Saison 3: Episode 12 - Xmas

D'Anne besicht e Bongert wou Cider gemat gëtt, geet an eng Distellerie fir ze kucke wéi Nëssdrëpp gebrannt gëtt.

Festleche Pulled Pork

Preparatioun: 40 Min – Schäffchen: 9 Stonnen – Fir 8-10 Persounen

2.2 kg Schwéngs Schëller ouni Schank
150ml Cider
50ml Äppelesseg
80ml Ahornsirop
50ml Sojazoos
3 Iessläffelen Austerenzoos
1 Iessläffel Fenchelkären
1 Iessläffel Kräizkümmelkären
4 Kanéilsstaangen
2 Stär Anäis
1 ½ Kaffisläffel Schwarz Päfferkären, zerdréckt
1 ½ Kaffisläffel gereecherte Paprikapolver
3 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
1 Kaffisläffel Chilliflacken
2 Kaffisläffel Salz

Airellen, fir ze zerwéieren
Koriander, fir ze zerwéieren

De Schäffchen op 130°C Ëmloft erhëtzen.

Eng Grillpan erhëtzen an d’Fleesch op alle Säiten ubroden, dat dauert ongeféier 8 Minutten. Dann d’Fleesch op d’Säit stellen.

All déi aner Ingredienten an e gossent Dëppe ginn dat grouss genuch ass fir d’Fleesch dranzeleeën. D’Dëppen op d’Kachplack stellen an d’Flessëchkeet erhëtzen.

Wann d’Flessëchkeet bis waarm ass, d’Fleesch draleeën a mat engem Deckel zoudecken.

An de Schäffchen stellen an 1 Stonn bei 130°C Emloft goe loossen, no enger halwer Stonn d’Fleesch eng Keier dréien.

No enger Stonn, d’Temperatur vum Schäffchen op 110°C Ëmloft reduzéieren an d’Fleesch eng weider 2 Stonne goe loossen, no enger Stonn ëmdréinen.

No 2 Stonnen d’Temperatur vum Schäffchen op 100°C Ëmloft reduzéieren an d’Fleesch eng weider 6 Stonnen goe loossen, all 90 Minutten ëmdréinen.

Wann d’Fleesch bis richteg mëll ass, et aus dem Dëppen raushuelen an op e Schneidbried leeën. Mat Hëllef vun 2 Forschetten d’Fleesch ausernanerrappen, sou dass et gefasert gëtt. De Pulled Pork zréck an d’Dëppen mat der Zooss ginn a gutt vermëschen, sou dass sech d’Fleesch mat Zooss vollsaugt.

De Pulled Pork mat Airellen a Koriander zerwéieren. Speckbieren a Pommes Duchesse als Bäilag zerwéieren.

Lëtzebuerg Cookies

Fir 85 Cookies – Preparatioun: 1 Stonn 15 Min – Frigo: 30 Min – Schäffchen: 10 Min pro Portioun

250g Botter
140g Pudderzocker
1 Tiitchen Vanillzocker
1 Vanillsstaang
1 Ee
375g Miel
eng Pout Salz

Fir d’Glasur:
120g Pudderzocker
4 ½ Kaffisläffel Hunnegdrëpp
roud + blo Liewensmëttelfaarwe

De Botter a Cuben schneiden an zesummen mam Pudderzocker an Vanillszocker an eng Schossel ginn a vermëschen.

D’Vanillsstaang längs opschneiden an d’Kären rauskrazen a bei de Botter ginn.

D’Ee bei de Botter ginn an alles gutt vermëschen.

D’Miel an d’Salz dobäi ginn an alles zu engem glaten Deeg vermëschen.

Den Deeg an 2 deelen an an zwou Scheiwe formen. Mat Klarsichtfolie awéckelen a fir 30 Minutten an de Frigo stellen.

No 30 Minutten de Schäffchen op 170°C Ëmloft virhëtzen. Den Deeg op enger Surface mat Miel ausrullen an d’Kichelcher ausstiechen an op e Bakblech leeën.

D’Kichelcher am vir gehëtzte Schäffchen 10 Minutte baken. Op eng Hietchen leeën an ofkille loossen.

Wann d’Kichelcher bis komplett ofgekillt sinn, d’Glasur maachen. An 3 Schësselcher jeeweils 40g Pudderzocker ginn. An eng Schësselchen 1 ½ Kaffisläffel Hunnegdrëpp an e puer Drëpse rout Liewensmëttelfaarf ginn, gutt vermëschen.

An eng aner Schësselchen 1 ½ Kaffisläffel Hunnegdrëpp an e puer Drëpse blo Liewensmëttelfaarf ginn, gutt vermëschen.

An déi läscht Schësselchen de Rescht Hunnegdrëpp ginn an zu enger wäisser Glasur vermëschen.

D’Kichelcher mat de verschiddene Glasuren dekoréieren an op mannst 1 Stonn rouen loossen fir dass d’Glasur fest gëtt.

An enger Kichelcherskëscht halen sech d’Kichelcher mindestens eng Woch.

Orangecrème

Preparatioun: 30 Minutten + 2 Stonnen ofkillen – Fir 4 Persounen

2 Eeër
120g Zocker
1 Kaffisläffel Vanillszocker
eng Pout Kanéil
3 Orangen
½ Zitroun
160ml Rahm
2 Kaffisläffelen Maizena

D’Eeër opschloen an an eng Casserole ginn. Mam Zocker, Vanillzocker a Kanéil vermëschen.

D’Orangen an d’Zitroun auspressen an de Jus duerch en Sift bei d’Eeër an d’Casserole schëdden. Vermëschen.

De Maizena mat 2 Iessläffel Rahm an engem klengen Dëppchen vermëschen bis sech de Maizena ganz opgeléist huet. An d’Casserole derbäischëdden.

D’Casserole op eng Kachplack stellen an dat Ganzt bei mëttlerer Hëtzt wiermen – dobäi déi ganzen Zäit réieren bis d’Mëschung déckst.

Wann dat Ganzt bis gedéckst huet, alles an eng Schossel schëdden an 2 Stonnen ofkillen loossen.

Wann d’Crème bis ofgekillt ass, de Rescht Rahm (150ml) zu Schlagsahn steif schloen an ënnert d’Orangecrème hiewen bis sech alles zu enger lockeger Crème vermëscht huet.

An 4 Zerveéierglieser verdeelen an all Portioun mat e bësse Kanéil bestreeën.