Saison 3: Episode 9 - Grouss Dëppen

An dësem Episode gëtt nëmmen a grousse Dëppe gekacht! Kréischelsgebees, Chili con Mettwurscht oder nach eng méi speziell Lënsenzopp!

Chili Con Mettwurscht

Préparatioun: 1 Stonn 30 Minutten – Fir 6 Persounen - Einfach

1 Ënn
2 Knuewelekszéiwen
1 rout Paprika
1 gréng Paprika
1 giel Paprika
2 Ieesläffele Sonnenblummenueleg
550g Schwéngs and Rëndsgehacktes (Fettinhalt 30%)
2 Kaffisläffelen Paprikapudder
2 Kaffisläffelen gereechertn Paprikapudder*
½ Kaffisläffel gedréchent Chiliflacken
2 Kaffisläffelen Kräitzkümmelpudder
2 Kaffisläffelen Majoran
1 Kaffisläffelen Thymian
2 Ieesläffelen Tomatenpaste
1 Kaffisläffelen Zocker
800g gehackten Tomaten an der Bécks
1 Fläsch Wellen Ourdaller oder däischteren Béier
1 Ieesläffel Worcestershire Zoos
3 Mettwurschten
500g gekachte schwaarz Bounen oder Kidney Bounen aus der Bécks (Oofgeschoddent Gewiicht)

Fir ze zerwéieren:
Sauer Ram
Frëschen Koriander
Brout, Pitta oder Räis

D’Ënnen schielen a reng haken. D’Knuewelekszéiwen schielen an zerdrécken.

D’Paprikae wäschen, entkären an a mondgerescht Stécker schneiden.

De Sonnenblummenueleg an engem groussen Dëppen mat schwéierem Bueden erhëtzen. D’Ënnen fir 5 Minutten ubroden bis dass se mëll sinn, de Knuewelek dobäi ginn a fir eng weider Minutt ubroden.

D’Paprikastécker dobäi ginn, mat e bëssen Salz wierzen a fir 5 Minutten ubroden.

D’Gehacktes dobäi ginn an ubrode bis dass d’Fleesch net méi rosa ass.

All d’Gewierzer dobäi ginn an fir e puer Minutten ubroden.

D’Tomatenpaste, den Zocker, d’Bécks Tomaten, de Béier an d’Worcestershire Zoos dobäi ginn a generéis mat Salz wierzen.

Zoudecken an zum Kachen bréngen, d’Hëtzt erofstellen a fir 45 Minutten kachen, vun Zäit zur Zäit réieren.

An där Zäit, d’Mettwurschten längsleg opschneiden, an enger Pan op all Säit fir 2 Minutten ubroden.

Déi gebrode Mettwurschten an kléng Stécker schneiden. Op d’Säit stellen.

No 45 Minutten, d’Mettwurschte mat de schwaarze Bounen an d’Dëppen dobäi ginn a vermëschen. Zoudecken a fir weider 5 Minutte kachen. Wann néideg, mat méi Salz wierzen.

All Portioun Chili mat e bësse Sauerram a Koriander zerwéieren.

*Wann ee kee gereecherte Paprikapudder fënnt kann een och normalen Paprikapudder benotzen.

Indesch-inspiréiert Lensenzopp mat séierem Naan Brout

Préparatioun: 1Stonn – Fir 4 Persounen - Einfach

Fir d’Zopp:
1 Ënn
2 Wuerzelen
1 Gromper
1 Knuewelekszéif
250 gréng Lënsen
2 Ieesläffelen Sonnenblummenueleg
2 Kaffisläffelen Garam Masala
1 Kaffisläffel Ingwerpaste
1 Kaffisläffel Kräizkümmelseem
¼ Kaffisläffel Chiliflacken (optional)
1,5l Geméisbouillon
Crème fraîche, fir ze zerwéieren
Koriander, fir ze zerwéieren

Fir den Naan:
200g Miel
2 Kaffisläffelen Bakpolver
¼ Kaffisläffel Salz
175g griichegen Yoghurt
1 Ieesläffel Nigellaseem oder 1 Kaffisläffel Kräizkümmelseem (optional)
Olivenueleg

Als éischt, d’ënnen, d’Wuerzelen an d’Grompere schielen. A kleng Cuben schneiden. De Knuewelek schielen an zerdrécken.

