Saison 4: Episode 7 - Séier gemat mat e bëssi Gedold

An dëser Episod dréit et sech ëm Saachen déi sech séier preparéiere loossen ma eng Grimmel méi laang brauche fir ze kachen.

Anne's Kitchen S4E7 (10.11.2017)
An dëser Episod dréit et sech ëm Saachen déi sech séier preparéiere loossen ma eng Grimmel méi laang brauche fir ze kachen.
Gebakenen Auberginne-Curry

Preparatioun: 15 Minutten – Schäffchen: 1 Stonn 15 Minutten – Fir 2 Persounen
1 Ënn
2 Auberginnen
400ml Kokosnoss Mëllech
3 Iessläffelen Indesch Curry Paste (net ze schaarf)
¼ Kaffisläffel Salz 

Fir ze zerwéieren:
Frëschen Koriander
Granatapel Kären
Knausereg Ënnen
Mango Chutney
Schwaarzen Räis oder Basmati Räis

Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

D’Ënne schielen an haken. D’Auberginnen an 1cm Scheiwen schneiden.

D’Halschent vun den Auberginnen an eng 20x20cm Bakform ginn. D’Ënnen iwwert d’Auberginnen streeën an déi rescht Auberginnen doriwwer leeën.

An enger Schossel, d’ Kokosnoss Mëllech mat der Indescher Curry Paste an dem Salz vermëschen. D’Mëschung iwwert d’Auberginne schëdden.

D’Bakform mat Aluminium bedecken an eng Stonn an de Schäffche stellen.

No 1 Stonn, den Aluminium erofhuelen an d’Auberginne vir eng weider 20 Minutte bake bis dass se richteg mëll sinn.

An der Teschenzäit de Räis kachen.

Fir ze zerwéieren, eng Portioun Räis an Auberginnen op all Teller verdeelen, Koriander, Granatapel Kären a knausereg Ënnen doriwwer streeën an e Flapp Mango Chutney dobäi ginn.

Indesch Poulets-Strämpelen

Preparatioun: 30 Minutten – Iwwernuecht marinéieren – Schäffchen: 45 Minutten – Fir 3-4 Persounen

6 Poulets Strämpelen

Fir d’Marinade:
½ Kaffisläffel schwaarz Pefferkären
1 rout Chilli
1 Zitrounegras Béngel
1 Knuewelekszéif
30g Ingwer Paste
2 Kaffisläffel Kurkuma
2 Iessläffel Raiswäin Esseg
1 Iessläffel Sonneblummen Ueleg
Salz 

Fir d’Raita Zalot:
1 Cornichon
2 Iessläffel Joghurt
¼ Kaffisläffel Ingwer Paste
1 kléng Knuewelekszéif
Eng Handvoll frësch Menthe
Salz + Peffer

D’Pefferkären an engem Mörser zerdrécken. D’Chilli grob haken (wann een et net schaarf wëll, d’Kären eraushuelen). D’Zitrounegras kleng schneiden. De Knuewelek schielen a grob haken.

All d’Ingrediente fir d’Marinade, ausser d’Salz, an engem klenge Mixer zu enger Paste mixen.

D’Poulet’s Strämpelen mat der Marinade areiwen, an eng Tupperware ginn an iwwert d’Nuecht marinéiere loossen.

Den nächsten Dag de Poulet 30 Minutte virum baken aus dem Frigo huelen. De Schäffchen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

D’Poulet’s Strämpelen an eng Bakform ginn, mat Salz a Peffer wierzen a fir 45 Minutten baken.  

Während de Poulet gebak gëtt, d’Raita Zalot virbereeden. D’Cornichon schielen, längslech opschneiden an d’Kären mat engem Läffel erauskrazen. A Cube schneiden an an eng Schossel ginn.

An enger klenger Schossel, de Joghurt mat der Ingwer Paste vermëschen. De Knuewelek schielen an zerdrécken, d’Menthe kleng schneiden an alles mam Joghurt vermëschen. Mat Salz a Peffer wierzen. 

De Joghurt mat de Cornichonen vermëschen.

D’Poulet’s Strämpelen mat der Cornichon Zalot zerwéieren.