Episod 10 - Sweets

An England sinn Desserten oft keng liicht Affaire.

Apple Cinnamon Syllabub



Wou d’Anne fir d’éischt vun dësem Dessert héieren huet, huet et misse laachen – wat fir e komeschen Numm fir sou e gudden Dessert. Dëst ass e ganz almoudeschen Dessert, dee bis an d’16. Joerhonnert zeréckgeet an et erënnert een e bëssen un e Sabayon – awer ouni Eeër. Lëfteg, séiss, mat Schlagsahn déi mat Wäin verfeinert ass an dat op Äppel a mat knusteregen Ingwerkichelcher

Preparatioun: 30min – Virbereedung: 15 Minutten – Fir 4 Leit - Einfach

Fir de Kompott
4 Jonagold Äppel
4 EL Äppeljus
6 TL Zocker
1 TL Zëmt

Fir d’Crème
30g Zocker
1 Pak Vanillszocker oder 1TL Vanillsaroma
100ml séisse Wäin( Muscat, Sauternes)
200ml Klappschmannt

4 Ingwerkichelcher oder Spekulatius

Fir d’éischt gëtt de Kompott gemat. D’Äppel schielen, de Batz eraushuelen, a véier schneiden an a kleng Wierfele schneiden. D’Äppel, de Jus den Zocker an den Zëmt an en Dëppe maachen an 10 Minutte kache loossen, bis d’Äppel mëllt sinn awer net verkacht sinn. De Kompott kal gi loossen.

Den Zocker, den Vanillszocker an de Wäin an engem klengen Dëppen opkachen, 5 Minutte laang zu engem Sirop kache loossen, vun der Plaque erofhuelen an ofkille loossen.

Wann de Kompott an de Wäisirop kal sinn, kann den Dessert fäerdeg gemat ginn. D’Klappschmannt steif schloen, de Wäinsirop drënner hiewen an alles zu enger liichter Crème vermëschen.

De Kompott a Glieser gnn an e bësse Klapptschmannt drop ginn.

Den Dessert kann een dann an de Frigo stellen, hällt sech en Dag oder soll direkt zerwéiert ginn.

Ier een den Dessert zerwéiert soll een d’Kicheler zergrimmelen an driwwer ginn.

Cherry Apple Crumble with Marzipan

Waarm Friichten mat Streisel iwwerbak, eppes méi gemittleches kann een sech net während de kale Wanterdeeg virstellen. Bei dësem Crumbel vermëscht sech dat Sauert mat Séissem an Haferflocken suerge fir de richtege Bëss. Aplaz vu Kiichten an Äppel sinn och all méiglech Variatiounen denkbar.

Preparatioun: 20 Minutten – Uewen: 40 Minutten – Fir 4 Leit – Einfach

Fir d’Fëllung
3 Äppel (Braeburn)
350g Kiischten aus der Dous
80g Zocker
Jus  vun enger ½ Zitroun
1 EL Miel

Fir de Streisel:
80g kale Botter
50g Miel
75g Marzipan
50g Haferflocken

D’Äppel schielen, de Batz eraushuelen an a mondgerecht Stécker schneiden. D’Äppel an d’Kiischten an engem Schossel maachen, mat Zocker an Zitrounejus vermëschen an op d’Säit stellen.

Den Uewen op 180°C Umluft firhëtzen.

Dir de Streisel de Botter a kleng Wierfele schneiden an an eng Schossel ginn. D’Miel dobäi maachen an alles mat den Hänn vermëschen an zu kleng Streisele verschaffen. De Marzipan a kleng Wierfele schneiden a mat den Haferflocken an déi selwescht Schossel ginn an zu grimmeleschem Streisel vermëschen.

D’Flëssegkeet vun den Äppel an de Kichten ofdrëppse loossen an d’Friichten mat engem EL Miel vermëschen. A 4 feierfest Schësselcher verdeelen. De Streisel driwwer ginn.

Fir 40 Minutten an de Schäffche stellen.

Mat Vanillssauce oder Vanillsglace zerwéieren.

