Episod 9 - Indian

Indëscht Iessen ass e Must an England an iwwerall ze fannen. Eng Rees fir all Gomm!

Chicken Tikka Masala

Dat hei ass wuel de bekannteste Curry an England. Ob Dir et gleeft oder net, awer all 7te Curry, den an England verkaf gëtt, ass Chicken Tikka Masala – also kee Wonner datt et mëttlerweil als typescht Nationalplat betruecht gëtt.



• 4 Persounen • Virbereedung 30 Minutten • Marinéieren 2-8 Stonnen • Kachen 45 Minutten • e bëssen Aarbecht.

4 Hinger Brëschtecher

Fir d’Marinade:
1 TL Kümmel
2 Knuewelekszéiwen
3 cm frësche Gingembre
1 frësch rout Chili
1 TL Garam Masala (indesch Gewierzmëschung)
1 TL gereecherte Paprikapolver
1 TL Salz
150 ml Joghurt
Saaft vun enger halwer Zitroun

Fir d’Sauce
2 Ënnen
5 cm frësche Gingembre
1 EL Kokosraspelen
2 EL gemuele Mandelen
2 EL Sonneblummenueleg
2 TL Garam Masala
½ TL Kurkumapolver
400g gehackten Tomaten ( aus der Dous)
½ TL brongen Zocker
250 ml Pouletsfong
150 ml Rahm
Zitrounejus fir ze wierzen
Korianderblieder

Fir d’éischt gëtt d’Marinade preparéiert. De Kümmel an enger fettfräier Pan réischteren bis se brong ginn. Uschléissend an de Mixer ginn. De Knuewelek an den Gingembre schielen. Déi gréng Still vun der Chili ewechhuelen an zesumme mat dem Knuewelek an de Mixer ginn a püréieren.

De Poulet wäschen, dréchnen an iwwert d’Kräiz aritzen. An eng flaach Schossel maachen, a mat der Marinade bedecken an d’Fleesch gutt mat der Marinade areiwen. Ofdecken a mindestens 2 bis 8 Stonne kal stellen.

Wann de Poulet marinéiert ass, gëtt d’Sauce preparéiert. D’Kokosraspelen an d’Mandelen an enger fettfräier Pan réischteren. Soubal se donkel ginn a unfänken ze richen, vun der Kachplaque erofhuelen an op d’Säit stellen.

D’Ënnen an de Gingembre schielen an am Mixer kleng maachen. Den Ueleg an enger grousser Pan hëtzen, d’Gewierzer an d’Zwiwwel-Gingembre-Mëschung op mëttlerer Hëtzt 5 Minutten ubroden. D’Tomaten, den Zocker an d’Salz dobäi ginn a weider 5 Minutte goe loossen.
Den Uewen op der héchster Positioun virhëtzen. De marinéierte Poulet op e Bakblech leeën an 12 Minutte grillen, bis d’Fleesch liicht gebroden ass. Dotëscht eng Kéier ëmdréinen.

De Pouletsfong waarm maachen, an d’Sauce ginn an 12 Minutte goe loossen. D’Kokosraspelen an d’Mandelen dobäi ginn a réieren.

De Poulet a grouss Stécker schneiden an d’Tomatensacuce leeën an 10 Minutte kache loossen. D’Rahm drënner maachen a liicht waarm maachen. D’Sauce no Wonsch mat Zitrounejus wierzen.

De Curry mat Coriander bestreeën, mat Basmatiräis an Naanbrout zervéieren.

Lentil Dhal

E gudde Lentil Dhal gehéiert einfach bei d’Indesch Kichen dobäi. Dëse Lënsebulli ass extrem cremeg well e mat Kokosmëllech gemat gëtt. D’Anne preparéiert sech ëmmer gären eng grouss Portioun am Viraus, fréiert en dann an, so kann een sech ëmmer e Lentil Dhal zervéieren wann e grad Loscht drop huet.

15 Minutte Preparatioun – Kachen 20 Minutten – Fir 4 Persounen – Einfach

2 Ënnen
1 frësch rout Chili
5 EL Sonneblummenueleg
1 ½ EL Kümmel
1 TL frësch gemuelenen Gingembre
1 TL Kurkuma (no Wonsch)
2 TL Garam Masala
250 g rout Lënsen
1 TL Salz
400 ml Kokosmëllech
2 Tomaten
Koriander

D’Ënne schielen. Eng Ënn kleng schneiden, déi aner an der Mëtt duerchschneiden an a kleng Rondele schneiden. De Still vun der Chili ewechhuelen an d’Chili och kleng schneiden.

