Saison 3: Episode 3 - Baken

Mir kréie gewise wéi een eng Rieslings-Paschtéitche mat engem indeschen Twist mécht a wéi een e Bamkuch doheem maache kann.

Curry 'Rieslingspaschtéit'

Préparatioun: 2h 30mins + iwwert Nuecht marinéieren – Mécht 24 ronn Rieslingspaschtéiten

Fir den Deeg:
600g Miel
300g Botter
15g Salz
70ml wodelecht d’Waasser
1 Ee

Fir d’Fëllung:
600g Gehacktes vum Kallef
200g kleng geschnidde Kalleffleesch
50ml Riesling oder Elbling
2 Iessläffelen Mango Chutney
2 ½ Kaffisläffel Currypudder
½ Kaffisläffel Kräizkümmelsoom
15g Salz
1 Schallott
1 Bond Koriander
1 Ee

2 Eegiel, vermëscht
1 Iessläffel Mëllech

Fir de Jelli:
2 Tiitercher fäerdegen Fleeschjellipudder (Sülze) fir 2.5dl
250ml Riesling oder Elbling
250ml Waasser
2 Iessläffel Mango Chutney

Den éischten Dag gëtt als éischt den Deeg preparéiert: D’Miel an de Botter mixen. Salz am wodeleche Waasser opléisen a mat den Eeër zu der Bottermëschung ginn. Zu engem glaten Deeg vermëschen. Den Deeg an zwou Scheiwe formen, mat Plastikfolie awéckelen an iwwert d’Nuecht an de Frigo leeën.

D’Fleesch an e Plastikkontainer leeën. Wäisswäin, Mango Chutney, Currypudder, Kräizkümmelsom a Salz dobäi ginn. Gutt vermëschen, zoudecken an iwwert d’Nuecht an de Frigo leeën.

Den nächsten Dag, de kalen Deeg eng Stonn virum Ausrullen aus dem Frigo huelen.

D’Schallott schielen a reng schneiden. De Bond Koriander reng schneiden a mat der Schallott an dem Ee bei d’marinéiert Fleesch ginn. Gutt vermëschen.

D’Eegiel mat engem Iessläffel Mëllech an engem kléngen Glas vermëschen.

D’Lächer vun enger Muffinform afetten a Stécker Bakpabeier op de Bueden vun de Lächer leeën – esou ass et dono méi einfach d’Rieslingspaschtéiten erauszehuelen.

Den Uewen op 160°C Ëmloft erhëtzen.

Den Deeg auspaken an op eng Arbechtsfläch mat Miel leeën. Bis zu 3mm dënn ausrullen.

24 Deegdisken ausstiechen, déi grouss genuch si fir d’Muffinlächer opzefëllen. All Muffinlach mat Deeg andecken, se mat den Hänn andrécken esou dass se um Bueden peche bleiwen.

All Muffinlach mat der Fleeschfëllung fëllen.

24 Scheiwen ausschneiden vun ongeféier 8 cm déi als Deckel benotzt ginn. Lächer mat engem Äppelentkärer an der Mëtt vun den Scheiwen ausstiechen.

Den Deeg-Rand mat der Eeër-Mëllech-Mëschung apinselen, dann d’Deegdeckelen op d’Müffinlächer leeën. D’Säiten mat de Fangeren oder enger Forschette zesummendrécken, esou dass se gutt fest halen. D’Uewerfläch mat der Eeër-Mëllech-Mëschung apinselen.

D’Rieslingspaschtéiten am firgehëtzten Uewen fir 45 Minutte baken.

Just ier d’Rieslingspaschtéiten fäerdeg gebak sinn gëtt de Wäisswäinjell preparéiert. De fäerdege Fleeschjellpudder an en Dëppen ginn a mat 250ml kachendem Waasser, 250ml Riesling oder Elbling an dem Mango Chutney opkache loossen. Verréieren bis dass de Pudder ganz opgeléist ass. D’Flëssegkeet an e klenge Krou schëdden.

D’Muffinformen mat de Rieslingspaschtéiten op eng Hierchten stellen. Wann déi kléng Lächer an der Mëtt vun den Paschtéiten verstoppt sinn, kann ee se mat engem klenge Läffel botzen, esou dass een d’gekachtee Fleesch dra gesäit.

E bësse Jelli an all Lach schëdden bis dass d‘Lächer opgefëllt sinn. De Jelli zitt lues a lues an d’Paschtéit an, dofier no e puer Minutten d’Lach mat méi Jelli opfëllen.

D’Paschtéite ganz ofkille loossen esou dass den Jelli fest gëtt (dat dauert e puer Stonnen)an se ofgekillt aus der Muffinform huelen. An Aluolie awéckelen an se an de Frigo leeën.

