleg Dossieren, hannerfrot an analyséiert.

  • De Magazin - Kapital

    D'Economie, d'Aarbechtswelt, de Business an d'Innovatioun zu Lëtzebuerg vun Experte beliicht.

  • De Magazin - Automag

    Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.

  • De Magazin - Trendmag

    Trends, Design, Architektur, schéin Haiser, Miwwelen an Tipps fir Decoratioun, presentéiert vum Sandie Lahure

  • Documentaire: "routwäissgro"

    Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d'Liewe vun där Persoun - seng Dreem a seng Konflikter - an an d'Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit. Produzéiert vu Calach Films Zesumme mam Kollektiv 13

  • Mastercook

    21 Kandidaten, 1 Zil, den Titel vum beschten Hobbykach vu Lëtzebuerg. Während 12 Woche siche mir de Mastercook 2016. Mam Anne Faber an Tony Tintinger a ville Gäscht am Jury.

  • Mäi klenge Restaurant doheem

    3 Käch/innen hu fir een Owend hir Wunneng an e Restaurant ëmgebaut an hunn 10 friem Gäscht bekäschtegt.

  • Theresa

    “Theresa - Freed um Kachen” ass eng nei Kachsendung vun RTL an Zesummenaarbecht mam Cactus, mat Lëtzebuerger Produiten a Produzenten, mat multikulturellen Invitéen an innovative Rezepter, presentéiert vun enger jonker sympathescher Hobbykächin, dem Theresa Baumgärtner.

  • DNA

    "DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

  • Mmmh! De kulinaresche Magazin

    Nei Trends an der Kichen, Tipps vu Profien, Produiten, Rezepter, Restauranten a kulinaresch Eventer, „Mmmh!“ ass de Magazin fir jiddereen dee gäre kacht a bewosst ësst.

  • Mmmh! Summergrillen

    Grille mat Schwéngefleesch ass voll am Trend a schmaacht der ganzer Famill, och am Wanter! All Woch weist de Ben Péporté déi originellste Platen op enger origineller Plaz. Wantergrillen mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale,

  • Agenda

    De kulturellen Agenda vun der Télé

  • Coco & Co

    Eng Déieresendung fir Kleng a Grouss. Net nëmmen eis gewinnten Hausdéieren stinn am Mëttelpunkt mee mir stellen och intressant Sportaktivitéite fir d’Déieren an hir Meeschtere vir. Mir kucken hannert d’Kulissen vun Ziichter an Déireparken a ginn ënnert anerem Tipps a Saachen Erzéiung, Ernährung a villes méi. Présentéiert gëtt d’Emissioun vum Violetta Caldarelli, selwer e groussen an engagéierten Déierefrënn.

  • De Grénge Jeannot

    Wann engem d’Onkraut iwwert de Kapp wiist an d’Blummen hir Käpp hänke loossen, dann ass et un der Zäit fir de grénge Jeannot ze ruffen.

  • Hei Elei Retro

    30 Joer duerno, Rediffusioun vun der Kultemissioun, all Sonndeg op der Télé.

  • Bourse

    Dax, Nikkei, CAC40 oder Nasdaq. De Verlaf vun de Boursen weltwäit kuerz a präzis resuméiert.

  • Finanzwoch

    D'Woch op de Finanzmäert analyséiert vun den Experte vu Capital at Work.

  • Goal

    Déi grouss Matcher, Hannergrënn a Reportagen, Klibb, Spiller a Fans... De grousse Magazin zesumme mat der FLF all Méindegowend nom Journal op der Télé, presentéiert vum Nico Keiffer.

  • Champions League

    D'Resuméë vun de Matcher aus der Champions League

  • Rebound - de Basketsmagazin

    De Basket Magazin vun der Télé, mat Analyse vun de Matcher, Youth Corner, Portaiten a Reportagen, presentéiert vum Tim Hensgen.

  • 7 Meter

    Den Handball Magazin vun der Télé, mat Analyse vun de Matcher, Portaiten a Reportagen.

  • Post Connect

    Nei Technologien, d'Welt vun der Kommunikatioun, Handy, Internet an nëtzlech Applikatioune fir den Alldag

  • "3 Männer, 1 Wett"

    3 Männer – 1 Ziel Den Ironman 70.3 zu Réimech Mä bis dohinner ass et e laangen an ustrengende Wee. Zumols wann een wéi de Menn, de Nico an de Steve onsportlech ass. Hunn d’Männer awer d ‘Lat net ze héich geluecht? Ass et méiglech sech a 6 Méint op en Ironman ze preparéieren fir um Enn och um Ziel unzekommen? Mir hunn déi 3 Kandidaten a gudden wéi a schlechten Zäiten mat der Kamera begleet.

  • Bauhärepräis OAI 2016

    De Bauhärepräis vum OAI gëtt all 4 Joer un Bauhären aus dem privaten oder ëffentleche Secteur iwwerreecht. Mir weisen iech d'Projeten déi bei dëser Editioun dobäi waren.

  • Cyclissem News

    Alles ronderëm de Vëlo! Am Bild an Toun.

  • Cyclissem: Paris - Nice

    mat Commentairen vum Tom Flammang

  • Journal (sous-titrage en français)

    L'actualité du jour - nationale et internationale - infos et sport

  • Kino Tipp

    De Blockbuster vun der Woch, analyséiert vun engem Filmkritiker

  • Météoflash

    Kuerz a knapp, d'Wieder vun hënt a vu muer am Résumé.

