Saison 3: Episode 8 - Kiermes

En Tour iwwert d'Kiermes, eng lecker Schmier a ganz speziell Eisekucken.

Avocado an Eeër Schmier

Préparatioun: 50 Minutten – Fir 2 Persounen

Fir den Äerdbier Ketchup:
250g Äerdbieren
1 Schallott
60ml Wäisswäin Esseg
40g brongen Zocker
2 Kaffisläffelen Worcestershire Zoos
½ Kaffisläffel Salz
¼ Kaffisläffel Ingwerpudder
¼ Kaffisläffel geréecherten Paprikapudder
¼ Kaffisläffel Kräizkümmelpudder
¼ Kaffisläffel Chiliflacken

1 grouss zeideg Avocado oder 2 Klenger
Jus vun ½ Zitroun
4 Schweiwen Brout
Olivenuleg
2 Eer
Salz a Peffer

Als éischt gëtt den Ketchup prépareiert:
D’Äerdbiere wäschen, de Still ofschneiden an a Véierel schneiden. An en klengt Dëppen ginn.

D’Schallott schielen an kleng schneiden an bei d’Äerdbieren ginn. All d’Ingrédienten fir de Ketchup dobäi ginn, verréieren an zum Kachen bréngen. Fir 15 Minutten kache bis dass en déckflëssege Ketchup entsteet.

De Ketchup fir 10 Minutten ofkille loossen, da mat engem Handmixer püréieren. Wann een e Ketchup ouni Käre wëll, de Ketchup einfach duerch e renge Sift drécken an dann an e Gebeessglas fëllen. Ganz ofkille loossen an dann an de Frigo stellen.

Fir d’Schmier:

D’Avocado schielen an entkären. A Stécker schneiden, an eng Schossel ginn a grob mat enger Forschette zerdrécken. E bëssen Zitrounejus driwwer schëdden a mat Salz a Peffer wierzen. D’Iwwerfläch mat enger Plastikfolie ofdecken, esou dass keng Loft tëschent dem Avocado an der Folie ass.

E ronnt Lach an 2 Broutscheiwen ausstiechen – et kann een eng Kichelchersform, en Zerwéierrang oder e Glass heifir benotzen. D’Broztscheiwen mam Lach an déi 2 ganz Broutscheiwen mat Olivenuelech besträichen.

Zwou Panen erhëtzen an d’Broutschweiwen ouni Lach op enger Säit ubroden bis dass se knausereg ass. Op zwee Telleren verdeelen, mat der knausereger Säit no ënnen.

Déi zwou Broutschweiwen mat den Lächer op enger Säit ubroden. Dann emdréinen, en Ee an all Lach opbriechen, d’Pan mat engem Deckel zou maachen a vir 3 Minutten broden bis dass d’Ee duerch ass.

An där Zäit, e bëssen Äerdbier Ketchup op d’Schmieren ginn an déi zerdréckten Avocado dorop ginn.

Wann d’Ee bis färdeg ass, mat Salz a Peffer wierzen an d’Broutscheiw mam Ee op den Avocado leeën.

Direkt zerwéieren.

Zwee Eisekuchen

Préparatioun: 1 Stonn – Rouen: 1 Stonn – Mécht 10 Gaufren

Fir d’Gaufren:
3 Eeër
125ml Ram
250ml Mëllech
125g Botter, geschmolt
250g Miel
½ Kaffisläffel Salz

Fir de salzegen Topping:
1 Bond Basilikum
15g Pinienkären
½ Knuewelekszéiwen
20g Parmesan
40ml Olivenueleg + extra fir d’Tomaten
150ml Rahm
250g Kiischtentomaten
Herbes de Provence
Salz an Peffer
Sonnenblummenueleg, fir anzefetten
Parmesan, fir ze zerwéieren

Fir de séissen Topping:
Puddenzocker
Kaneil

Als éischt gëtt de Waffeldeeg preparéiert: D ‘Eeër trennen an d ‘Eewäiss mat enger Pout Salz opschloen bis dass et steif ass.

D ‘Eegiel an eng aner Schossel ginn, Rahm an Mëllech dobäi ginn an vermëschen. De geschmolltene Botter a Salz dobäi ginn a gutt vermëschen.

D’Miel an eng grouss Schossel ginn an mat den flëssegen Ingredienten gutt vermëschen.

Den Deeg op d’Säit stellen an bei Zëmmertemperatur fir 1 Stonn roue loossen.

An där Zäit, d’Toppings preparéieren:

Den Uewen op 180°C Ëmloft hëtzen. D’Tomaten an eng Bakform ginn, e bëssen Olivenueleg driwwer schëdden, mat Salz, Peffer an Herbes de Provence wierzen.

Am virgehëtzen Uewen fir 12 Minutte baken bis dass se mëll sinn. Aus dem Uewen huelen an mat Aluminuiumfolie zoudecken, esou dass se warm bleiwen an op d’Säit stellen.

Fir d’Pestoschlagsahn: De Basilikum, d’Pinienkären, de Knueweleck, Parmesan a 40ml Olivenueleg an e Mixer ginn an zu engem groben Pesto mixen. Op d’Säit stellen.

Fir de séissen Topping de Pudderzocker mat dem Kanéil vermëschen an op d’Säit stellen.

No enger Stonn, d’Gaufereisen mat e bëssen Sonnenblummenueleg afetten an erhëtzen.

Mat enger Louche e bëssen Deeg an d’Mëtt vun dem Gaufereneisen ginn, d’Maschine zou maachen an Eisekuchen baken (kann tëschent 2-5 Minutten daueren). Et kann een d’Eisen opmaachen a mat e bëssen Deeg d’Lücken opfëllen (wann der do sinn). Déi fäerdeg Gauferen op eng Hiertchten leeën. Mat dem rëscht Deeg wieder Eisekuchen ausbaken.

Wann all d’Gaufere fäerdeg sinn, d’Rahm an eng Schossel ginn a steif schloen. De Pesto drënner hiewen a mat Salz an Peffer ofschmaachen. An e Spritzbeutel mat engem Stärenopsaatz ginn an d’Pestoschlagsahn op 5 Gaufre sprëtzen, Kiischentomaten drop leeën, mat Parmesan bestreeën a mat Salz an Peffer wierzen.

Déi aner 5 Gaufren mat dem Kanéil Zocker bestreeën an zerwéieren.