Saison 3: Episode 10 - Hierscht

D'Anne besicht e Bongert wou Cider gemat gëtt, geet an eng Distellerie fir ze kucke wéi Nëssdrëpp gebrannt gëtt.

Träipe Quiche

Préparatioun: 40 Minutten, 2 Stonnen ofkillen – 50 Minutten Uewen – Mécht 1 Quiche vun 30 cm oder 2 Quichen vun 20 cm – Fir 6 Persounen

Fir den Deeg:
250g grot Speltz Miel
1 Kaffisläffel Salz
125g kalen Botter + extra fir anzefetten
1 Ee
35ml kaalt Waasser

Fir d’Fëllung:
2 Iessläffelen Moschter
2 Träipen
350g fäerdegen rouden Kabes am Glas
350g Äppelkompott mat Stécker am Glas
2 Eeër
100ml Ram
Salz an Peffer

Als éischt gëtt den Deeg preparéiert: D’Miel mam Salz an eng Schossel ginn. Den Botter an Kuben schneiden an bei d’Miel ginn. Den Botter an d’Miel mat den Hänn verreiwen, esou dass et ausgesäit wei Broutgrimmelen. D’Ee dobäi ginn an mat dem Waasser zu engem Deeg knieden.

Den Deeg an eng Scheiw formen, an Plastikfolie awéckelen an fir 2 Stonnen an den Frigo leeën.

E bëssen Botter schmëlzen an d’Quichenform afetten.

No 2 Stonnen, den Uewen op 180°C Ëmloft hëtzen.

Den rouden Kabes an engem Sieft ofschëdden.

Den kalen Deeg auswéckelen an op eng mat Miel beschtreeten Arbechtsfläch leeën. Zu engem ganz dënnen Disk ausrullen, esou dass en e bessi méi grouss ass ewéi d’Quicheform. Den Deeg an d’Form leeën an op den Säiten fest undrécken. D’Reschter vum Deeg op den Säiten ofschneiden.

Den Buedem vum Deeg mat Moschter apinselen.

D’Träip opschneiden an d’Haut rofhuelen. D’Träip an kleng Stécker schneiden, an eng Schossel ginn an mat enger Forschette grob zermätschen. D’Träip iwwert den Moschterdeeg ginn.

Op d’Träip eng Schicht Äppelkompott ginn.

Iwwert dem Äppelkompott den rouden Kabes ginn.

An enger Schossel, d’Eer mat der Ram vermëschen an mat Salz an Peffer wierzen. D’Mëschung iwwert den rouden Kabes schëdden an d’Quiche fir 1 Stonn am firgehëtzen Uewen baken.

TIP: Et kann een natierlech och fäerdegen Deeg kafen wann et ze opwenneg ass.

Cider Poulet mat Hasselback Gromperen

Préparatioun: 1 Stonn – Uewen: 50 Minutten – Fir 2 Persounen

Fir den Cider Poulet:
1 Ënn
2 Äppel (Braeburn)
½ Kanéilsstaang
4 Salbeiblieder
250ml Cider
100ml Poulet’s Bouillon
1 Knuewelekszéif
2 Poulet’s Strëmpelen
1 Téiläffel Maizena

Fir d’Hasselback Gromperen:
6 festkachend Gromperen (Charlotte)*
2 Iessläffelen Olivenuleg
25g Botter
2 Knuewelekszéiwen
1 Bond Romarin

Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

Fir d’Hasselback Gromperen: D’Gromperen an en Dëppen mat gesalzenem Waaser ginn, zum kachen bréngen an fir 6 Minutten kachen. Ofschëdden an fir e puer Minutten ofkillen loossen.

Eng Gromper op en holzenen Kachläffel leeën, dann Scheiwen aschneiden – d’Messer wiert den holzenen Kachläffel beréieren wann een ongeféier 2/3 an d’Gromper schneid, dëst verhënnert dass d’Gromper ganz duerch geschnidden gëtt. Déi ugeschnidden Gromperen op d’Säit leeën.

Fir den Poulet: D’Enn schielen an schneiden. 1 Iessläffel Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Ënn fir 5 Minutten ubroden. An eng Bakform ginn an op d’Säit stellen.

D’Äppel schielen, entkären an an mondgerecht Stécker schneiden. An eng Pan mat der Kanéilsstang, engem ½ Kaffisläffel Salz, dem Cider an dem Poulet’s Bouillon ginn. Et zum kachen bréngen an bei d’Ënnen an d’Bakform schëdden.

