Saison 3: Episode 7 - Süden

An dësem Episode besicht d'Anne eise Minett. Et gëtt och gekacht: e LuxemBurger, Mais Tacos an e patriotesche Vacherin.

LuxemBurger

Mécht 6 Burgeren – Preparatioun: 20 Minutten

3 Mettwurschten
350g gemëscht Gehacktes
1 Ee
3 Iessläffel Panéiermiel
2 Iessläffel Sonneblummenuelech

6 Hamburger Bréidercher
1 klengt Glas Sauerkraut
Moschter
Kachkéis am Becher
Mauséiercheszalot

D’Mettwueschten länglech opschneiden an d’Fleesch aus der Haut rauskrazen. D’Fleesch mat dem Gehacktes, Ee a Panéiermiel an eng Schossel ginn, gutt vermëschen an 6 Burger-Patties doraus formen.

2 Iessläffel Sonneblummenuelech an enger Paan erhëtzen an d’Burger-Patties 3 Minutten ubroden. Emdréinen an d’Pan mat engem Deckel zoudecken. Weider 7 Minutte broden, an d’Patties e puermol emdréinen. Checken dass d’Fleesch duerch ass an d’Patties op en Teller leeën a kuerz mat Alufolie ofdecken.

D’Bréidecher duerchschneiden a kuerz mat der opgeschniddener Säit an der Pan mam Fleeschfett ubroden.

D’Sauerkraut an der Mikrowell opwiermen.

D’Bréidechersbiëdem jeeweils mat engem Flapp Moschter besträichen, e Flapp Kachkéis dropginn an dann e Grapp Mauséiercheszalot. Mat engem Burger-Patty beleeën a mat Sauerkraut bedecken. De Bréidechersdeckel dropsetzen an zerwéieren.

Mat de Mini Gromperekichelcher zerwéieren.

Mini Gromperekichelcher

Mécht 48 Stéck – Preparatioun: 25 Minutten – Schäffchen: 20 Minutten

800g mielech Gromperen
½ Ënn
¼ Kaffisläffel Salz
Sonneblummenuelech

De Schäffchen op 200° Umluft erhëtzen.

D’Gromperen an d’Ënn schielen a reng rappen. An e Sift ginn a mam Salz vermëschen, dann souvill Flëssegkeet wéi méiglech rauspressen.

D’Lächer vun 2 Mini Muffinformen mat e bësse Sonneblummenuelech fëllen. All Lach mat der Gromperemeschung fëllen a liicht undrécken.
D’Gromperemeschung nach mat Sonneblummenuelech besträichen an da fir 20-30 Minutten baken, bis de Buedem gutt knausereg ass a se gutt aus der Form kommen.

Mais Tacos

Préparatioun: 45 Minutten– Mécht 6 Tacos- Einfach

2 Maiskolwen, réih
20g Botter, geschmolt
½ rout Enn
50g Mayonnaise
1 Kaffisläffel Sriracha Zoos
½ Limett
6 Mini Tortilla Wraps
Geschnidden Zaloteblieder, fir ze zerwéieren
100g Feta
Geschniddene Koriander, fir ze zerwéieren
Salz

De Barbecue erhëtzen.

D’Blieder vun de Maiskolwen ewechhuelen (wann der drun sinn), wäschen an ofdréchnen. All Maiskolef op e Stéck Aluminiumspabeier leeën, a mat geschmolltenem Botter areiwen. Mat Salz wierzen d’Maiskolwen am Aluminium awéckelen.

Déi agewéckelt Maiskolwen op de Barbecue leeën a fir 20 Minutten grillen, vun Zäit zur Zäit emdréinen.

Während der Zäit wou d’Maiskolwen grillen, kann een den Rescht preparéieren. D’rout Ënn kléng haken. An enger Schossel, d’Mayonnaise mat der Sriracha Zooss vermëschen.

No 20 Minutten, d’Maiskolwen vum Barbecue erofhuelen an aus dem Aluminum huelen. Zeréck op de Barbecue leeën a fir e puer Minutten grillen, vun Zäit zu Zäit emdréinen, sou dass se iwwerall Grillsträife kréien.

Eng kleng Schossel den ëmgedréintene Wee an eng grouss Schossel stellen, sou dass et wéi eng Kuppel ausgesäit. Een Maiskolwen vertikal op den Zoppenteller stellen an längslech d’Maiskären erofschneiden, esou dass de Mais an d’Schossel ënnendrënner fält. Et kann een d’Maiskolwen och vertikal op e Schneidbriet stellen an sou d’Maiskären rofschneiden, mä da kënnen d’Maiskären iwwerall hifléien.

