Saison 3: Episode 4 - Portugisesch

An dëser Episode ginn et Mini Bacalhau Bouchéen, gréng Gromperenzalot mat engem Wupp an Pasteis de Nata mat Äppelkompott.

Gréng Gromperenzalot mat Wierschtercher

Préparatioun: 1 Stonn + ofkillen – Fir 4 Persounen – Einfach

800g festkachend Gromperen
3 Cornichonen
3 Kaffisläffelen Kaperen
1 Schallott
½ Bond Péiterséileg
½ Bond Kierwel
1 Bond Estragon
2 Eegiel
2 Kaffisläffel Moschter + extra fir ze zerwéieren
200ml Sonnenblummenueleg
1 Kaffisläffel Wäisswäinesseg
Salz a Peffer
8 kléng Wierschtercher oder 4 Grousser
Knausereg frittéiert Zwiwwelen, fir ze zerwéieren
Moschter, fir ze zerwéieren

Als éischt gëtt d’Gromperenzalot preparéiert. D’Grompere wäschen an an en Dëppen mat gesalzenem Waasser leeën. Zoudecken, zum kache bréngen a fir 25 Minutte kachen bis se mëll sinn.

D’Gromperen ofschëdden a mat kalem Waasser ofschrecken. D’Grompere schielen, wa se nach waarm sinn, se a Stécker schneiden an an eng Schossel ginn. Komplett ofkille loossen.

D’Cornichonen an d’Kaperen kleng schneiden an an eng Schossel ginn. D’Schallott schielen a reng haken an an d’Schossel ginn.

Fir d’Mayonnaise, d’Eegiel an de Moschter an eng Schossel ginn a mat engem elektresche Schnéibiesem verréieren. Lues, no an no de Sonnenblummenueleg dobäi ginn an zu enger Mayonnaise montéieren. Mat Esseg, Salz an Peffer ofschmaachen.

All d’Kraider an en Mixer ginn an kleng haken. D’Mayonnaise an de Mixer ginn an alles gutt vermixen.

D’Mayonnaise bei d’Gromperen ginn an alles vermëschen. Mat Salz a Peffer wierzen.

En Dëppen mat kachendem Waasser erhëtzen. Vun der Plaque erofhuelen an d’Wierschtecher fir 5 Minutten draleeën fir dass se waarm ginn.

D’Gromperenzalot op 4 Teller verdeelen, mat knauserege frittéierten Zwiwwelen bestreeën, mat 2 Wierschtercher an engem Flapp Moschter zerwéieren.

Mini Bacalhau Paschtéiten

Préparatioun: 1Stonn 15 Minutten + iwwert d’Nuecht aleeën – Mécht 60 Stéck– Einfach

200g gedréchente Bacalhau, a Stécker
200ml Mëllech
100ml Ram
2 Fréijoerszwiwwelen
30g Botter
25g Miel
60ml Wäisswäin
Salz a Peffer
50g Berdorfer roude Bouf, Cheddar oder Gruyère, gerappt
60 mini Paschtéiten
Geschniddene Péiterséileg, fir ze bestreeën

Als éischt gëtt de Bacalhau den Dag virdrun preparéiert: de gedréchente Fësch an eng grousser Tupperware mat Waasser leeën. Zoudecken a fir 12 Stonnen an de Frigo stellen, d’Waasser soll 2 Mol gewiesselt ginn.

No 12 Stonnen, d’Waasser vum Bacalhau ofschëdden. D’Mëllech an d’Ram an engem Dëppen bis bal zum Opkachen erhëtzen. De Bacalhau fir 15 Minutten dozou ginn, a liicht kachen, esou dass en mëll gëtt an zerfält.

De Fëscht duerch e Sifft schëdden an d’Flëssegkeet opfänken. Den Fësch mat enger Forschette tripsen an op d’Säit stellen fir ofzekillen.

D’Fréijoerszwiwwele kleng schneiden.

Botter an dem Dëppen vum pochéierte Fësch erhëtzen, d’Fréijoerszwiwwelen fir e puer Minuten ubrooden. D’Miel dobäi ginn an op mëttlerer Hëtzt fir e puer Minutte kachen, esou dass se ufänke goldeg ze ginn.

No an no d’Halschent vun der Flëssegkeet vum Fësch dobäi ginn, woubäi ee konstant dra réiere soll an ëmmer bis zur 1 Minutte waarde soll bis ee méi draschëtt, fir dass eng glat an déck Zooss entsteet. Wann d’Zooss bis fäerdeg ass, de getripste Fësch dobäi ginn a mat Salz a Peffer wierzen.

De Grill am Uewen op héchst Stuf astellen.

Eng Sprëtztut mat der Béchamel befëllen. D’Paschtéiten op e Bakblech stellen.

All Paschtéit mat Béchamel fëllen. D’Paschtéite mat Kéis garnéieren an ënnert de Grill stellen. D’Paschtéite esou laang grille bis dass de Kéis brong gëtt. Virum zerwéieren, d’Paschtéite mat gehaaktem Péiterséileg bestreeën.
D’Paschtéite wodelech zerwéieren.

Äppel Pasteis de Nata

Préparatioun: 50 Minutten + 1 Stonn ofkillen – Mécht 10 Stéck

2 Eegiel
35g Zocker
1 Kaffisläffel Vanillzocker
1 Iessläffel Maizena
1 Vanillsstang
100ml Mëllech
100ml Ram

Botter, fir d’Form anzefetten
230g Bliederdeeg
2 Iessläffel Pudderzocker
1 kléngt Glas Äppelkompott
Kanéil

Als éischt gëtt de Pudding gemaach.

D’Eegiel, den Zocker, den Vanillzocker an de Maizena an eng Schossel ginn a vermëschen.

D’Vanillsstang opschneiden, d’Kären erauskrazen an alles an en Dëppen mat der Mëllech an der Ram ginn. D’Flëssegkeet bei mëttler Hëtzt opkache bis dass se kuerz virum kachen ass. D’Vanillsstang eraushuelen.

Lues déi waarm Flëssegkeet an d’Eermëschung schëdden, dobäi ëmmer gutt verréieren, dass d’Eegiel net gekacht gëtt. Alles zesummen zeréck an d’Dëppen schëdden a bei mëttler Hëtzt kachen, ëmmer dobäi réieren, esou dass et ufänkt ze décksen.

De Pudding an eng Schossel ginn a fir 1 Stonn ofkille loossen.

No 1 Stonn, den Uewen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

D’Muffinform afetten.

De Bliederdeeg ausrullen a mat 2 Ieesläffele Pudderzocker iwwert de ganzen Deeg streeën. De Bliederdeeg zesummerullen an an 10 Scheiwe schneiden.

D’Bliederdeegscheiwen den emgedréinte Wee op e Stéck Bakpabeier leeën, sou dass d’Spiral no uewen kuckt. En anert Stéck Bakpabeier drop leeën an zu enger Scheif ausrullen déi grouss genuch ass dass se an d’Muffinform passt. Déi 10 Scheiwen an d’Muffinform leeën a mat enger Forschett op den Bueden vum Deeg picken.

1 Kaffisläffel Äppelkompott op all d’Bliederdeeg ginn, mat Pudding opfëllen, esou dass nach 1 cm Rand uewe bleift well de Pudding am Uewen immens opgeet.

Am Uewen fir 25 Minutte baken. D’Pasteis aus der Muffinform huelen an op enger Hiertchen ofkille loossen.

Wa se kal sinn mat Kanéil bestreeën.