D'Anne Faber ass no 12 Joer an England erëm zréck zu Lëtzebuerg. An der neier Saison vun Anne's Kitchen, explodéiert hatt wat eis Heemecht esou schéi mécht. Iwwert 12 Episoden fiert d'Anne uechter d'Land a mécht lauter Saachen déi fir hat 'typesch Lëtzebuerg' sinn: op der Mousel fëschen, mat de Scouten op engem Camp kachen, op der Sprangprëssioun sprangen, a vill aneres.

Et gëtt natierlech och rëm gekacht! An senger Kichen preparéiert d'Anne mat lokalen a saisonalen Ingrédientën Lëtzebuerger Klassiker - mat engem internationalen Twist.

http://anneskitchen.lu