Saison 2: Episod 4 - Istanbul / East meets West

Dem Anne seng Rees féiert et dës Kéier op Istanbul, eng vun den exoteschsten Plazen vun der Welt.

Bulgur-Kräiderzalot



Fir 4 Persounen – Zéie loossen 50 Minutten – Preparatioun 35 Minutten – Einfach – Vegetaresch

140 g Bulgur
300 ml waarme Geméisbouillon
50 g Pistazien
1 Zwiwwel
1 EL Olivenueleg
¼ TL Salz
½ TL Kümmel
3 Hänn voll frësche grousse Péiterséileg
3 Hänn voll frësche Koriander
3 Hänn voll frëscher Mënz
½ rouden Chili
90 ml Olivenueleg
Jus vun enger ½ Zitroun
100g Käre vun engem Granatapel
100g Feta
Salz a Peffer

De Bulgur an eng grouss Schossel ginn , de gliddege Bouillon driwwer schëdden, ofdecken a 50 Minutten zéie loossen. No 50 Minutten de Bulgur mëschen. D’Pistazien an enger Pan fettfräi réischteren an bei der Bulgur ginn.

D’Zwiwwel schielen, an der Mëtt duerchschneiden an a kleng Scheiwe schneiden. 1 EL Olivenueleg an enger Pan wiermen an d’Zwiwwel 5 Minutte laang glaseg dënsten. No 2 Minutten d’Salz an de Kümmel dobäi ginn. Wann d’Zwiwwele glaseg sinn bei de Bulgur ginn.

De Péiterséileg, de Koriander, d’Mënz, den Chili mat 90 ml Olivenueleg an e Mixer ginn a kleng maachen. Dës Kräidermëschung an den Zitrounjus mat dem Bulgur mëschen. D’Käre vun dem Granatapel bäiginn an de Feta iwwert d’Zalot grimmelen. Wann néideg mat Salz a Peffer nowierzen.

Börek mat Muerten, Feta a Mënz

Fir 18 Stéck – Préparatioun 1h10 – E bësse méi schwéier – Vegetaresch

150 g Muerten
1 Schallotte
1 EL Sonneblummenueleg
200g Feta
4 EL frësch Mënz, gehaakt
9 Filodeegblieder
Sonneblummenueleg fir de ze broden
Huneg
Salz a Peffer

D’Muerte schielen a rappen. D’Schallotte schielen a kleng haken.

1 EL Sonneblummenueleg an enger Pan hëtzen an d’Schallotten 2 Minutten dënsten. D’Muerten an 2 EL Waasser dobäi ginn a 4 Minutte weider goe loossen, bis d’Muerte mëll sinn. Mat Salz a Peffer wierzen.

D’Muertemëschung an eng Schossel ginn an 10 Minutten ofkille loossen. De Feta zerbröselen, d’Mënz dobäi ginn an alles gutt vermëschen.

D’Filoblieder ausrullen, diagonal an 2 Dräiecker schneiden, mat Klarsichtfolie zoudecken a mat engem fiichten Handduch ofdecken, sou datt se net dréche ginn.

En Dräieck viru sech leeën, sou datt d’Spëtzt an Är Direktioun weist. 3 TL Muerten der Längt no op d’Mëtt vun der ënnerschter Halschent leeën an op all Säit e Rand vu 4 cm loossen. D’Ränner eraklappen an zu der Spëtzt hin oprullen. D’Spëtzt mat e bësse Waasser naass maachen a fäerdeg oprullen.

Déi gerullte Böreks op en Teller wou Miel drop ass oder Bakpabeier leeën a mat Klarsichtfolie ofdecken, bis all d’Deegrullen fäerdeg sinn.

Genuch Sonneblummenueleg an d’Pan ginn, sou datt de Buedem gutt bedeckt ass. Den Ueleg hëtzen a lues a lues all d’Böreks gëllebrong broden.

Déi gebrode Böreks op Kichepabeier leeën an ofdrëpse loossen. E puer Drëpsen Huneg op d’Böreks maachen an zerwéieren.

Tierkesch Pizza

12 Stéck fir 4-6 Persounen – Preparatioun 1h20 – E bëssen opwenneg

Fir den Deeg:
380 g Miel
4 TL Bakpolver
½ TL Salz
350 g Yoghurt
Olivenueleg fir anzefetten

Wat dropkënnt:
2 TL Koriandersom
2 TL Kümmelsom
1 rout Zwiwwel
1 Knuewelekszéif
1 EL Olivenueleg
200 g Schofsgehacktes
1 EL Tomatepüree
1 EL zerklengerte Péiterséileg
½ TL Salz
1 TL gedréchent Mënz
1 rout Chili
Frësch Mënz fir ze dekoréieren
Zitrouneschuel fir ze garnéieren
Chiliflacken fir ze garnéieren

All d’Ingredienten fir den Deeg an eng Schossel maachen, mat engem Läffel mëschen a kuerz mat den Hänn zu engem Deeg knieden. Den Deeg wäert relativ peschech sinn, also net ze vill knieden.

Den Deeg kuerz aus der Schossel huelen, d’Schossel mat Olivenueleg gutt afetten an den Deeg nees zeréck an d’Schossel leeën. Op mannst 15 Minutten op d’Säit stellen.

Fir de Belag, de Koriandersom mat engem Mörser kleng maachen a mat dem Kümmelsom an enger Pan 1 Minutt fettfräi reecheren. D’Gewierzer an eng separat grouss Schossel maachen.

D’Zwiwwel an de Knuewelek schielen a kleng schneiden. 1 EL Olivenueleg an der selweschter Pan wiermen an de Knuewelek wéi och d’Zwiwwel 2 Minutte laang dënsten. Vun der Kachplaque erofhuelen an op d’Säit stellen.

D’Gehacktes bei d’Gewierzer ginn, den Tomatepüree, de Péiterséileg, d’Salz an d’Mënz dobäiginn a vermëschen.

Den Chili botzen, d’Kären eraushuelen, kleng schneiden a bei d’Gehacktes ginn. Den Zwiwwel-Knueweleks-Mix och bei d’Gehacktes ginn an alles gutt vermëschen.

Den Deeg a 4 Portiounen, den éischten Deel op eng Aarbechtsfläch leeën déi mat Miel ageriwwen ass. Den Deeg zu enger Wurscht rullen an an 3 gläich grouss Stécker schneiden. Dat éischt Stéck am Miel gutt dréinen a mat den Hänn platt drécken an auserneen zéien. Wann den Deeg nach ze vill peschech ass, nach eng Kéier am Miel dréinen. Déi nächst 2 Stécker Deeg och esou virgoen.

D’Pan déi och scho fir d’Zwiwwele benotzt ginn ass hëtzen an déi 3 Stécker Deeg draleeën. All Stéck mat 1 EL Fleesch fëllen an 2-3 Minutte bake loossen, sou datt de Buedem vum Deeg schéi gëlle brong ass.

Déi Lahmacunen op e Bakblech mat Bakpabeier leeën.

Den Uewen op “Grille” stellen an op héchster Positioun hëtzen.

Wann all d’Lahmacunen an der Pan gebak sinn, de Blech mat den éischte Portiounen 3-4 Minutte ënnert de Grill maachen, bis d’Gehacktes duerch ass an den Deeg gëlle brong ass.

Op d’Lahmacunen e bëssen Olivenueleg an Zitrounejus maachen mat mat frëschen Péiterséileg, Mënz, Chiliflacken a Salz bestreeën.