Saison 3: Episode 1 - Musée Rural Peppange

Am 1. Episode entdeckt Dir zesumme mam Anne de Musée Rural vu Peppeng! Ausserdem ginn och 3 lëtzebuergesch Klassiker gekacht, natierlech mat engem "Twist".

Judd mat Gaardeboune Cannelloni

Préparatioun: 1 Stonn 30 Min – Baken: 30 Min – Fir 8 Persounen – E bëssen opwenneg

Fir d’Cannelloniën:
1 Ënn
1 Iessläffel Sonnenblummenueleg
400g gefruere Saubounen
450g gekachtenen Judd
½ Bond platte Péiterséileg, geschnidden
4 Kaffisläffel Bounekraitchen
500g frësch Lasagneblieder

Fir d’Béchamel:
90g Botter
90g Miel
750ml Mëllech
200ml wäisse Wäin
350ml Ram
1 ½ Kaffisläffel Salz
150g Berdorfer Roude Bouf Kéis, gerappt

D’Ënn schielen an haken. De Sonnenblummenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Ziwwel fir 4 Minutten ubroden bis dass se mëll ass.

En Dëppen mat gesalzenem Waasser opsetzen an zum kachen bréngen, d’Saubounen fir 5 Minutten kache bis se mëll sinn. Ofschëdden an an e Kichemixer ginn.

De Judd a kleng Stécker schneiden an an den Kichemixer, mat der gekachtener Zwiwwel, dem Péiterséileg an dem Bounekraitchen ginn an zur enger graffer Mass mixen.

Fir d’Béchamelzoos: De Botter an engem Dëppen schmëlze loossen, d’Miel dozou ginn a bei mëttlerer Hëtzt fir e puer Minutten ubroden, bis dass d’Mëschung ufänkt brong ze ginn. No an no d’Mëllech dozou ginn a konstant réieren, nees fir eng Minutt opkache loossen, sou dass d’Zoos déckst.

De Wäin an dono d’Ram no an no dobäi ginn a mat Salz wierzen. Vun der Kachplack huelen an en Deckel op Dëppen man.

En Dëppen mat gesalztem Waasser opsetzen a zum kachen bréngen. Kuerz d’Lasagneblieder am d’waarmt Waasser ginn, eent no anerem. No e puer Sekonnen d’Blieder eraushuelen, sou dass se e bësse méi mëll gi sinn. An e Sift ginn an op d’Säit stellen.

Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

De Bueden vun enger agefettener Keramik Bakform mat Béchamel besträichen. D’Lasagneblieder kräizweis a véier schneiden, sou dass 4 Cannelloniblieder entstinn. Wann d’Blieder zesummepechen, kann een se am kale Waasser trennen.

Een Iessläffel vun der Judd mat Gaardeboune Fëllung op en Enn vun engem Cannellonibliedchen ginn an et oprullen. D’Cannelloni op d’Béchamel an d’Form leen. Widderhuelen bis dass d’Form gefëllt ass.

Eng Schicht Béchamel op d’Cannellonien ginn, dann eng nei Schicht Cannellonien drop ginn, erëm Béchamel drop schëdden a gerapptene Kéis driwwer streeën. Deemno ewéi grouss d’Bakfrom ass, muss een der zwou benotzen.

Fir 30 Minutten am virgewiermtenen Uewen baken, bis dass den Kéis gëllen ass an d’Béchamel Blose mécht.

Duo vu Bliederdeeg-Schnecken

Préparatioun: 20 Min – Killen: 30 Min – Baken: 15 Min– Mécht 100 Stéck - Einfach

2 x 230g Bliederdeeg
1 Iessläffel Moschter
1 Träip
120g mëlle Geessekéis mat Kraider

Een Bliederdeeg ausrullen an de Moschter drop sträichen.

Träip a Stécker schneiden an mat enger Forschette zerdrécken, dono iwwert dem Moschter, bis un de Rand, verdeelen

Den Bliederdeeg kräizweis a 4 Stécker schneiden. All Stéck oprullen.