1 EL Ueleg an en Dëppe ginn an erhëtzen. Déi geschnidden Ënnen dobäiginn, den Chili, 1 EL Kümmel an de Gingembre während 5 Minutten dënsten bis d’Ënne glaseg sinn. De Kurkuma an de Garam Masala dobäi ginn an eng weider Minutt goe loossen.

D’Lënsen, d’Salz, d’Kokosmëllech an 300 ml Waasser dobäiginn an opkachen. D’Plaque méi kleng dréinen a 15 Minutte goe loossen.

Vun den Tomaten de Still ewechhuelen, graff schneiden a bei d’Lënse ginn. Weider 5 Minutte goe loossen bis d’Lënse gutt sinn.

Mëttlerweil, de Rescht vum Sonneblummenueleg (also 4 Läffelen) an eng Pan ginn. Den ½ EL Kümmel an d’Rondele vun der Ënn op mëttlerer Hëtzt fritéiere loossen, bis se gutt knuspereg sinn.

Dëse Lënseplat mat den Ënnen garnéieren a mat Naan-Brout oder Räis zerwéieren

Samosas

D’Samosas sinn dacks an engem décke, fettegen Deeg agepakt wat se super schwéier mécht Déi heite si komplett de Géigendeel , kleng fäin Päkelcher aus engem hauchdënne Filodeeg. Sou steet net den Deeg mä och d’Fëllung am Mëttelpunkt. E fantasteschen Indësche Snack.

Preparatioun: 45 Minutten – Kachen: 10 Minutten – Uwen: 12 Minutten – Fir 18 Stéck– e wéineg opwenneg

250 g Gromperen
1 kleng Ënn
1 EL Sonneblummenueleg
1 gepressten Knuewelekszéif
1 TL frësch gerapptenen Gingembre
1 TL Garam Masala
1 TL Kümmel
½ TL Moschterkären
1 TL gedrëschent Chiliflocken
70 g gefrueren Iertzen
12 Blieder Filodeeg
120 g geschmoltene Botter
Schwarze Sesam
Salz
Mango Chutney fir ze zerwéieren

D’Grompere schielen an an ½ cm kleng Wierfele schneiden an op d’Säit stellen.
D’Ënne schielen, kleng schneiden a mat dem Ueleg an enger Pan ubrode bis se duerchsiichteg sinn.
Den Knuewelek an de Gingembre dobäi ginn an 1 weider Minutt goe loossen. De Garam Masala, de Kümmel, d’Moschterkären an d’Chiliflocken dra ginn a gutt vermëschen.

D’Gromperen dobäi ginn am mat 400 ml Waasser opgéissen. Opkache loossen a fir 5 Minutte goe loossen. Dann déi gefrueren Iertzen dobäi ginn, salzen a weider 5 Minutte kache loossen, bis déi ganz Flëssegkeet agekacht ass. Vun der Plaque erofhuelen.

Den Uewen op 200°C Umluft hëtzen.

De Filodeeg der Längt no an 3 Sträife schneiden. 2 Sträifen dovunner si fir direkt ze gebrauchen. De Rescht an eng Klarsichfolie apaken an mat engem fiichten Kichenduch zoudecken, sou datt den Deeg net drëschne kann.

Déi éischt Sträif mat der schmueler Säit no ënnen viru sech leeën a mat geschmoltenem Botter besträichen. Déi zweet Sträif au déi éischt leeën an och Botter drop maachen.

1 EL Gromperefëllung an d’Mëtt vum ënneschten Deel vun der Sträif ginn, dobäi 2 cm Rand loossen. De rietsen Eck vum Deeg diagonal op de lénksen ieweschten Eck iwwer d’Farce falen so datt d’Farce agepakt ass an en Dräieck ensteet. Nach eng Kéier längs der ierweschter Kant vum Dräieck falen. Alles weider no uewen zesummefalen, bis op de Schluss vun der Sträif.

De fäerdegen Dräieck mat Botter areiwen a Sesam driwwer maachen.

Op e Bakblech leeën an de Rescht vun der Samosas maachen.

12 Minutten an den Uewe stellen bis d’Samosas gëlle giel sinn.

Mat Mango Chutney zerwéieren.