Episod 8 - Picnic

E Picnic ass eng Geleënheet fir sech dobaussen ze treffen an dobäi och nach eppes Guddes ze iessen. D'Anne preparéiert eis an dësem Episode e Picnic!

Sausage Rolls

Dës Bliederdeegrullen sinn en englësche Klassiker. Egal ob Party, Barbecue, Picnic oder Footballspill, si sinn iwwerall ze fannen. Déi meeschten Englänner kafen hier Wurschrullen am Supermarché, awer d’Anne mécht seng gäre selwer. Et ass mega einfach se ze maachen a si schmaachen onwahrscheinlech gutt. De perfekte Fingerfood.

Preparatioun 20 Minutten – Uewen 25-30 Minutten – Fir 24 Sausage Rolls – Einfach

350g gehacktent Schwéngsfleesch
1 kleng Ënn, gehackt
1 Ee + 1 Eegiel, geschloen
35g Panéiermiel
1 EL Péiterséilech, gehackt
e bësse Muskatnoss
1 TL Worcestersauce
3 EL douce Moschter
375g Bliederdeeg
4 EL Moutarde à l’Ancienne
Sesam, fir driwwer ze streeën
Salz a Peffer

Prepartioun:

Den Uewen op 180°C Umluft wiermen.

D’Gehacktes an eng grouss Schossel maachen. D’Ënnen dobäigin. Dat ganzt Ee, d’Panéiermiel, de Péiterséilech, d’Muskatnoss, Worcestersauce an den douce Moschter dobäi ginn a gutt vermëschen.

De Bliederdeeg ausrullen. 2 Rechecker vu je 50x80 cm ausschneiden a mat der laanger Säit viru sech leeën.

D’Moutarde à l’Ancienne op déi ënnescht 2/3 vum Bliederdeeg pinselen, so datt uewen nach eng Sträif fräi ass.

D’Gehacktes a Rulle formen an op d’Mëtt vun der ganzer Längt vum Bliederdeeg leeën. Dat iewescht vum Bliederdeeg gëtt mam geschloenen Eegiel bestrach.

Den Deel mam Moschter iwwert d’Gehacktes leeën an bis zum ieweschte Eegiel-Drëttel oprullen. D’Enner zesumme kliewen.

All Bliederdeegrull an 12 kleng Wurschtrullen schneiden an op e Bakblech mat Bakpabeier leeën.

Sesam nach iwwert d’Rulle streeën, 25 – 30 Minutten am Uewe baken bis de Bliederdeeg opgeet a schéi gëlle brong ass.

Wodelech servéieren oder ofkille loossen a fir de Picnick apaken.

TIP: Wann Dir de Moschter gären hutt, kënnt Dir nach Moutarde à l’Ancienne als Dip dobäi servéieren.

Cake with courgette feta and mint

Dëst ass eent vum Anne senge lieblings Party a Picnic Plat. Dëse Plat ass zwar net immens British, mä d’Englänner schéinen dëse Kuch immens gären hunn, soss wier en net sou gutt ukomm. De Kuch kënnt Dir scho am Viraus baken oder afréieren. Wann e bis opdeet ass, en einfach bei 150° Grad nees am Schäffchen fir 20 Minuten wiermen.

Fir 1 Kuch - Preparatioun 30  Minutten - Uewen 50 Minutten - Einfach

Fir den Deeg
3 Eeër
110g gerapptenen Cheddar
Jus vun enger ½ grénger Zitroun
5 Zoppeläffelen Olivenueleg
180g Miel
2 Kaffisläffele Backpulver
75ml Mëllech

Fir d’Courgette-Fëllung:
1 Zoppeläffel Olivenueleg
1 kleng Courgette (150g)
1 Knuewelekszéif
2 jonk Ënnen
100g Feta
4 Zoppeläffele frësch gehackte Menthe

Preparatioun:

Den Uewen op 180° C Umluft virhëtzen.

D’Courgette rappen. D’Ënne botzen an a kleng Scheiwe schneiden. De Knuewelek schielen a fein hacken, an enger Pan mat Olivenueleg ubroden. D’Courgetten dobäiginn a fir eng weider Minutte weiderbroden. D’Ënnen dobäi ginn, alles gutt vermëschen an fir ofzekillen op d’Säit stellen.

D’Eeër, den Cheddar, den Zitrounejus an den Olivenueleg an enger Schossel mëschen. Fir d’éischt d’Miel an de Backpulver, dann d’Mëllech dobäimaachen. Mat Salz a Peffer wierzen, d’Courgette dobäiginn an alles zu engem glaten Deeg réieren.

De Feta iwwert den Deeg bröselen an d’Menthe dobäimaachen. Alles ganz lues mat engem Kachläffel ëmréieren.

