Automag

Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.


Autotest vum 24. Juni 2018Alpina B5 & BMW M5

Um Pabeier sinn sech Alpina B5 a BMW M5 zimlech ähnlech. Mä op der Strooss an um Circuit weist sech, dass si vum Charakter hir ganz verschidde sinn.

Bei schwéieren Décisiounen am Liewen ass et gutt, Frënn ze hunn. Wann een zum Beispill e sportleche BMW mat 600 Päerd wëllt kafen. Do gëtt et deen neien M5. Biturbo-V8. Elo mat Allrad. 305 Spëtzt, wann een déi richteg Optiounen ukräizt. Einfach!

Mä do gëtt et nach de B5 vun Alpina. Och e V8-Biturbo mat Allrad. A 608 Päerd. 323 Spëtzt. An et gëtt en als Kombi. Hmmm... Schonn hu mir e Luxusproblem. Keng Angscht! Mir hunn eis geaffert, fir Iech d’Entscheedung méi liicht ze maachen.

A béide Fäll ass d’Basis e 5er BMW. Den M5 mécht schwéier op Sport. Mat zum Beispill engem Daach aus Karbonfaser. Wat éierlech gesot bei engem Gewiicht vun 1,9 Tonnen elo d’Welt net verännert.

Ech fannen hell Intérieure gräisslech. Mä dem M5 seng Sportsëtzer halen op all de richtege Plazen a bidden awer nach Confort.

Beim Alpina ass et genee ëmgedréint. Superbe Confort an awer nach genuch Halt. Dir erkennt esoulues eng Tendenz. De B5 baséiert näämlech um 540i xDrive. Ass also eng gedopte Limousine a keen ëmgebauten M5. An exklusiv dobäi. Alpina baut ëm déi 1’500 Autoen d’Joer. Sträifen a Logoen kann een iwweregens ewechloossen. Dann ass dat hei en diskreten Hummer.

Et ass schonn iwwerraschend, wéi einfach 600 Päerd hautzedags am Ëmgang kënne sinn. Dat hei si keng feierspäizend Monsteren, déi engem den Angschtschweess op d’Stir dreiwen. Just extrem kompetent Iwwerhuelmschinnen, mat quasi identesche Fuerleeschtungen, mä ganz ënnerschiddleche Charakteren.

Dir kennt d’Szen aus Cartoons. Den Däiwel, deen op der Schëller sëtzt a stëppelt: “Allez, et geet nach, lee eng Schëpp bäi!”. Dat ass dem M5 säi Charakter. Kloer op Sport getrimmt, wonnerbar esoulaang d’Stroossen net ze enk an ze knubbeleg sinn. An net grad e Radar do steet.

Beim Alpina ass d’Stéchwuert “Souverenitéit”. Och de B5 liwwert genuch Querbeschleunegung fir dass de Labrador an der Mall d’Faarf changéiert. Mä de Confort ass esou gutt, dass ee meeschtens nëmme genéisst. An nëmmen heiansdo mat engem diskrete Gasstouss e Porsche oder dräi normal Autoen am Spigel schrumpft.

Och den M5 bitt genuch Confort. An allebéid drénken iwwerraschend moderat, wann ee brav ass. Sécher, knapp iwwer 10 Liter bréngen elo keng Félicitatioune vu Greenpeace, mä sinn trotzdem remarquabel fir 600-Päerd-Allradautoen. Wien sech esou Autoe leeschte kann, deem ass de Verbrauch egal. Mä ëmmerhin.

Et ass schwéier legal d’Limite vun esou Autoen auszetaaschten. Vum Fuertalent emol ganz ofgesinn. Mir haten dofir Rendez-vous zu Chambley mam Steve Jans. GT3-Pilot an hannert dem Steier besser wéi de Serge.

Den Alpina start mat engem Gewiichtshandicap vun 200 Kilo. Dat geet duer, fir dass no dräi Tier och déi optional Sportsbremsen méi mëll ginn. Och Boîte a Fiederung loossen sech net esou kompromësslos op haart trimme wéi beim M5.

Beim M5 ass d’Confortastellung méi haart wéi Sport beim B5. Et kann ee beim M5 och den Allrad ausschalten, an déi 600 Päerd nëmmen op déi hënneschte Rieder schécken. Mir nennen et Hooligan-Modus, do muss ee schonn op Zack sinn. Den M5 huet och déi besser Bremsen. An ass domat Gewënner um Circuit. Wien awer elo vill Rennstreck fiert, ass mat engem méi liichten a méi bëllegen M3 oder M3 besser bedéngt wéi mat engem M5. Net einfach.

Da kënnt d’Präisfro. En M5 fänkt bei 115’000 Euro un, en Alpina B5 bei 96’000 Euro, virun Optiounen. An esouvill Spaass den M5 och mécht, de Confortplus mécht aus dem B5 ganz einfach dee besseren Alldagauto.

Alpina B5 & BMW M5 (22.06.2018)
Um Pabeier sinn sech Alpina B5 a BMW M5 zimlech ähnlech. Mä op der Strooss an um Circuit weist sech, dass si vum Charakter hir ganz verschidde sinn.