D’Knuewelekszéif schielen an schneiden. Mat de Fangeren ënnert d’Haut vum Poulet fueren, esou dass eng kléng Täsch entsteet. 2 Salbeiblieder an e puer Scheiwen Knuewelek an d‘Posch leeën, dono se erëm zou maachen. Mat den aneren Poulet’s Strämpelen widderhuelen. Den Poulet iwwerall mat Salz bestreeën.

1 Iessläffel Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Poulet’s Strämpelen op béiden Säiten gutt ubroden. D’Poulet’s Strämpelen an d’Bakform op d’Äppel leeën an d’Fett an der Pan fir d’Gromperen halen. D’Bakform mat enger Aluminiumfolie bedecken an op d’Säit stellen – den Poulet an d’Gromperen ginn zur selwechter Zäit gebak.

Fir d’Hasselback Gromperen: 2 Iessläffelen Olivenueleg mat dem iwweregebliwwenen Pouletsfett an der Pan erhëtzen. D’Gromperen fir 10 Minutten dran ubaken, vun Zäit zu Zäit emdréinen, esou dass se vun baussen knausereg ginn.

25g geschmolltenen Botter an eng Bakform schëdden, d’Gromperen dran leeën an se mam Botter gutt vermëschen. D‘Knuewelekszéiwen an d’Bakform mam Romarin an e bëssen Salz ginn.

Déi zwou Bakformen an den firgehëtzen Uewen ginn an fir 45 Minutten baken. No 30 Minutten, d’Folie vun der Poulet’s Bakform erofhuelen, esou kann den Poulet gutt knausereg ginn. D’Gromperen vun Zäit zur Zäit emdréinen, esou kennen se gläichméisseg baken.

No 45 Minutten, nokucken op den Poulet duerch ass – wann net nach méi laang baken. Wann den Poulet fäerdeg gebak ass, en aus dem Uewen huelen, mee d’Gromperen nach am Uewen bis zum zerwéieren weiderbaken. D’Poulet’s Strämpelen op en Teller leeën an mat Aluminiumfolie bedecken an d’Zoos fäerdeg kachen.

D’Äppel an d’Flëssegkeet aus der Bakform an eng Pan schëdden. Zum Kachen bréngen. De Maizena an 2 Iessläffelen Waasser opléisen, bei d’Zooss schëdden an réieren bis dass d’Zooss déckst.

Den Poulet mat den Hasselback Gromperen an der Äppelzoos zerwéieren.

*Am beschten 6 Gromperen mat der selwechter Gréisst eraussichen, esou dass se ongeféier 80g wéien – wat se méi schwéier sinn, wat se méi laang am Uewen brauchen.

Noss Tiramisu

Fir 6 Persounen – Preparatioun: 30 Minutten – Frigo: 4 Stonnen

150ml Kaffee mat 1 Iessläffel Zocker geséisst
2 Eer
1 Iessläffel Vanillzocker
70g Zocker
250g Mascarpone
200ml Rahm
80ml Nëssdrëpp
175g Läffelbiskuiten
Kakaopolver

Fir de Krokant:
60g Zocker
60g Walness

Als éischt de Kaffi mat 1 Iessläffel Zocker séissen an ofkillen loossen.

D’Eeër trennen. D’Eewäiss steif schloen, d’Eegiel an eng Schossel ginn an mat Vanillzocker an Zocker vermëschen. Dann d’Mascarpone dobäi ginn an weider vermëschen.

Den Eeschnei bei d’Mascarpone ginn, mee nach net ënnerhiewen.

D’Rahm zu Schlachsahn opschloen an bei d’Mascarpone ginn. Zesummen mam Eeschnei douce ënnerhiewen.

De Kaffi mat der Nëssdrëpp an engem déiwen Teller vermëschen.

D’Haltschegt vun den Läffelbiskuiten an den Kaffi tunken an mat Kaffi vollsaugen. Dann um Buedem vun enger grousser Dessertschossel verdeelen. Mat der Halschent vun der Mascarponecrème bedecken. Dann mat den reschtleche Biscuiten an Mascarponecrème widderhuelen.

Den Tiramisu mat Klarsichtfolie ofdecken an fir 4 Stonnen an de Frigo stellen.

An der Teschenzäit de Krokant maachen. Den Zocker an enger Pan schmëlzen loossen an soulaang kachen loossen bis en liicht carameliséiert. D’Nëss derbäi ginn an mam Karamel vermëschen, dann op en Stéck Backpabeier schëdden an komplett ofkillen loossen.

Soubal den Krokant ofgekillt ass, d’Bakpabeier zu engem klengen Päckelchen formen an mat enger Deegrull de Krokant dran zerstoussen.

Kuerz virum zerveieren den Tiramisu mat Kakaopolver an mat Nosskrokant bestreen.

Mat engem klenge Glas Nëssdrëpp zerwéieren.