Automag

Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.


Autotest vum 24. Juni 2018Peugeot 508

Trotz SUV-Boom (och am eegenen Haus) gleeft Peugeot weiderhinn un déi klassesch Limousine. Mir hunn den neie 508 tëscht Monaco an Nice probéiert.

D’Yachte si vläicht am Laf vun de Joere méi grouss ginn, mä bei der franséischer Riviera, do weess een eigentlech wat ee kritt. Franséisch Limousinen sinn do éischter eng Virwëtztut.

Den neie Peugeot 508 kämpft direkt un zwou Fronten. Éischtens ass do déi éiweg Fro, op d‘Fransousen iwwerhaapt eng Limousine baue kënnen, déi der däitscher Konkurrenz d’Waasser reeche kann. An zweetens soll de 508 beweisen, dass déi klassesch Limousine an Zäite vun SUV a Crossover nach net ganz dout ass.

Mam Virgänger huet Peugeot scho vill richteg gemaach. Elo traut sech de 508 och ästhetesch säin eegene Wee ze goen. En ass flaach a breet, op den éischte Bléck falen déi schmuel laang Dagesluuchten op. Do kréie Passat, A4 oder 3er optesch einfach nëmmen den zweete Präis. De 508 ass aneschters, ouni awer iwwert d’Zil erauszeschéissen. D’Ligne ass un déi vun engem Coupé, an och d’Rumm ronderëm d’Fënstere feelt.

De VW Arteon, den Opel Insignia an elo de Peugeot 508 hunn eppes gemeinsam: e risege Mallendeckel. De sougenannten Hayon war laang Zäit bei den Designer out. Mä wann ee sech déi grouss a praktesch Ouverture vun der Mall ukuckt, versteet een, firwat vill Marquen ëmmer dohinner zeréckfannen.

D’Mall ass wierklech grouss, hanne geet et e bësse méi enk zou. Iwwert dem Kapp an ënnen am Foussraum feelen e puer Zentimeter fir wierklech confortabel ze sëtzen.

Déi besser Plaze sinn definitiv vir. Am Peugeot-i-Cockpit kuckt een op vill Holz, den Tableau ass inspiréiert vun engem Prototyp. Dës Knäppercher par contre kennt ee schonn aus 3008 & Co.

Déi verschidden Niveauen vum Tableau a vun den Écranen wierken den éischte Moment e bëssen onroueg, mä et ass méi flott ze kucken, wéi de langweilege groen Eenheetsbräi „made in Germany“. Esou innovativ den Design och ass, esou konservativ ass Peugeot beim digitalen Infotainment. De relativ klengen Écran, den Navisystem, do huet d’Konkurrenz e puer Joer Avance. A fir en USB-Kabel unzeschléissen, muss een an engem verstoppte Gefaach ënnert der Mëttelkonsol fummelen. Übung beim Opmaache vu komplizéierten Soutiens-Verschlëss hëlleft...

Op der Strooss ass de 508 par contre ganz einfach am Ëmgang. D’Peugeot-Fuerwierksingénieuren gehéieren nun mol zu deene beschten an hirer Branche, an och fir hir neitste Limousine hunn se e gudde Kompromëss fonnt. Et gëtt zwar en adaptiivt Fuerwierk, mä ganz éierlech, als Chauffer huet ee besser den Ingénieure blann ze vertrauen. “Normal” funktionéiert am beschten. De Confort-Modus ass fir déi vill Kéieren am Hannerland vun der Côte zevill mëll, de Sport-Modus provozéiert onnéideg Vibratiounen.

Och wann de 508 kee klengen Auto ass, läit e gutt an der Hand. Wuertwiertlech. Dat klengt Steierrad giff ee sech vläicht éischter an engem 208 GTI erwaarden, mä och am sérieuxen 508 dréit et zu enger besserer Kommunikatioun tëscht Chauffer a Macadam bäi. A well hei den Display mat den Amaturen méi wäit no hanne läit, ginn och net méi grad esouvill Informatioune verdeckt. Bei menger Sëtzpositioun war um Tacho nëmmen de Beräich vun 240 bis 260 km/h verstoppt. Ech mengen, dat kann ee verquëssen.

Topmotoriséierung ass e Bensinner mat 225 Päerd. Dat kléngt eigentlech net schlecht, mä et ass e butzege 1600er. Dee mécht seng Aarbecht wéi et sech gehéiert, d’8-Gang-Automatik harmonéiert gutt, e Verbrauch vun 8 Liter ass méiglech, mä dat alles geschitt ouni gréisser Begeeschterung. An engem Auto, deen esou dynamesch ausgesäit, wou een esou niddereg sëtzt, an deen sech esou flott fiert, misst och de Motor e bësse méi Pep hunn. Et ass e klenge Schéinheetsfeeler, well soss erlaabt sech de 508 keng gréisser Schwächten.

Bleift nëmmen ze hoffen, dass déi SUV-süchteg Clientèle him eng Chance gëtt. Well mat der däitscher Konkurrenz kann hien et elo definitiv ophuelen, och wann dat sech an der Präispolitik néier schléit. 28’000 an eppes fir e plakegen Diesel, 50’000 fir d’Topversioun mat Optiounen. Ambitiéis, awer net onméiglech.
Peugeot 508 (20.06.2018)
Trotz SUV-Boom (och am eegenen Haus) gleeft Peugeot weiderhinn un déi klassesch Limousine. Mir hunn den neie 508 tëscht Monaco an Nice probéiert.