D’Lënsen am kale Waasser ofwäschen an op d’Säit stellen.

2 Ieesläffelen Sonnenblummenueleg an engem Dëppen erhëtzen, d’Ënnen dobäi ginn a fir 4 Minutten ubroden bis dass se mëll sinn. D’Lënsen dobäi ginn a fir eng weider Minutt uschweessen.

De Knuewelek, Garam Masala, Ingwerpaste, Kräizkümmelsoomen a Chiliflacken (wann een der benotzt) dobäi ginn, an fir eng weider Minutt ubroden.

D’Wuerzelen an d’Gromperen dobäi ginn a fir eng Minutt uschweessen, de Geméisbouillon dobäi schëdden an zum Kachen bréngen.

D’Dëppen zoudecken a fir 40 Minutten kache loossen.

Während där Zäit, d’Naan Brout preparéieren: All d’Ingredientë fir den Deeg an eng Schossel ginn a mat engem Läffel vermëschen. Wann den Deeg bis zesummen kënnt, den Deeg kuerz mat den Hänn knieden. 15 Minutte rouen loossen.

Den Deeg a 4 Stécker schneiden. D’Kichensurface mat e bëssen Miel bestreeën, dat éischt Stéck Deeg ausrullen, den Deeg mat den Hänn stretchen, esou dass en Disk entsteet deen esou grouss ass ewéi eng Hand. Wann den Deeg ze naass ass kann een nach méi Miel dobäi ginn.

E bëssen Olivenueleg an eng Pan ginn an all Deeg Scheif 2 bis 3 Minutten op all Säit ubroden, bis dass den Deeg gekacht a goldeg ass.
All Portioun Zopp mat engem Flapp Crème fraîche zerwéieren, mat Koriander bestreeën a mat engem Naanbrout zerwéieren.

Kréischelsgebees mat Romarin

Préparatioun: 1 Stonn – Mécht 4 Gebeessglieser - Einfach

1.4kg Kréischelen
2 Romarinstängelen
1.4kg Zocker
1 Shot Kirsch (optional)

Als éischt déi 4 Gebeessglieser steriliséieren. Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

D’Gebeessglieser an d’Deckele wäschen an den ëmgedréintene Wee op e proppert Kichenduch leeën. Wann den Uewen erhëtzt ass, d’Glieser op e Bakblech stellen an fir 10 Minutten an den Uewe stellen. An där Zäit, eng Pan mat Waasser zum Kachen bréngen an déi metallen Deckelen dora kachen, dono se den ëmgedréintente Wee op d’Kichenduch fir ze dréchene leeën. D’Deckelen sollen net mam Duch gedréchent ginn mee mat der Loft.

Fir d’Gebeess: D’Kréischelen mat den Stängelen wäschen an en grousst Dëppen ginn. D’Romarinstängelen dobäi ginn an e bëssen Waaser an d’Dëppen ginn, esou dass den Fong bedéckt ass.

Ganz héich erhëtzen an d’Kréischelen fir 10 Minutte kachen, regelméisseg réieren an zerdrécken, esou dass d’Kréischelen hire Jus verléieren.

No 10 Minutten, den Zocker dobäi ginn, verréieren bis dass e sech opléist an dann opkache loossen. Fir 7 Minutten kachen.

En renge Sifft op eng Schossel stellen.

No 7 Minutten, d’Dëppen vun der Kachplack huelen an e Shot Kirsch bei d’Kréischelen ginn a vermëschen.

E puer Läffele Kréischelen an de Sifft ginn an zerdrécken, esou dass et souvill ewéi méiglech Jus rauskënnt.

Dat waarmt Gebeess an d’Glieser schëdden, zoumaachen a se den ëmgedréintene Wee op eng Hietche stellen an ofkille loossen. Ganz ofkille loossen ier d’Glieser ëmgedréint ginn. Fir ze testen, op keng Loft méi an der Glieser ass, kann een d’Mëtt vun den Deckelen erofdrécken – wann et eropspréngt ass nach Loft dran an kann just fir e puer Wochen am Frigo gelagert ginn. Wann et loftdicht ass, kënnen se op enger killer Plaz fir e gutt Joer gehale ginn.