Saison 3: Episode 2 - Mëllerdall

Dës Woch geet d’Anne an den Oste vum Land, wou si zu Iechternach bei der Sprangprëssioun matspréngt. Dono geet et an de Mëllerdall an an d'Kichen!

Brennesselzopp vum "De Grénge Schapp"

Préparatioun: 45 Minutten – Fir 4 Persounen – Einfach

1 Ënn
1 kléng Porett
1 Fenchel
400g jonk Gromperen
30g Botter
2 Knuewelekszéiwen
4 hännvoll gewäschte Brennesselen
1 Iessläffelen Bounekraitchen
1.2l Waasser
4 Mettwurschten
Ram, fir ze zerwéieren
Salz a Peffer

D’Ënn schielen an a kleng schneiden. D’Porett trimmen, längsleg opschneiden, a Scheiwe schneiden a wäschen. De Fenchel trimmen an a kléng Cube schneiden.

D’Gromeperen wäschen an a kléng Cuben schneiden. Op d’Säit stellen.

De Botter an engem groussen Dëppen erhëtzen, d’Ënn mat e bësse Salz fir 5 Minutten mëll broden. D’Porett an de Fenchel dozou ginn a fir e puer Minutte uschweessen.

D’Knueweleckszéiwen schielen a pressen, an am Dëppen fir e puer Minutten kachen.

D‘Brennesselen grob haken an am Dëppen uschweessen.

D’Bounekraitchen, d’Gromperen an d’Waasser mat e bëssen Salz dozou ginn. Ofdecken an zum kache bréngen, da fir 20 Minutten lues goe loossen, bis dass Gromperen duerch sinn.

An där Zäit, d’Mettwurschten längsleg opschneiden an an enger Pan ubroden. Op e Schneidbried leeën an se an mondgerecht Stécker schneiden. Op d’Säit stellen.

D’Mettwursch an Zopp ginn wann se bis fäerdeg fir ze zerwéieren ass, a mat Salz an Peffer ofschmaachen.

All Portioun Zopp mat e bëssen Ram zerwéieren.

TIP: Brennessele fënnt een net am Supermarché, dofir soll een se mat Gaardenhändchen am Bësch sammelen. D’Brennesselsaison ass vun Abrëll bis Juli. Am beschten ass et déi jonk Brennesselen ze plécken, déi nach kee Som op sech hunn.
Doheem soll een d’Brennesselen mat genuch Waasser wäschen. Wann se bis ganz naass sinn missten se net méi picken. D’Stängelen erofmaachen a just d’Blieder benotzen. (Fir dëst Rezept brauch ee 4 generéis hännvoll Brennesselen)

Wann ee keng Brennesselen wëll plécken kann een och Spinat Blieder benotzen, oder Gaardebounen, esou gëtt et eng Bouneschlupp.

Chicons Tarte Tatin

Préparatioun: 20 Min – Killen: 30 Min – Baken: 15 Min– Mécht 100 Stéck - Einfach

30cm Quiche Form – Préparatioun: 1 Stonn 10 Minutten – Fir 4 Persounen - Einfach

2 Ënnen
3 Stängelen frëschen Thym
5 Chiconen
80g Botter
45g Zocker
200g Feta
20g Pinienkären
230g gerullten Bliederdeeg
Salz a Peffer

Den Uewen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

D’Ënnen schielen an a kleng Scheiwe schneiden. D’Chiconen längsleg opschneiden, ënnen ofschneiden an den dräieckegen Kär eraushuelen – dëst ass dat wat den Chicorée sou batter mécht. Op d’Säit stellen. D’Thymblieder vun de Stängelen erofhuelen an op d’Säit stellen.

De Botter an enger Pan erhëtzen an d’Ënne fir 10 Minutten mëll broden. 1 Iessläffel Zocker dobäi ginn an fir weider 5 Minutten broden. Déi ugebroden Ënnen eraus huelen an op d’Säit stellen.

Den Rescht Zocker an d’Pan ginn a bei mëttlerer Hëtzt schmëlzen loossen, d’Pan vun Zäit zur Zäit hin an hier schwänken, mee den Zocker net verréieren. Wann den Zocker bis ufänkt goldeg ze ginn, 40g Botter dobäi ginn. Den Caramel verréieren bis dass e geschmeideg ass.

Den Caramel an eng 30 cm Quiche Form ginn, e bëssen Salz driwwer streeën, d’Thymianblieder an d’Pinienkären dobäi ginn. D’Chiconshalschenten den ëmgedréintene Wee op de Caramel leeën.

D’Ënnen iwwert de Chicon verdeelen an ¾ vum Feta drop bröselen.

De Bliederdeeg uewen driwwer leeën, woubäi een de Rand an d’Form stécht a mat enger Forschette e puer Mol an den Deeg stécht.

Am virgehëtzen Uewen fir 30 Minuten baken.

D’Tarte Tatin aus dem Uewen huelen, op en Zerwéierteller ëmdréinen, mat dem Rëscht Feta bestreeën a mat Salz a Peffer wierzen.

Mat enger grénger Zalot zerwéieren.

Mettwurscht Muffins

Préparatioun: 45 Minutten – Mécht 54 mini Muffins oder 9 normal Muffins - Einfach

3 Eeër
100ml Mëllech
50ml Olivenueleg
180g Miel
2 Kaffisläffelen Bakpolver
150g Berdorfer Roude Bouf Kéis (Cheddar oder Gruyère)
1 frësch Mettwurscht
Salz a Peffer

Den Uewen op 180°C Ëmloft hëtzen.

An enger Schossel, d’Eeër an den Olivenueleg vermëschen.

An enger anerer Schossel d’Miel, de Bakpolver, d’Salz an de Peffer vermëschen an zur Eeërmëschung ginn.

Den Kéis rappen an bei den Deeg ginn.

D’Mettwurscht längsweis opschneiden, d’Fleesch mat engem Läffel erauskrazen. D’Fleesch bei den Deeg ginn a mëschen.

D’Muffinform afetten an den Deeg an d’Lächer afëllen.

Déi kleng Muffins fir 12 Minutten oder déi normal Muffins fir 20 Minutte baken.

Se schmaachen am beschten wa se nach waarm sinn.

TIP: Et kann een och geschnidde Salami amplaz vun der Mettwurscht benotzen, gereecherten Fësch oder als vegetaresch Optioun mat geschnidden Oliven a gedréchenten Tomaten.