  • Picco Bello Jackpot

    D'Glécksrad vun der Loterie Nationale mam groussen Jackpot, wien 3 Teleeë rubbelt, ass dobäi! Presentéiert vum Monica Semedo.

  • RTL Sport: Tour de France

    Etapp vum Dag live

  • TIRLITIVI - Planet Kids

    Cartoons op Lëtzebuergesch, made in Luxembourg! Déi flottsten a witzegst Serië fir Kanner vu 6 bis 99, all Dag op der Tëlee.

  • Gutt gesot!

    Lëtzebuerger Spréchwierder erkläert a kommentéiert vum Alain Atten, all Dag vu Méindes bis Freides kuerz viru 7 op der Télé.

Archiv

  • Anne's Kitchen

    D'Anne Faber lieft a schafft zu London. Säin Hobby: kachen! A senger Emissioun weist d'Anne typesch englesch Rezepter mat Lëtzebuerger Touch.

  • Fitness-Tipps mam Conny

    Gitt Fit mam Conny fir den ING Night Run. RdV den 31. Mee an der Stad?

  • Neie Wand mam Wendt

    Den däitsche Starfriseur Andreas Wendt hëlleft Salonen zu Lëtzebuerg déi Problemer hunn. Wann d'Cliente feelen, an d'Angscht virun der Faillite beim Proprietaire vum Salon all Dag méi grouss gëtt, ass et Zäit fir d'Hëllef vum Profi. Mat Kreativitéit, Kompetenz a konstruktiver Kritik gëtt den Andreas Wendt de Kollege positiv Impulser, entwéckelt nei Konzepter an hëlleft beim neie Start vum Salon.

  • Top oder Schrott

    De Luc Helbach, vu Beruff Antikär, weess wat Top oder Schrott ass. Späicher a Keller opraumen, ganz Haiser eidel maachen an dobäi och nach Suen verdengen. De Luc weist wéi dat geet.

  • Mmmh! Spezial Musel

    „Mmmh! Musel Spezial“ mécht dëse Summer all Donneschden en Tour iwwert ons wonnerschéi Musel, a stellt Iech d’ Wënzer an hir Wäiner vir. D’ Wënzer huelen Iech mat an hir Wäistuff, an de Keller an och an de Wéngert. Dobäi, preparéieren Miseler Käch eng Recette di am beschten zum lëtzebuerger Wäin a Crémant passt.

  • Summerdelikatessen mam Ernesto

    All Woch kritt Dir de Summer duerch Spezialitéite vum Ernesto presentéiert. Loosst Iech iwwerraschen!

  • 100% clever kachen

    Rezepter ouni Offall mam Nicolas Szele, Chef vum Joer 2014

  • De 50.000 Euro Kuerf

    All Woch ass de 50.000 Euro Kuerf an enger anerer Hal. De Contest gëtt an der Paus vun engem Match gespillt.

  • Magazin Spezial: Wäit ewech vun doheem

    Eng Serie iwwert Lëtzebuerger déi am Ausland en neit Liewen ugefaang hunn, realiséiert vum Pit Biwer an Yves Trevalec.

  • Pimp my Home

    Sandrine Monteiro ass vu Beruff Décoratrice a versteet et, mat gudden Déco Tipps an e puer kleng Renovatiounen e Raum komplett nei ze gestalten.

  • Architectour.lu

    Architectour.lu, de Magazin iwwert zäitgenëssesch Architektur zu Lëtzebuerg, all Samschdeg no der Meteo am Journal.

  • Ben's Club

    Déi 3. Staffel vum Ben's Club. De Ben a seng Crew ginn on Tour duerch déi coolste Bistroen am Land.

  • Europa fir dech a mech: Zoom op d'Leit

    Europa zu Lëtzebuerg: Mënschen an Institutiounen. All Mëttwoch begéine mir am Magazin intressante Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen a fir Europa schaffen.

  • Generation Art

    12 Kënschtler weise wat se drop hunn. All Woch kréie si e kreative Challenge an hunn dann 2 Deeg Zäit fir hiert Wierk am Generation Art Atelier ze gestalten.

  • Ironman

    1.9 km Schwammen, 90 km Vëlo an 21 km Lafen, alles an eiser schéiner Muselrégioun. Den 21. Juni fällt de Startschoss fir den 2 Ergo Ironman hei zu Lëtzebuerg. Am Virfeld weise mir Iech Portrait’en vun Tri-Athleten…wéi se sech kierperlech a Mental op dësen Challenge virbereeden

  • Lëtzebuerger am Ausland

    Mir besichen eis Landsleit Weltwäit.

  • Mäi Mann, mäi Stil

    Et ass en Challenge als Mann seng Fra mat 1000 Euro no eegenem Goût ëm ze stylen. A wien eise strenge Jury iwwerzeecht kritt, dee gëtt mat engem Akafsbong vun 1500 Euro belount ...awer de Jury huet wéi ëmmer dat lescht Wuert.

  • Wat elo?

    Wat elo? Den Alldag ka komplizéiert sinn! Et ass kee Kaffi méi do! Wat elo? De richtegen “Date” organiséieren! Wat elo? "Wat Elo?" ass déi nei Comedy Mini-Serie op Lëtzebuergesch mam Leila Schaus, Tommy Schlesser, Milli Schlesser a Will Aust.

  • Zesumme liewen, zesumme kachen

    Lëtzebuerg ass multikulturell, och an der Kichen. Eng Serie mat Portraite vu Leit mat de verschiddensten Originen