Saison 4: Episode 12 - Chrëschtdag

D'Anne mécht e gudde Chrëschtdaagsmenu ouni groussen Opwand. Rëndbaken an en Cheesecake deen net gebak muss ginn.

Anne's Kitchen S4E12 (15.12.2017)
D'Anne mécht e gudde Chrëschtdaagsmenu ouni groussen Opwand. Rëndbaken an en Cheesecake deen net gebak muss ginn.
Glühwäin Rëndsbake mat Panais-Purée

Preparatioun: 50 Minutten – Schäffchen: 4 ½ Stonnen – Fir 6 Persounen

2 rout Ënnen
65g Botter
2 Knuewelekszéiwen
6 Rëndsbaken*
80g Miel
750g rouden Wäin
1 Iessläffel Tomate-Purée
120g Quetschekraut
400ml Rënds Bouillon
2 Kanéilsstaang
1 Anäisstär
2 Neelcheskäpp
5 schwaarz Pefferkären
1 ½ Iessläffel Cassonnade
Salz a Peffer 

Fir ze Zerwéieren:

Granatapel Kären
Knausereg Ënnen
Péiterséileg 

Fir de Purée:

1.2kg Panais
3 Braeburn Äppel
75g Botter
40ml Mëllech
eng Pout Muskat
Salz a Peffer

De Schäffchen op 140°C Ëmloft erhëtzen.

Déi rout Ënnen schielen an an Tranchë schneiden. 20g Botter an engem groussen Dëppen schmëlzen an d’Ënnen mat enger Pout Salz fir 4 Minutten ubroden, bis dass se mëll sinn. De Knuewelek schielen an zerdrécken an eng weider Minutt mat den Ënnen ubroden. Aus dem Dëppen huelen an op d’Säit stellen.

D’Miel op en Teller ginn a mat Salz a Peffer wierzen. All Rëndsbak am Miel dréinen. An dem selwechten Dëppen, dat gebraucht gouf fir d’Ënnen, 15g Botter schmëlzen an zwou Rëndsbake op den zwou Säiten ubroden. Op en Teller leeën an de Rescht Rëndsbaken ubroden.

Wann d’Rëndsbake bis all ugebrode sinn, dat eidelt Dëppen mat 250ml roudem Wäin déglaceieren.

Tomaten-Purée an d’Quetschekraut dobäi ginn an ëmréieren esou dass den Tomate-Purée sech opléisst. Den Rescht Wäin, Rënds Bouillon, d’Ënnen, d’Glühwäingewürzer, Cassonnade an d’Rëndsbaken an d’Deppen ginn. Zoudecken an dat Ganzt zum kachen bréngen.

Wann d’Zooss bis kacht, an de virgehëtzen Schäffchen ginn a 4 ½ Stonn kachen bis dass d’Rëndsbaken mëll sinn. Mat Salz a Peffer assaisonnéieren.

Fir de Püree:

Wann d’Rëndsbaken bis am Schäffche sinn, de Püree preparéieren. D’Panaisen schielen an an ongeféier 3cm grouss Stécker schneiden. D’Äppel schielen, entkäeren an an 3cm grouss Stécker schneiden.

An engem Dëppen mat kachendem Salzwaaser, d’Panaisen mat den Äppel ongeféier 10 Minutten kachen bis dass se mëll sinn. Ofschëdden, an d’Panaisen, d’Äppel, de Botter, d’Mëllech, de Muskat, a Salz a Peffer an e Mixer ginn. Püréieren bis dass een e glaten Purée huet. De Purée op d’Säit stellen an virum Zerwéieren nach eng Keier kuerz opwiermen.

Eng generéis Portioun Purée op all Teller ginn, eng Rëndsbak an der Zooss dobäi ginn, an mat Granatäppelkären a knausereg Ënnen bestreeën.

TIPP:

Et muss een d’Rëndsbake beim Metzler virbestellen. Dëse Plat ass och gutt mat Brockelcher.

Glüh-Cider

Preparatioun: 10 Minutten - Fir 2 Persounen

500ml Cider,
4 Iessläffelen Cassonade
1 Kanéilsstaang
2 Neelcheskäpp$
Anäisstär
4 schwaarz Pefferkären

De Cider, d´Cassonade, d´Kanéilsstaang, d´Neelecheskäpp, denAnäis an d´Pefferkären an en Dëppen ginn.

Dat Ganzt op mëttlerer Hëtzt emréieren, bis dass den Zocker opgeléist ass an de Cider warm ass.

Direkt zerwéieren oder vun der Kachplack huelen a weider zéie loossen an dann opwiermen wann een prett ass fir ze zerwéieren.

Tipp: Fir e klengen Kick, kann een e klengen Schotz Whisky oder Brandy bei de fäerdegen Glüh-Cider ginn.

Chrëschtdags-Cheesecake

Preparatioun: 30 Minutten - Frigo: 5 Stonnen - Mécht 1 Cheesecake vun 23cm

270g Speculoos
2 Kaffisläffelen Kanéil
100g geschmolten Botter
200ml Ram
2 Iessläffele Pudderzocker
240g wäissen Schockela
400g Frëschkéis (Philadelphia)
1 Vanillsstaang
1 ½ Kaffisläffel Vanill Essenz
350g Kiischten am Glas, ofgeschoddent Gewiicht

250g Speculoos an engem Mixenr zu renge Grimmele mixen.

De Kanéil an de geschmolltene Botter dobäi ginn a kuerz mixen.

Eng 23cm Springform mat Bakpabeier beleeën. D´Speculoosgrimmelen an de Bueden vun der Form pressen, esou dass eng gläichméisseg Base entsteet. Kuerz an de Frigo stellen.

De wäisse Schockela an engem Bain Marie schmëlzen.

D´Ram mam Pudderzocker zu enger Schlagsahn steif schloen.

De Frëschkéis an en grouss Schossel ginn. D´Vanillsstaang längslech opschneiden an d’Kären erauskrazen a mat dem Frëschkéis vermëschen.

De geschmoltene Schockela bei de Frëschkéis ginn an alles gläichméisseg vermëschen.

D´Schlagsahn ënnert  d´Schockelasmëschung hiewen sou dass eng glat gläichméisseg Crème entsteet.

D´Springform aus dem Frigo huelen an déi wäiss Schockelascrème iwwert d´Speculoos Base verdeelen. Mat enger Plastikfolie ofdecken a vir op mannst 5 Stonne kal stellen.

Wann den Cheesecake bis fest ginn ass, aus der Kucheform huelen an op en Zerwéierteller stellen.

De Rescht Speculoos zergrimmelen an iwwert den Cheesecake streeën. Mat e puer Kiischten dekoréieren, a mat nach enger extra Portioun Kiischten op der Säit  zerwéieren.