Saison 4: Episode 1 - Quick Lunch

D'Anne préparéiert an dësem Episode e Mëttegiessen mat enger spezieller Pasta an enger Taart déi et vu senger Mamm geléiert huet.

Anne's Kitchen S4E1 (15.09.2017)
D'Anne fänkt seng nei Saison u mat Rezepter déi onkomplizéiert sinn.
Avocado Speck Pasta

Eng Avocados-Zooss?! Klengt zwar komesch, mais  et ass iwwerraschend gutt! Ech kombinéieren de cremechen Avocado-Goût mat salzegem Speck an e bëssen Chilli fir e klengen Kick. 



Preparatioun: 15 Minutten – Fir 2 Portiounen

40g Mandelen
300g Linguini Nuddelen
2 Knuewelekszéiwen
1 rout Chilischot
2 kleng zeideg Avocadoë
40ml Olivenueleg
zwou Handvoll Basilikumblieder
100g Speck Lardonen
Salz a Peffer

D’Mandelen an enger Pan réischteren bis se ufänken brong ze ginn. Op d’Säit stellen.

D’Nuddelen an engem Dëppen mat gesalztem Waasser kache bis se al dente sinn.

Während där Zäit de Knuewelek schielen an pressen. D’Chilli länglech opschneiden an d’Kären erauskrazen, da reng haken.

D’Avocadoë opschneiden, de Kär eraushuelen a schielen. D’Mandelen an Mixer ginn a kuerz haken. Den Avocado dobäi ginn, zesumme mat dem Olivenueleg, de Basilikumblieder. Salz a Peffer mixen. 4 Läffele vum Kachwaasser vun de Nuddelen derbäi ginn an nach eng Kéier mixen fir d’Zooss e bësse méi flësseg ze maachen.

D’Speck Lardonen an der Pan ubroden. D’gehakten Chilli an de Knuewelek dobäi ginn a weider kuerz ubroden bis de Speck ufänkt knausereg ze ginn. Op d’Säit stellen.

Wann d’Nuddelen bis al dente sinn, ofschëdden. Am Dëppe mam Avocadopurée a mat dem Speck vermëschen an op zwee Teller verdeelen.

Tarte au Cantal

Dës Taart erwächt bei mir Kandheetserënnerungen. Menger Mamm hier Tarte au Cantal gouf et nämlech regelméisseg wann et wierklech schnell huet misse goen.

 

Preparatioun: 10 Min – Schäffchen: 30 Min – Mécht 1 Taart fir 2 Persounen

3 Tomaten
230g Bliederdeeg mat Botter
2 Iessläffele Moschter
200g Cantal Kéis, a Scheiwen
½ Kaffisläffel Thymian
Salz a Peffer

De Schäffchen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

D’Tomaten an dënn Scheiwe schneiden.

De Bliederdeeg ausrullen a Moschter driwwer sträichen.

De Kéis op dem Moschter verdeelen a mat Tomaten bedecken.

Mat Thymian, Salz a Peffer wierzen.

Am Schäffchen 30 Minutten baken.

Dës Taart schmaacht gutt mat enger grénger Zalot als Bäilag.