Saison 3: Episode 11 - Steampunk

D'Anne besicht e Bongert wou Cider gemat gëtt, geet an eng Distellerie fir ze kucke wéi Nëssdrëpp gebrannt gëtt.

Gedämpten Champignone Baos

Préparatioun: 1 Stonn 15 Minutten – Mécht 12 Baos fir 4 Persounen

750g Champignonen
3 Schallotten
3 Knuewelekszéiwen
50g Botter
50ml Wäisse Wäin
150ml Rahm
Salz a Peffer
Sesamkären, fir ze zerwéieren

Fir de Bao Deeg:
300g Miel
3 Kaffisläffelen Bakpolver
200ml Mëllech
¼ Kaffisläffel Salz

D’Champigonen wäschen an grob haken, no an no an engem Kichen Mixer kleng mixen. Op d’Säit stellen.

D’Schallotten schielen an reng haken. D’Knuewelekszéiwen zerdrécken.

An enger Pan den Botter schmëlzen. D’Schallotten fir 5 Minutten mëll ubroden, den Knuewelek dobäi ginn an fir eng weider Minutt kachen.

D’Halschend vun de gehackte Champignonen dobäi ginn, mat e bëssen Salz wierzen a bei héijer Temperatur kachen, regelméisseg réieren, bis dass d’Champignonen all hire Jus verluer hunn. Weider kache bis dass déi ganz Flëssegkeet absorbéiert ass. Se an eng Schossel ginn an mat den anere Champignonen widderhuelen.

Wann all d’Champignonen bis gekacht sinn, se mat Salz an Peffer wierzen an op d’Säit stellen.

Fir den Baosdeeg ze preparéieren: mat engem elektreschem Handmixer d’Miel, d’Bakpolver, d’Mëllech an d’Salz vermëschen. Fir weider 2 Minutten knieden bis dass e glaten Deeg entsteet. Zu enger Zoossiss zesummerullen an an 12 gläich grouss Stécker schneiden.

Mat den Hänn, e Stéck vum Deeg zu engem Disk formen, en Kaffisläffel Champignonen an d’Mëtt ginn, d’Ränn vum Deeg iwwert d’Fëllung falen an zesummen drécken, esou dass den Dumpling zou ass. Den Dumpling op en Stéck Bakpabeier oder en Cupcakepabeier leeën an an e Bambus Kuerf leeën. *

Mat dem Rescht vum Deeg widderhuelen.

De Bambus Kuerf an e groussen Wok stellen. E bëssen gekachte Waasser op de Bueden schëdden – et ass wichteg dass d’Waasser net bis op den Bambus Kuerf kënnt, esou dass d’Dumplings gedämpt an net gekacht ginn. De Bambus Kuerf zoudecken an op mëttlerer Hëtzt fir 8 Minutten dämpen. An der Hallefzäit, opdecken an d’Baos mat Sesamkären bestreeën. Zoudecken a weider dämpen. Mat dem Rescht Baos widderhuelen.

Während d’Baos dämpen, d’Champignon Zoos fäerdeg kachen. De Rëscht Champignonen zeréck an d’Pan ginn an erhëtzen. Den Wäiswäin dobäi ginn an fir e puer Minutten kachen, dann d’Rahm dobäi schëdden an zum Kachen bréngen. Vun der Hëtzt huelen an mat Salz an Peffer wierzen.

Déi gedämpte Baos mat Champignons Zoos an grénger Zalot zerwéieren.

*Bambuskierf fënnt een an den meeschte Supermarchéen an an all Asiabutték. Ech roden Iech e puer Kierf ze kafen vun der selwechter Gréisst an just een Deckel, well et kann een d’Kierf openeen stellen esou dass een et als groussen Dämpfer benotzen kann. Meng Kierf sinn 20 cm breet an et passen 5 Dumplings dran.

TIPS:

  • Wann een en Dämpfuewen huet, kann een d’Dumplings doran fir 8 Minutten bei 100°C dämpfen.
  • D’Champignons Zoos ass och immens gutt als Zooss bei Nuddelen, zemools mat e bëssen Parmesan uewen driwwer.

