Saison 3: Episode 6 - Bistro

En Abléck an déi gutt Lëtzebuerger Bistros-Kultur. Et gi Wäinzoossiss en deftege Cordon Bleu!

Gromperkichelchen Cordon Bleu

Préparatioun: 20 min – Fir 2 Cordon Bleuen fir 2 Persounen - Einfach

500g mieleg Gromperen (Désirée)
½ Kaffisläffel Salz
Ueleg, fir ze broden
50g Bäerdrefer roude Bouf Kéis, gerappt
1 grouss Scheif gekachten Ham
Äppelkompott, fir ze zerwéieren
Gréng Zalot, fir ze zerwéieren

D’Gromperen schielen a reng rappen. D’Gromperen mat Salz wierzen, an e Sift ginn a souvill Flëssegkeet wei méiglech ausdrécken.

Genuch Uelech an eng Pan ginn, sou dass de Bueden vun der Pan bedeckt ass. Den Uelech an der Pan erhëtzen an 2 Ieesläffelen vun der Gromperemëschung an d’Pan ginn, zu 2 Gromperkichelcher formen an op all Säit 2-3 Minutten broden.

D’Gromperkichelcher aus der Pan huelen an op Kichenpabeier leeën fir e bësse Fett ze absorbéieren.

De Rescht vun der Mëschung zu 2 Gromperkichelcher an der Pan formen. Déi eng Säit fir 2 Minutten broden. Dann d’Gromperekichelcher emdréinen an all Gromperekichelchen mat ¼ gerapptenem Kéis, enger halwer Scheif Ham an dem Rescht Kéis beleeën, dono se mat engem fäerdeg gekachtenem Gromperkichelchen zoudecken.

Fir weider 2 Minutten broden, sou dass den Kéis schmëlzt an den Gromperkichelchen ënnen knausereg gëtt.

Direkt mat engem Flapp Äppelkompott an enger grénger Zalot zerwéieren.

Wäinzossiss Toad in the Hole

Préparatioun: 15 Minutten – Fir 4 Persounen - Einfach

4 Eeër
2 Iessläffelen Moschter mat Kären
170g Miel
170ml Mëllech
170ml Béier
1/2 Kaffisläffel Salz
Peffer
4 Iessläffelen Sonnenblummenueleg
8 Wäinzoossissen

Fir d’Moschterzoos:
1 Schallott
25g Botter
80ml Wäisswäin
200ml Ram
2 Iessläffelen Moschter mat Kären

Den Uewen op 200°C Ëmloft erhëtzen.

Als éischt gëtt den Deeg preparéiert: D’Eeër an de Moschter an eng grouss Schossel ginn a vermëschen. D’Miel dozou ginn an zu engem glaten Deeg verréieren, d’Mëllech an de Béier dozou ginn. Mat Salz a Peffer wierzen. Den Deeg fir 15 Minutten roue loossen.

Während där Zäit, 4 Iessläffelen Sonnenblummelueleg an eng Bakform ginn. D’Zoossissen an d’Ueleg leeën. Fir 10 Minutten am firgehëtzten Uewen baken, no 5 Minutten eng Kéier emdréinen.

Wann d’Zossissen no 10 Minutten fäerdeg gebak sinn, d‘Bakform aus dem Uewen huelen a séier den Deeg an d’Form schëdden an zeréck an den Uewe stellen. Fir 25 Minutten bake loossen ouni den Uewen eng Kéier op ze maachen.

Während dem den Toad in the Hole am Uewen ass, gëtt d’Moschterzoos preparéiert. D’Schalott schielen a kleng schneiden. De Botter an enger Pan erhëtzen an d’Schallott fir 4 Minutten ubroden bis das se mëll ass. Den Wäin dobäi schëdden a fir 3 Minutte kachen.

D’Ram an de Moschter verréieren an an d’Pan ginn, fir weider 3 Minutten kache loossen. D’Zoos Salz and Peffer ofschmaachen.

Den Toad in the Hole frësch aus dem Uewen zerwéieren, mat e bësse Moschterzoos driwwer.

Mat enger grénger Zalot zerwéieren.