Chocolate Mousse

Dëst Rezept krut d’Anne vum Edouard Speck, deen hatt an enge vu sengem Indiereese kennegeléiert huet. Eng Woch laang huet hat e Film iwwert hien gemat an huet sech all Owend eng wonnerbar Mousse au Chocolat gegënnt.

Preparatioun: 20 Minutten – Frigo 3 Stonnen – Fir 6 Leit – Einfach

40g Botter
250g Mëllechschokla
6 Eeër an 2 Eewäis
E bësse Salz

De Botter an de Schokla an en Dëppe ginn a schmëlze loossen. Et dierf een hei awer net ophalen déi ganzen Zäit ze réieren. An eng grouss Schossel schëdden an ofkille loossen.

D’Eeër trennen an d’Eegiel no an no an de geschmoltene Schokla ginn, dobäi kräfteg réieren fir dann d’Eegiel net gerënnt.

D’Eewäiss an eng separat Schossel ginn, e bësse Salz dobäi ginn a steif schloen.

E Läffel Schnéi an de Schokla ginn an réieren, sou datt de Schokla nees eppes méi flësseg gëtt. De Rescht vum Schnéi an 3 deelen a mat engem Kachläffel virsichteg drënner mëschen. D’Mousse soll eng liicht Konsistenz hunn, also net ze staark réieren.

Put the egg whites into a separate bowl, add a pinch of salt and beat with an electric whisk until really stiff.

Wann de Schnéi verschafft ass, d’Mousse a kleng Schësselcher fëllen, mat Folie ofdecken an mindestens 3 Stonnen an de Frigo stellen.

Sticky Toffee Pudding

An England gëtt et quasi keng Dessertskaart wou net de Sticky Toffee Pudding dropsteet. Dëse Kuch mat Dattelen ass en extrem schwéieren a séissen Dessert.

Fir 10 Persounen • Preparatioun 35 Minutten • Uewen 45 Minutten • Einfach

225g gedrëschent Dattelen (ouni Steng)
175ml kachend Waasser
1 TL Vanillaroma
85g Botter
140g Zocker
2 Eeër
1 EL Melasse/Zuckerrübensyrup)
175g Miel
2 ½ TL Backpulver
1 TL Soda (Natron)
100ml Mëllech

Fir d’Karamelsauce:
175g brongen Zocker
50g Botter
225ml Rahm
1 EL Melasse/Zuckerrübensyrup)
Vanillsglace fir ze zerwéieren

D’Dattelen an eng Schossel ginn, kachend Waasser driwwerschëdden, an de Vanillsaroma dobäi maachen. 30 Minutten zéie loossen.

Während dem gëtt den Deeg preparéiert. De Botter an den Zocker mat engem Mixer schaumeg schloen. D’Eeër an de Sirop dobäi ginn a weiderklappen.

D’Miel, de Backpulver, an de Natron an enger getrenntener Schossel mëschen. D’Halschent vum Miel mat engem Läffel ënnert de Botter mëschen. Dann déi Halschent vun der Mëllech och drënner mëschen. Dann de Rescht vum Miel an der Mëllech drënner mëschen.

Den Uewen op 180°C Umluft firhëtzen.

Wann d’Dattele mëll sinn, mat der Flëssegkeet am Mixer zu Purée verschaffen an ënnert den Deeg mëschen. Den Deeg an eng gefetten Form ginn a 45 cm bake loosen.

An der Tëschenzäit gëtt d’Karamellsauce virbereed. Den Zocker, de Botter, de Siro an d’Halschent vun der Rahm an eng Schossel ginn an opkachen. Net vergiessen ze réieren. Wann den Zocker sech opléisst da fir 2-3 Minutte weidergoe loossen.

Vun der Plaque erofhuelen an de Rescht vun der Rahm aréieren.

De Kuch aus dem Uewen huelen a 5 Minutten ofkillen loossen. A Carréë schneiden a mat der Karamellsauce berspinselen. Vanillsglae doäi zerwéieren.