Saison 2: Episod 5 - Ottoman Cuisine

Dem Anne seng Rees féiert et dës Kéier op Istanbul, eng vun den exoteschsten Plazen vun der Welt.

Tierkesch Joghurt Zopp



Fir 4 Persounen – Preparatioun 30 Minutten – Séier an einfach

60 g Räis
10 g Botter
1 l Gefliggel-Bouillo
500 g griichesche Joghurt
2 Eegiel
2 EL Miel
1 TL Mënz, gedréchent
Salz

De Räis wäschen. De Botter an engem groussen Dëppen hëtzen an de Räis 30 Sekonnen dëmpen. De Bouillon dobäiginn an opkache loossen. D’Dëppen ofdecken a bei mëttlerer Hëtzt 15 Minutte goe loossen, bis de Räis fäerdeg ass.

An der Tëschenzäit de Joghurt, d’Eegiel an d’Miel vermëschen. Wann de Räis fäerdeg ass, de Joghurt mam Eegiel dran dobäiginn.

D’Zopp nees wiermen sou datt se liicht kach. D’Mënz drënnerréieren an no Wonsch nach mat Salz wierzen. Direkt zerwéieren.

Döner Kebab mat Poulet

Fir 4 Persoune – Preparatioun 1 Stonn – Marinéieren 24 Stonnen + 15 Minutte roue loossen - Einfach

Fir d’Marinade:
1 Knuewelekszéif
2 EL Olivenueleg
½ TL Chiliflakken
½ TL gemuele Korianderkären
½ TL Zëmtpolver
1 TL Paprikapolver
1 TL gedréchenten Oregano
1 TL Salz
Saaft an ofgeriwwe Schuel vun enger ½ Zitroun

6 Pouletsstrëmpelen ouni Schanken

Fir d’Dill-Mayonnaise:
4 ½ EL griichesche Joghurt
3 EL Mayonnaise
½ EL Dëll
1 kleng rout Zwiebel
2 Tomaten
4 Pitas
E puer Blieder Iceberg-Zalot

En Dag virdrun d’Fleesch marinéieren. De Knuewelek schielen a pressen. Alle d’Ingredientën fir d’Marinade an enger grousser Schossel vermëschen, d’Strëmpelen draleeën a gutt mat der Marinade areiwen. D’Schossel mat Klarischtfolie ofdecken a mindestens 4, am beschten awer eng Nuecht duerch, marinéiere loossen

Den Dag drop, den Uewen op 200 °C op Ober- an Unterhitze virhëtzen. Déi 6 Strëmpelen op 2 parallel geluechte Metallspiissecher opspiissen a gutt unenanerdrécken, sou datt e grousse Kebab entsteet.
De Pouletskebab op de Grill am Uewe leeën an e Blech drënner maachen fir dat de Blech de Jus kann opsammelen. De Spiiss 45 Minutte broden an no der Halschent vun der Zäit dréinen.
Fir d’Mayonnaise, all d’Ingredientën an enger Schossel mëschen an d’Mayonnaise bis se gebraucht gëtt, kill stellen.

Wann de Poulet duerch ass, aus dem Uewen hueen, mat Folie ofdecken a 15 Minutte laang roue loossen ier een d’Fleesch zerdeelt ka ginn.

D’Zwiwwel an d’Tomaten a Scheiwe schneiden. D’Pitaën an de Mëtt duerchschneidne an an der Mikrowelle 30 Sekonne laang erhëtzen. D’Pita-Täschen opmaachen a mat d’Zalot, Tomaten an Zwiwwele fëllen. DFleesch an dënn Sträife schneiden an d’Pitaën domatter fëllen. Den Döner Kebab mat der Dëll Mayonnaise liicht driwwermaachen

Schoko-Friichten-Trüffel

Fir 30 Praline – Preparatioun 30 Minutten – Killen 2 Stonne – Einfach

100g net gesalzten Pistazien, geschielt
50 blanchéiert ganz Mandelen
½ TL Zëmt
100 g gedréchent Dattelen, ouni Steng
200 g gedréchent Figuen
30 g Orangeat
2 TL Rousewaasser
2 EL flëssegen Hunneg
Kakaopolver

D’Pistazien an d’Mandelen an e Mixer ginn an zerklengeren, awer net muelen.

D’Mëschung an eng Schossel ginn a mat dem Zëmt vermëschen.

D’Dattelen an d’Figuen graff schneiden a mat Orangeat, Rousewaasser an Hunneg an de Mixer ginn. Zu enger klenge Pâte zerklengeren.

D’Pâte aus de friichten bei d’Nëss ginn a mat engem Läffel vermëschen. Dann nach eng Kéier mat den Hänn gutt vermëschen.

E Blat Bakpabeier op engem Briet ausleeën. Kugelen déi ongeféier d’Gréisst vun enger Kiischt hunn aus dem Deeg formen an op de Bakpabeier leeën.

Déi fäerdeg Kugelen mat Klarsichtfolie ofdecken an op mannst 2 Stonne kal stellen.

Virum Zerwéieren am Kakaopolver dréinen, sou datt d’Trüffelen ronderëm voller Schockla sinn.
D’Trüffelen halen sech ongeféier 2 Wochen am Frigo.