D’Rieslingspaschtéiten hale sech am Frigo bis zu enger Woch.

Baamkuch

Préparatioun: 1 Stonn 15 Minutten – Fir 1 rechteckeg Kuchform vu 25x20cm – Mécht ongeféier 48 kleng Quadrater

250g Botter, mëll + extra fir anzefetten
6 Eeër
1 Prise Salz
250g Zocker
1 Tiitchen Vanillzocker
5 Iessläffelen Rum
200g Miel
50g Maizena
2 Kaffisläffele Bakpolver

Fir d’Schichten:
1 ½ Iessläffelen Zocker
75ml Waasser
1 ½ Iessläffele Rum
3 Iessläffelen Abrikosen Gebeess

Fir d’Glasur:
180g Pudderzocker
2 Iessläffele Rum
2 Iessläffele Waaser

Eng 25 x 20cm Kuchform anfetten an de Buedem mat engem Stéck Bakpabeier beleeën.

4 Eeër trennen, d ‘Eewäiss an eng grouss Schossel an d ‘Eegiel an eng kleng Schossel ginn.

E bëssen Salz bei d ‘Eewäiss ginn a steif schloen.

An enger grousser Schossel, de Botter, Zocker a Vanillzocker vermëschen. Déi 4 Eegiel dobäiginn a vermëschen, dann déi 2 ganz Eeër dobäi ginn a vermëschen. De Rum dobäi schëdden a vermëschen.

An enger anerer Schossel, d’Miel, de Maizena an d’Baakpolver vermëschen. Lues a lues d’Mielmëschung an d’Bottermëschung ginn a vermëschen.

Dat steift Eewäiss drënnerhiewen bis dass e glaten Deeg entsteet.

Den Uewen op 180°C Ëmloft hëtzen.

Eng dënn Schicht Deeg ënnen an der Kuchform verdeelen a fir 4 Minutten am Uewe bake bis dass den Deeg fest ginn ass.

An där Zäit, 1 ½ Iessläffel Zocker, 75ml Waasser an 1 ½ Iessläffel Rum an e klengt Dëppe ginn an erhëtzen bis dass den Zocker sech opgeléist huet.

D’Aprikose Gebeess an engem aneren Dëppen erhëtzen, bis dass et leefeg gëtt.

D’Kuchform aus dem Uewen huelen a mat engem Bunsenbrenner d’Uewerfläch ubrennen. Aprikosen Gebeess dorop verdeelen, dann eng néi Schicht Deeg driwwer ginn. De Kuch fir weider 4 Minutte bake bis dass den Deeg fest ass.

Wann déi zweet Schicht gebak ass, d’Uewerfläch erëm mam Bunsenbrenner ubrennen, dann e bësse Rumsirop mat engem Läffel driwwer verdeelen – dëst muss gläichméisseg verdeelt ginn, fir dass net zevill Flëssegkeet iwwert de Kuch geschott gëtt.

Eng néi Schicht Deeg iwwert de Kuch ginn, fir 4 Minutten an den Uewen ginn, mam Bunsenbrenner ubrennen an d’Aprikose Gebeess dorop verdeelen. Dëse Prozess widderhuelen bis dass den ganzen Deeg opgebraucht ass – dobäi ëmmer tëschent dem Aprikose Gebeess an dem Rumsirop ofwiesselen.

Déi läscht Schicht Deeg fir 10 Minutten baken, esou dass de Kuch vollstänneg gebak ass. Aus dem Uewen huelen, mam Bunsenbrenner ubrennen, mee kee Sirop oder Gebeess méi drop man.

De Kuch fir 15 Minutten an der Form ofkille loossen. De Kuch op eng Hiertchen leeën a komplett ofkillen loossen.

Wann de Kuch bis kal ass, kann d’Glasur preparéiert ginn andeems all d’Ingredientën zesumme gemëscht ginn. Iwwert de Kuch sträichen a waarde bis dass se fest gëtt.

Wann d’Glasur bis fest ass, de Kuch a Quadrater schneiden an zerwéieren.

Den Kuch hält sech an enger Folie bis zu 4 Deeg.

TIP:
Wann een de Kuch net mam Bunsenbrenner maache wëll, kann een den Uewen op ‘Grill‘ astellen. All Deeg-Schicht fir 3 Minutten ënnert dem Grill bake bis dass d’Uewerfläch brong ass. Mat Sirop an Gebeess ofwiesselnd ewéi am Rezept beschichten. Zum Schluss, den Uewen op 180°C hëtzen an de Kuch fir 10-15 Minutte baken, esou dass den Kuch ganz duerch ass.