Saison 3: Episode 5 - Musel

Dës Woch geet et op d'Musel an op d'Marie-Astrid. Dobäi ginn et Fëschpanecher a Gléckwäffelcher.

Gereechert Forellepanecher

Préparatioun: 50 Minutten + 6 Stonnen ofkillen – Fir 24 Stéck - Einfach

Fir d’Panecher:
1 Ee
110ml Mëllech
45g Miel
30g Botter, geschmolt
10g Bratzelen
2 Ieesläffelen Sonneblummenueleg

Fir d’Fëllung:
125g gereechert Forell
½ Schallott
100g Crème fraîche
Zitrounejus, fir ofzeschmaachen
1 Granny Smith Apel
Kaperen, fir ze dekoréieren
Salz a Peffer

Mat de Panecher ufänken: An enger Schossel, d’Eëer mat der Mëllech, Miel a geschmolltentem Botter vermëschen. D’Bratzele kleng schneiden a bei den Deeg ginn. Mat Salz a Peffer wierzen.

Een Ieesläffel Sonneblummenueleg an enger 28 cm Pan erhëtzen, den halwen Deeg draschëdden an een Panech fir ongeféier 2 Minutten baken. Emdréinen an nach 1 Minutt op der anerer Säit baken.

De Panech op en Teller leeën an dat Ganzt mam restlechen Deeg widderhuelen. Déi zwee Panecher op d’Säit stellen während d’Forellefëllung gemaach gëtt.

D’Forellen no Sprenzen oftaaschten an eventuell Sprenzen raushuelen. D’Forellen a kléng Stécker schneiden an an e Kichemixer ginn.

D’Schallott schielen an kléng haken an an de Kichemixer mat der Crème fraîche, e bëssen Zitrounejus, Salz a Peffer ginn. Zur enger kompakter Mass mixen an an eng kleng Schossel fëllen.

Den Apel halbéieren an eng Halschent rappen. Déi aner Halschent a Plastikfolie awéckelen an an de Frigo leeën.

De gerapptenen Apel ënnert d’Forellenmëschung mëschen, mat Salz, Peffer an Zitrounejus wierzen.

D’Halschent vun der Forellemëschung op engem Panech verdeelen. De Panech oprullen, an enger Plastikfolie awéckelen a fir 6 Stonnen an de Frigo leeën. De Virgang mat dem anerem Panech widderhuelen.

Virum zerwéieren, déi iwweregbliwwen Apelhalschent a kléng Cuben schneiden, an e bëssen Zitrounejus driwwer traufelen. D’Panecher aus der Plastikfolie huelen an all Panech an 12 Scheiwen schneiden.

All Panechscheif mat e puer Äppelcuben an Kaperen dekoréieren an zerwéieren.

TIPS:

  • Et kinnt een dëst Rezept och mat gereechertem Saumon maachen.
  • Während der Bärlauch Saison kann een Bärlauch amplaz vun der Bratzel an d’Panecher maachen.
  • Wann et muss séier goen, kann een d’Forellemëschung och op en Toast schmieren a mat Äppelcuben a Kaperen bestreeën.

Glécks-Wäffelcher

Préparatioun: 45 Minutte + 30 Minutten ofkillen – Fir 25 Stéck

2 Eeër
85g Zocker
85g Botter, geschmolt + extra fir anzefetten
85g Miel
Salz
½ Kaffisläffel schwaarz Sesamkären (optional)
25 Pabeiermessagen, fir an de Kichelcher ze verstoppen

D’Eëer an eng Schossel ginn a mam Zocker verréieren. Den geschmolltene Botter dobäi ginn, verréieren a mam Miel, Salz a Sesamkären zu engem Deeg verréieren. Fir 30 Minutten bei Zëmmertemperatur op d’Säit stellen, sou déckst den Deeg e bëssen.

No 30 Minutten, d’Wäffelcherseisen umaachen. D’Eise mat Botter afetten, dann e Kaffisläffel Deeg an d ‘Mëtt vun dem Eisen ginn.* Zoumaachen a bis goldesch baken loossen (all Waffeleisen ass anescht, dofir kann d’Dauer vun 30 Sekonnen bis zu 2 Minutten variéieren).

Elo muss ee schnell schaffen: D’Wäffelchen eraushuelen an op eng Hiertchen leeën. Ee Pabeiermessage op d’Wäffelche leeën, schnell ëmklappen an dann dei zwee Ecker zesummefalen, esou dass et en Hallef Mound ergëtt. Et muss ganz séier gemaach ginn, well d’Wäffelchen gëtt haart a brécht soubal se ufänkt kal ze ginn.

De gefaaltene Kichelchen an eng Muffinform leeën sou dass e seng Form beim ofkillen hält. An der Form loossen bis dass se ganz ofgekillt sinn, da kënnen se an enger Këscht bis zur enger Woch gehale ginn.

*D’Breet vun engemr traditioneller Wäffelchen ass ongeféier 15cm. Well dës awer Gléckskichelcher sinn, soll een d’Wäffelcher net ze grouss maachen. Ech maachen se ongeféier 12cm breet well se da méi einfach ze fale sinn.

** Et ka gutt sinn dass ee sech seng Fangeren verbrennt wann een d’Wäffelcher formt. Dofir kann een den Daum mat Aluminiumpabeier awéckelen, sou spiert een d’Hëtzt net esou staark. Gesäit villäicht komesch aus, mee et ass immens praktesch!

TIPS:

  • Et fënnt ee vill Gléckskichelchermessagen online déi een einfach printen kann.
  • Schwaarz Sesamkären fënnt een am Asia Butték. Se sinn méi knausereg wéi déi wäiss Sesamkären mee schmaachen bal d’selwescht. Ech benotzen schwaarz Sesamkären well se farflech e schéine Kontrast zu de Kichelcher ginn. Et kann een awer selbstverständlech och wäisser benotzen fir dëst Rezept.