Den Deeg an eng gefette Bakform schëdden a fir 50 Minutte baken. Iwwerpréift mat engem Holzspiess, ob de Kuch fäerdeg ass. Bleiwe beim Erauszéien keng Deegreschter um Spiess hänken, dann ass de Kuch fäerdeg gebak.

Coconut Victoria Sponge Cake

Wann ech en typeschen englesche Kuch nenne misst, géif dem Anne spontan Victoria Sponge Cake afalen. Dëse Kuch gouf no der Queen Victoria benannt, déi dovunner gären e Stéck zu hierem “Afternoon Tea” giess huet. Am Ufank gouf dës Taart mat Klappschmant an Hambiersgebees tëscht 2 Kuchbiedem gefëllt. D’Anne huet awer en Hauch vu Kokosnoss dobäiginn an déi Taart mat frëschen Hambier verziert.

Preparatioun: 20 Minutten – Baken 40 Minutte – Fir 1 Kuch - Einfach

Fir déi 2 Taartebiedem
175g mëlle Botter
110g Zocker
3 Eeër
2 EL Kokosmëllech
175g Miel
4 + 1/2 TL Backpulver
e bësse Salz
50g Kokosraspelen

Fir d’Fëllung
65g mëlle Botter
4 EL Kokosmëllech
200g Pudderzocker
4 EL Hambiersgebees
150g Hambier + 8 Hambier fir de dekoréieren

Preparatioun:

Den Uewen op 180°C virhëtzen

De Botter an den Zocker an enger grousser Schossel mat engem Mixer vermëschen. D’Eeër an d’Kokosmëllech dobäi ginn an opklappen.

An enger zweeter Schossel d’Miel, de Backpulver, d’Salz an d’Kokosraspele vermëschen. Dat Ganzt bei d’Eeërmëschung dobäiginn an zu engem glaten Deeg réieren.

Eng Sprangform (20 cm Duerchmiesser) op Bakpabeier stellen a mat engem Stëft de Rand nozéien. Dëse Prozedur widderhuelen sou datt een 2 Kreeser ausschneide kann. Beim Ausschneiden soll bannent der Linn schneiden. Ee vun de Pabeierkreeser an d’Sprangform leeën an d’Bannesäit vun der Form afetten.

D’Halschent vum Deeg an d’Form ginn a fir 20 Minutte bake loossen.

De Kuch aus dem Uewen huelen a 5 Minutten ofkille loossen an op de Kichegitter leeën.

Den 2te Pabeierkrees an d’Form maachen, mam Rescht vum Deeg opfëllen a fir 20 Minutte bake loossen.

An der tëscht, gëtt d’Kokosnossfëllung gemat. Botter a Kokosmëllech an enger Schossel mat engem Mixer klappen. De Pudderzocker lues a lues dobäi ginn a gutt vermëschen bis eng glat Bottercrème entsteet. An de Frigo stellen.

Wann déi 2 Biedem komplett ofgekillt sinn, alle béid mat der ieweschter Säit no ënne leeën. Ee Buedem mat engem groussen Deel Bottercrème sträichen. ( ë bësse soll een op der Säit loossen fir domatter spéider d’Dekoratioun mat den Hambier maachen ze kënnen.)

Den aneren Deckel op en Taartenteller stellen. D’Hambiersgebees op dëse Buedem sträichen. An enger Schossel déi frësch Hambier zerdrécken an op d’Hambiersgebees maachen.

De Bottercrème-Buedem mat der Bottercrème-Säit no ënnen op de Gebeesbuedem setzen. E bësse vun dem Rescht vun der Bottercrème kreesförmeg op den Taartendeckel verdeelen. A all klenge Krees kënnt eng Hambier drop.

De Pudderzocker an e Siff ginn an d’Taart gläichméisseg bepudderen.

Déi fäerdeg Taart an de Frigo stellen, Dës Taart hält sech just 1 Dag am Frigo.

D’Taart soll eigentlech Raumtemperatur hunn, also et muss en dorunner denken se virdrun aus dem Frigo ze huelen.

Pimm's

Et ass Summer an England – déi perfekt Zäit fir en äiskale Pimm’s. E Limonad-Cocktail op Gin Basis mat engem Stéck Cornichon, Zitroun, Orange, Äerdbieren a Menthe – et ass einfach de Summer an engem Glas. Fauschtregel: Een Deel Pimm’s op 3 Deeler Limonad.

Preparatioun: 5 Minutten – 4 Persounen– séier an einfach

200ml Pimm's Nr.1
600ml Limonad
100g Äerdbier
¼ frësch Cornichon, a Scheiwe geschnidden
½ Orange, a Wierfele geschnidden
½ gréng Zitroun a Wierfel geschidden
E Grapp voll frësch Menthe
E puer Äiswierfelen

De Pimm’s an d’Limonad an eng grouss Caraffe ginn an all d’Ingredientën dra ginn a mëschen.

TIP: Dir kënnt d’Limonad duerch Ginger Ale ersetzen.