Episod 11 - Chinese

Et gëtt eng sëllechen asiatesch Platen déi een och zu London genéisse kann.

Salt and Pepper Tofu



Déi chinesesch Kichen huet flott Entréen: e vum Anne senge Favoritte ass den Tofu. Et ass einfach virzebereeden an eegent sech perfekt fir Partyen. Am beschten hëllt een Seidentofu, well d’Textur vill méi mëll ass wéi beim normalen Tofu.

Preparatioun 10 Minutten – Virbereeden 6-10 Minutten – 4 kleng Portiounen – Séier an einfach

500g Seiden tofu oder normalen Tofu
5 Fréijoerszwiwwelen
1 rouden Chilli
2 Knuewelekszéiwen
60g Maizena
1 EL Salz
1 EL schwaarze Peffer
Sonneblummenueleg fir ze frittéieren
1 EL Sesamueleg
1 TL frësch geriwwenen Ingwer
Soja Sauce fir ze zerwéieren

Preparatioun:

Den Tofu ganz virsiichteg mat Kichpabeier dréche maachen an a mondgerecht Stécker schneiden.

D’Zwiwwelen botzen an a Rëndelcher schneiden. D’Kären aus dem Chili huelen a kleng schneiden. De Knuewelek schielen, pressen an op d’Säit stellen.

De Maizena op e flaachen Teller ginn, Salz a Peffer dobäi ginn. Den Tofu am Maizena dréinen.

De Buedem vun enger Pan mat Sonneblummenueleg bedecken a bei mëttlerer Hëtzt wiermen. Den Tofu an dem waarmen Ueleg 5 Minutte broden, dobäi heiansdo dréinen, bis den Tofu gëllen a knuspereg ass. De fäerdegen Tofu op Kichepabeier ofdrëpse loossen.

D’Fett aus de Pan ofschëdden an de Sesamueleg an d’Pan ginn. Bei mëttlerer Hëtzt, d’Zwiwwelen, den Chili, de Knuewelek an den Ingwer 1 Minutt dënsten, bis d’Zwiwwelen mëll sinn. D’Temperatur erofsetzen an den Tofu an d’Pan ginn, mat der Chili-Mëschung vermëschen an op en Teller maachen.

Mat Sojasauce zerwéieren.

Beijing Dumplings

D’Anne huet e richtege Faible fir déi chinesesch Dim Sumen. Ganz egal ob gedëmpt oder gebroden, et ass einfach nëmme verréckt no dëse klenge Köstlechkeeten. D’Deegtäschen sinn immenz flott, awer och extrem schwéier an opwenneg ze maachen- sou huet d’Anne op alle Fall bis elo geduecht.

35 Stéck • Preparatioun 1Stonn • Dëmpen 7 Minutte pro Portioun • E klengen Effort

100g Poretten
250g Schwéngsgehacktes
1 1⁄2 TL frëschen Ingwer
1 EL chinesesche Kachwäin
1 TL Olivenueleg
1 EL Sesamueleg
1 EL hell Sojasauce
1⁄2 TL donkel Sojasauce
1⁄4 TL Salz
2 EL Gefliggelbouillon
35 entdeeten Wan-Tan Blieder
Chineseschen Chilliueleg fir ze zerwéieren

Preparatioun:

D’Poretten a kleng fein Réng schneiden an mat all den aneren Ingredientën (ausser de Wan-Tan Blieder) an eng Schossel ginn an zu enger Farce vermëschen.

Pro Wan-Tan Blat 1 TL Gehacktes an d’Mëtt vum Blat ginn. Den Zeigefanger an d’Waasser zappen an d’Halschent vun engem Balt fiicht maachen.

De Rand de Längt no eropklappen, sou datt d’Fëllung ofgedeckt ass an d’Form vun enger Deegtäsch kritt. Den Dim Sum an déi zwou Hänn huelen a mat de Fangeren de Rand festdrécken. Déi fäerdeg Deegtäschen op e Blech mat Miel leeën.

Fir ze Dëmpen e Stéck Bakpabeier op d’Gréisst vun engem Bambus-Kuerf schneiden an dohinner leeën. E puer Täschen dropleeën an de Bambus-Kuerf an engem groussen Dëppen op grousst Feier stellen. Kachend Waasser an d’Dëppe schëdden. De Niveau vum Waasser muss ënnert den Täschen sinn, well si sollen jo gedëmpt ginn an net gekacht. De Bambus-Kuerf ofdecken a 7 Minutten dëmpe loossen.

D Virgang mat den restch vun den Täsche maachen.

Den Chiliueleg mat den Dim Sum zerwéieren.

Dandan Noodles

All Kéier wann d’Anne an Chintown ass, bestell et sech en Teller vun dësen herrlech schaarfe Nuddelen. Dëse chinesesche Plat ass fir d’Anne déi asiatesch Versioun vun der Spaghetti Bolognese.

4 Persounen • Preparatioun 30 Minutten • Einfach

2 Pak Choi
600g frësch asiatesch Eeërnuddelen

Fir d’Sauce:
120ml Gefliggelbouillon
4 EL Sojasauce
1 EL Kakahuette Botter
2 EL Balsamico Esseg
2-4 EL Chilliueleg
4 TL Sesamueleg
2 TL Zocker

Fir d’Fleesch:
6 Fréijoerszwiwwelen
2 EL Ueleg
4 gepressten Knuewelekszéiwen
2 fësch geriwwenen Ingwer
500g Rëndsgehacktes
2 EL Räiswäin oder dréchne Sherry

Preparatioun:

All d’Ingredientën fir d’Sauce an enger Schossel mëschen an op d’Säit stellen.

D’Zwiwwele botzen an a Rëndelcher schneiden.

De Ueleg an enger Pan wiermen, d’Zwiwwelen, de Knuewelek an den Ingwer dobäi ginn an 1 Minutt ubroden. D’Gehacktes dobäi ginn a 5 Minutten ubrode loossen (réieren), bis d’Fleesch brong a knausereg ass.

Mam Räiswäin oder mam Sherry läschen.

An der Tëschezäit an engem Dëppen, Salzwaasser opkachen. De Pak Choi wäschen, a 5 cm grouss Stécker schneiden an 1 Minutt kachen. Mam Schaumläffel eraushuelen an op d’Säit stellen.
D’Kachplaque ausmaachen an d’Nuddelen e puer Minutten am waarme Waasser zéie loossen, bis se duerch sinn.

D’Sauce an engem Dëppen wiermen.

D’Nuddelen oschëdden, an eng Schësselche maachen an d’Sauce driwwer maachen. Mat dem Gehacktes a Pak Choi dekoréieren.

TIPP: Aplaz vu frëschen asiatesche Nuddelen kënnt Dir och 250 g dreschen Eeërnuddelen huelen.