Déi kleng Schossel aus der grousser Schossel raushuelen, an de Mais mat der geschniddener rouder Ënn vermëschen. De Jus vun enger halwer Limett mat der Sriracha Mayonnaise driwwerginn, mat Salz wierzen an alles gutt vermëschen.

D’Tortilla Wraps op de Barbecue leeën a fir e puer Sekonnen op béide Säite grillen.

D’Tortilla Wraps op en Teller leeën, mat e bëssen Zaloteblieder an der Maismëschung bedecken. De Feta driwwer bröselen a mat geschniddenem Koriander bestreeën.

Patriotesche Vacherin

Fir 1 Vacherin vun 23cm – Fir 8 Persounen – Preparatioun: 1h – Baken: 1h45min – Tiefkühler: 8h

Fir d’Meringue:
2 Eewäiss
eng Pout Salz
100g Zocker
Blo Liewensmëttelfaarf

Fir d’Vanillsglace:
2 Eeër
eng Pout Salz
1 Vanillsstaang
100g Zocker
250ml Rahm

Fir d’Äerdbiersglace:
250g Äerdbieren
125g Pudderzocker
250ml Rahm
2 Kaffisläffel Zitrounejus

Fir d’Dekoratioun:
100ml Rahm
1 Iessläffel Pudderzocker
250g Äerdbieren

Fir d’Meringue:
De Schäffchen op 120°C Ëmloft verhëtzen.

D’Eewäiss mat enger Pout Salz an eng Schossel ginn a steif schloen. No an no den Zocker dobäi ginn an ëmmer 20 Sekonnen weiderschloen éier een rëm Zocker derbäi gëtt.

Den Eeër-Schnéi mat bloer Liewensmëttelfaarf fierwen, bis en déi gewënschte Faarf huet. Et brauch een relativ vill Faarf.

Eng 23cm Springform op e Stéck Bakpabeier stellen an de bannentste Rand mat engem Bläistëft nozeechnen. De Bakpabeier op e Bakblech leeën an d’Meringue am gezeechente Krees verdeelen.

D’Meringue 1 Stonn a 45 Minutten baken an op enger Hietchen ofkillen loossen.

Wann d’Meringue ofgekillt ass, d’Springform ouni de Bouedem op d’Meringue drécken, sou dass d’Meringue zum ‘Kuchebuedem’ gëtt. Ofgebréckelt Meringuesstécker kënne fir d’Dekoratioun gehale ginn.

Fir d’Vanillsglace:
D’Eeër trennen an an zwou Schosselen ginn. Eng Pout Salz bei d’Eewäiss ginn a steif schloen.

D’Vanillsstaang längslech opschneiden an d’Kären rauskrazen. Bei d’Eegiel derbäi ginn an zesumme mam Zocker opschloen.

Den Eeër-Schnéi bei d’Eegiel an d’Schossel ginn mä nach net vermëschen.

D’Rahm zu enger Schlagsahn schloen an och bei d’Eegiel an d’Schossel ginn. Alles douce ënnerhiewen fir dass d’Crème schéi locker bleift a mësche bis keng Klompe méi an der Crème sinn.

D’Vanillscrème op der Meringue verdeelen, d’Surface mat Klarsichtfolie ofdecken a fir 4 Stonnen an den Tiefkühler stellen.

Fir d’Äerdbiersglace:
Wann d’Vanillsglace bis gefruer ass, kann een d’Äerdbiersglace maachen.

D’Äerdbiere wäschen, d‘Gréngs ofschneiden an zesumme mam Pudderzocker, Rahm an Zitrounejus an e Mixer ginn. Zu engem Purée mixen.

De Purée an eng Glacëmaschinn ginn a soulaang an der Glacëmaschinn loossen bis eng déck Glace entsteet.

De Vacherin aus dem Tiefkühler huelen, d’Folie rofhuelen an d’Vanillsglace mat der Äerdbiersglace bedecken. Rëm mat Klarsichtfolie ofdecken an eng weider 4 Stonnen an den Tiefkühler stellen.

Wann de Vacherin fest ass, d’Ärdbieren fir d’Dekoratioun wäschen, d‘Gréngs rofschneiden an halbéieren.

D’Rahm mam Pudderzocker zu enger Schlachsahn schloen an an en Spritzbeutel mat enger stärefërmeger Nues fëllen.

D’Springform aus dem Tiefkühler huelen an 10 Minutte bei Zëmmertemperatur opdeeë loossen. D’Springform rofhuelen an de Vacherin op e Kuchenteller stellen. Mat den Äerdbieren dekoréieren a Schlachsahn dropsprëtzen. Iwweregbliwwen Meringuesstécker driwwer streeën an direkt zerwéieren.