Kachkéis Fondue mat Moschter Kroutonen

Préparatioun: 50 Minutten – Fir 4 Persounen

Fir d’Kroutonen:
1 ½ Baguette
4 ½ Iessläffelen käregen Moschter
4 ½ Iessläffelen glate Moschter
3 Iessläffelen Waasser
Salz

500g ongekachte Kachkéis Strull
200ml Wäisse Wäin
50ml Rahm
2 Knuewelekszéiwen
300g Gruyère, gerappt
Peffer
3 Iessläffelen Maizena
70ml Kirsch

Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.

D’Baguette an mondgerecht Stécker schneiden an op e grousst Bakblech leeën.

An enger klenger Schossel, den Moschter mam Waasser vermëschen. Den Moschter iwwert d’Broutstécker schëdden an mat den Hänn alles gläichméisseg areiwen. Mat Salz wierzen.

Am firgehëtzten Uewen fir 15 Minutten knausereg baken, an d’Kroutonen eng Kéier emdréinen sou dass se net op enger Säit verbrennen.

D’Kachkéis Strull an Stécker schneiden. An en Fondusdëppen ginn, den Wäin an d’Rahm dobäi ginn an alles schmëlzen loossen

Wann de Kéis bis geschmolz ass, déi zerdréckten Knuewelekszéiwen, den Gruyère an e bëssen Peffer dobäi ginn. Alles zur enger glater Kéisfondue schmëlze loossen.

Den Maizena am Kirsch an engem kléngen Glas opléisen, bei d’Fondue schëdden an fir e puer Minutten akachen, esou dass d’Fondue déckst.

D’Fondue mat den Moschter Kroutonen zerwéieren.

Okonomiyaki Kabes Panech

Préparatioun : 50 Minutten – Mécht 2 Okonomiyakien fir 2 Persounen

Fir de Panech:
150g Kabes
150g Gromperen
2 Fréijoerszwiwwelen
100g Miel
1 Iessläffel Sojazoos
2 Iessläffelen Ingwer, gerappt
2 Eeër
100ml Poulet oder Geméiss Bouillon, kal
2 Iessläffelen Sonnenblummenueleg

Fir d’Okonomiyaki Zoos:
4 Iessläffelen Ketchup
2 Iessläffelen Sojazoos
1 Iessläffel Wäisswäin
1 ½ Ieesläffen Zocker
1 Ieesläffen Wäisswäinesseg
½ Kaffisläffel Ingwer, gerappt
½ Kaffisläffel Moschter
1 Knuewelekszéiwe, zerdréckt

Fir ze zerwéieren:
Mayonnaise
1 Fréijoerszwiwwel, geschnidden
Nori seaweed Sträifen
Bonito Flacken*

Als éischt gëtt d’Okonomiyaki Zoos gemaach: All d’Ingredienten an eng klengt Dëppen ginn, 2 Iessläffele Waasser dobäi ginn an opkachen. Fir 10 Minutten kachen bis dass d’Zoos déckst.

Den Kabes grob schneiden, d’Grompere schielen an rappen, d’Fréijoerszwiwwelen trimmen a schneiden, an alles an eng Schossel ginn.

D’Miel, d’Sojazoos, den Ingwer, d’Eeër an den Bouillon dobäi ginn an alles zu engem Deeg vermëschen.

Een Iessläffel Sonnenblummenueleg an enger Pan erhëtzen, an d’Halschend fum Deeg zu engem Panech vun ongeféier 20cm breet an 1.5ch héicht formen.

Den Panech fir 4 Minutten broden, bis dass en goldeg ass, ëmdréinen an fir weider 4 Minutten broden.

Den Panech op en Teller leeën, mat der Okonomiaki Zooss sträichen, Mayonnaise dropginn, e puer Nori Sträifen, Bonito Flacken (wann een se benotzt) an Fréijoerszwiwwelen driwwer streeën.

Mat dem anere Panech Deeg widderhuelen.

* Bonito Flacken sinn gedréchent Thon Flacken. Se gesinn aus an richen wéi Fëschfudder – mee gleeft mir, den Goût ass immens! Se ginn en gereecherten Goût zum Plat, an zudeem hunn se e flotten Effekt; duerch d’Hëtzt vum Panech fänken se un ze ‘danzen’ an sech ze beweegen. Bonito Flacken fënnt een an den meeschten Asia Butteker. Et soll een se am beschten an enger loftdichter Këscht opbewahren.

TIP: Fir méi en deftegen Plat kann een och Specksträifen op den Panech ginn ier een en op déi aner Säit ëmdréint.