Déi 4 Träiperullen op en Teller leeën a fir 30 Minutten an den Tiefkühler stellen, fir dass se haart ginn. *

An der Tëschenzäit, den zweeten Bliederdeeg ausrullen a mat dem Geessekéis besträichen. Den Bliederdeeg an 4 schneiden an d’selwescht oprullen wei d’Träiperullen. An den Tiefkühler fir 30 Minutte leeën.

Den Uewen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

Déi haart Träipenrullen aus dem Tiefkühler huelen an an ½ cm déck Stécker schneiden. D’Endstecker vun der Rull sinn zimlech huel, dofir kann een déi lescht 2 Schnecken zu enger schéiner Rull verschaffen, andeems een dat lescht Stéck an dat zweetlescht huelt Stéck drastécht.

D’Schnecken op e Bakblech mat Bakpabeier leeën an am firgehëtzten Uewe fir 15 Minutte baken. Dat selwecht mat den Geesekéisrullen maachen.

D’Bliederdeegschnecken direkt aus dem Uewen zerwéieren, dass se nach waarm sinn.

* Et kann een d’Bliederdeegrullen lo och ganz afréieren. E puer Stonnen virum Baken am Frigo entdeeë loossen, sou dass se awer nach haart genuch si fir ze schneiden.

Choufleur Flammkuchen

Préparatioun: 1 Stonn – Mécht 2 Taarten vun ongeféier 25 cm – Einfach

Fir d’Choufleur Basis:
1 Choufleur (em déi 800g, getrimmt)
100g gemuele Mandelen
2 Eeër
Sonnenblummenueleg, fir anzefetten

Fir de Belag:
180g Sauer Ram
½ Ënn
60g Bio-Haff Baltes Routgewäschene Kéis der Munster
60g Speck Wierfelen
Salz an Peffer

Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

D’Blieder vum Choufleur ewechmaachen an de Choufleur a kleng Stécker schneiden. An engem Kichenmixer zerklengeren, bis dass en ewéi Couscouskären ausgesäit.

Den Choufleur an eng Schossel leeën a fir 5 Minutte bei 800W an der Mikrowell erhëtzen.

De waarme Choufleur an e proppert Kichenduch tippen a fir 5 Minutten ofkille loossen.

D’Kichenduch ëm de Choufleur wéckelen an souvill wéi méiglech Flëssegkeet erauspressen, dono zeréck an d’Schossel ginn.

D’Mandelen an d’Eeër bei de Choufleur ginn a mat Salz a Peffer mëschen.

Zwee Bakblecher mat Bakpabeier beleeën a mat Sonnenblummenueleg afetten.

D’Choufleur Mëschung op déi zwee Bakblecher verdeelen. Mat den Hänn en 1cm décken Disk vun ongeféier 25cm formen.

Am firgehëtzten Uewen fir 25 Minutte baken.

An der Tëschenzäit, d’sauer Ram mat Salz a Peffer ofschmaachen. Eng Ënn schielen an a reng Scheiwe schneiden. De Kéis a Cube schneiden.

No 25 Minutten, d’Choufleur Basis aus dem Uewen huelen. Mat sauer Ram beschmieren a mat Zwiwwelen, Kéis a Speckwierfele garnéieren.

Fir 10 Minutten am Uewen baken fir dass de Kéis schmëlzt.

Mat enger grénger Zalot zerwéieren.

TIP:

  • Wann ee keng Mikrowell huet, da kann een dee Schrëtt iwwersprangen an de réien zerklengerte Choufleur benotzen. Et soll een dann awer d’Basis 10 Minutten méi laang baken, also am ganze 35 Minutten. D’Taart wäert méi fiicht sinn, well de Choufleur saï Waasser am Uewen verléiere wäert.
  • Fir ene vegetaresche Flammkuchen, d’Speckwierfele mat gereechertem Scamorza Kéis ersetzen.