Asien. Eng exotesch Destinatioun déi net ophält mech ze begeeschteren. Dat virun Allem wéinst dem Iessen! Säit enger 10 Joer reesen ech reegelméisseg an Asien wann ech nei Inspiratioune sichen, an dës Kéier huelen ech iech mat op d’Rees! An dëser Saison geet et op dräi Destinatiounen déi mech zu déifst faszinéieren a meng Approche ze kachen inspiréieren.

Meng Rees féiert mech op Bangkok, e Streetfood-Heaven wou ee sech op all Eck de Bauch vollstoppen kann. Et geet op Hong Kong, wou een eng exzellent Chinesesch Kichen fënnt. An ech kéint net an Asien reesen ouni och op Tokyo ze goen, wou et definitiv méi wei nëmmen Sushi gëtt. Also, macht iech prett fir puren Asia Genoss.

http://anneskitchen.lu