Saison 2: Episod 3 - Barcelona (2)

D'kulinaresch Aventure zu Barcelona geet weider. Des Kéier entdeckt hatt Spuenesch Produiten an enger traditioneller Epicerie, an et ësst Fedua.

Dem Anne seng kulinaresch Aventure zu Barcelona geet weider. Des Kéier entdecken hatt Spuenesch Produiten an enger traditioneller Epicerie, an et ësst Fedua – eng Zort Catalonesch Paëlla.

Doheem gëtt en erfrëschenden Melounengazpacho a Churros mat engem Whisky Dip préparéiert.

Melounegazpacho



Fir 4 Persounen – Préparatioun 20 Minutten – Ofkillen 1 Stonn – Einfach

16g Wäissbrout, ouni Kuuscht
1 Hunneg-Meloun
½ Cornichon
80 ml Olivenueleg
2 ½ EL Äppelesseg
½ TL Salz
2-4 Scheiwe Serranoham
Bratzele fir ze décoréieren

D’Brout an eng Schossel ginn a mat kalem Waasser bedecken.

D’Meloun an der Mëtt duerchschneiden, d’Kären eraushuelen, an 8 Stécker schneiden, schielen an 1 Stéck Meloun op d’Säit leeën. Déi 7 aner Stécker a Wierfele schneiden an an de Mixer ginn.

D’Cornichon schielen, der Längt no opschneiden an d’Kären eraushuelen. A Stécker schneiden, an de Mixer ginn an zesumme mat der Meloun zerklengeren.

D’Waasser aus dem Brout pressen an d’Brout, den Olivenueleg, den Esseg an d’Salz an de Mixer ginn. Zu engem crèmesche Gazpacho zerklengeren.

De Gazpacho an eng Schossel maachen a mindestens eng 1 Stonn virum zerwéieren kal stellen.

Dat Stéck Meloun wat Dir op d’Säit geluecht hutt an 1 cm kleng Wierfele schneiden, an eng Schossel ginn, mat Klarsichtfolie ofdecken a bis zum Gebrauch kal stellen.

Fir ze zerwéieren, d’Melounswierfelen op 4 Zoppentelleren (Schësselcher) opdeelen an de Gazpacho driwwerschëdden. D’Ham a Stécker zupfen an op de Gazpacho leeën. D’Bratzele kleng schneiden an iwwert de Gazpacho steeën.

Kriibsen Empanadas

Fir 15 Stéck – Préparatioun 1 Stonn – Einfach

1 Dous Kriibsefleesch (120g, ofgeschott)
½ rout Chili
¼ rout Zwiwwel
2 EL frëscht Péiterséileg, gehaakt
¼ TL Salz
Peffer
1 EL Zitrounejus
E bëssen ofgeriwwen Bio Zitrouneschuelen
300g Bliederdeeg
1 Eegiel

Den Uewen op 200°C Ëmloft hëtzen. D’Kriibsefleesch ofschëdden an an eng Schossel maachen.
Den Chili an der Längt opschneiden, d’Kären eraushuelen a kleng haken. D’Zwiwwel schielen an och fäin haken. Den Chili an d’Zwiwwel bei d’Kriibsefleesch ginn. De Péiterséileg, d’Salz, de Peffer, den Zitrounejus an d’Zitrouneschuelen dobäiginn an alles gutt vermëschen.

De Bliederdeeg op eng Plaz déi mat Miel ageriwwen ass leeën an ausrullen, mat engem Glas Kreeser vu 7 cm Duerchmiesser erausstiechen. All Krees noch eemol mat den Nuddelholz bësse platt drécken.

1 TL Kriibsemass op eng Halschent vun engem Krees ginn, déi aner Halschent driwwerfalen. De Bord liicht ufiichten a mat enger Forschette festdrécken. De Rescht vun den Empanadas och esou virbereeden.

D’Eegiel liicht réieren an d’Empanadas mat engem Pinsel besträichen.

D’Empanadas fir 12 Minutten am Uewe baken. Dann op e Kichegitter leeën a virum d’Zerwéieren 5 Minutten ofkille loossen.

Churros mat Whisky-Karamell-Sauce

Fir 40 Stéck – Préparatioun 1h15 – E bëssen opwenneg

Fir d’Churros:
50g Botter
E bësse Salz
½ TL Vanillsmuerch oder Vanillspasta
75g Miel
¼ TL Bakpolver
2 Eeër, verquirlt
1l Sonneblummenueleg

Fir den Zëmtzocker:
70g Zocker
½ TL Zëmt

Fir d’Whiskysauche:
10g Botter
65g brongen Zocker
2 EL Ram
2 EL Whisky

Fir d’éischt gëtt de Branddeeg preparéiert: De Botter an eng Prise Salz an en Dëppe ginn. 165 ml kachend Waasser dobäi ginn an alle opkache, bis de Botter komplett geschmolt ass.
D’Temperatur reduzéieren an d’Vanille, d’Miel an de Bakpolver drënnerréieren. 1 Minutt laang alles kräfteg réieren, so datt sech den Deeg um Rand vum Dëppen léist a sech u enger Kugel formt.

D’Dëppen vun der Kachplaque erofhuelen an déi 2 Eeër noeneen drënnerréieren. Fir d’éischt geséit et sou aus, wéi wann sech d’Ingredientë net géife matenee vermëschen, ma wann Dir laang genuch réiert, gëtt den Deeg gutt seimeg. Den Deeg 10 Minutte laang roue loossen.

Fir den Zëmtzocker, den Zëmt an den Zocker op engem Teller vermëschen.

Fir d’Whiskysauce, de Botter, de brongen Zocker an 1 EL Ram an e klengt Dëppe ginn an op niddereger Hëtz andeems ee gutt réiert zum schmëlze bréngen.

No 3 Minutten de Whisky aréieren, opkachen na den 2. EL Ram drënner réieren. 2 Minutte laang kache loossen, vun der Kachplaque erofhuelen an an eng Sauce-Schossel fëllen.
De Branddeeg an engem Sprëtzsak mat enger Stäeren Tülle fëllen. (Wann Dir d’Churros net direkt bake wëllt, kënnt Dir se och fir e puer Stonne bei Zëmmertemperatur am Sprëtzsak loossen. Dir musst nëmmen d’Öffnung vum Sprëtzsak zoumaachen an d’Tülle mat Klarsichfolie apaken, fir datt den Deeg net ausdréchent. ) Den Ueleg am Wok oder an engem groussen Dëppen hëtzen. Fir ze Testen op den Ueleg déi richteg Temperatur huet, e bëssen Deeg an d’Fett ginn. Wann den Deeg dann ufänkt mat brutzelen ass den Ueleg waarm genuch an Dir kënnt Är Churros baken.

5 cm laang Deegwurschten an das waarmt Fett sprëtzen a mat jeeweils enger Schéier ofschneiden. Ni méi wéi 12 Churros zäitgläich am Fett ausbaken, well soss d’Dëppen ze voll gëtt an d’Churros unenee pechen. D’Churros ca. 4 Minutte fritéieren, bis se gëlle brong sinn. Dobäi soll een se heiansdo dréinen.

D’Churros mat engem Schaumläffel aus de Fett huelen, op Kichepabeier ofdrëpse loossen an am Zëmtzocker dréinen.