Automag

Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.


Autotest vum 2. Dezember 2018Mazda MX5 Facelift

Mazda huet sengem MX5 méi Leeschtung spendéiert. De Serge Pauly huet mam 184PS-Roadster déi legendär rumänesch Strooss "Transfagarasan" entdeckt.

Déi véierte Generatioun vum japanesche Roadster ass e Bestseller. D’Kombinatioun aus klassesche Proportiounen a modernem schaarfen Design funktionéiert esou gutt, dass Mazda fir dëse Facelift beim Blech einfach emol… guer näischt geännert huet! Obwuel: et ginn nei Felgen an d’Stoffverdeck kritt een elo och am Brongen. Miata-Experten erkennen de Facelift un der klenger Réckfuerkamera am Parechoc.

Och bannen huet sech weider näischt gedoen. D’Cockpit ass nach ëmmer iwwersiichtlech a praktesch, mä d’Geleeënheet gouf verpasst fir dat eent oder anert schwaarzt Plastiksstéck duerch eppes méi héichwäerteges z’ersetzen. Den Infotainment-System kann elo awer wéi et sech fir e modernen Auto gehéiert och “Connectivity”.

Den MX5 ass kee groussen Auto, an awer kréien ech meng 1m87 nach gutt era gediebelt, och wann net ganz vill Sputt bleift. D’Steierrad kann elo net nëmmen an der Héicht, mä och an der Déift agestallt ginn. Dat misst eigentlech hautzedags eng Selbstverständlechkeet sinn, mä et ass eng Nouvelle, déi vill grouss MX5-Amateure freeën dierf.

Den MX5 lieft nom Motto „manner ass méi“. Bis elo huet hien sech mat 160 Päerd zefridde ginn. Méi Leeschtung krut een nëmmen, wann ee mat der italienescher Turbo-Copie vun Abarth friem gaangen ass. Déi gréissten Nouvelle bei dësem Facelift: d’Mazda-Ingénieuren hu mat vill Detail-Gekniwwels bei hirem 2-Liter-Motor nach emol 24 Päerd fonnt. Elo verschléit et eiserengem bei 184 Päerd net d’Sprooch, mä ganz éierlech… vill méi brauch ee wierklech net!

Vill méi wichteg wéi déi plakeg Zifferen ass wéi de Motor sech ufillt. En ass dréifreedeg, hänkt gutt um Gas, déi manuell Boite mat hiren extrem kuerze Schaltweeër ass e Gedicht.

De ganze Motor-Feintuning huet eng positiv Niewewierkung. Den Véierzylinder kléngt elo besser. D’Héichte goufen erausgefiltert, virun allem bei héichen Toure ass de Motorsound manner jäizeg a méi kräfteg a käereg.

D’Besëtzer vum aktuellen MX5 interesséiert vläicht eng Fro: lount et sech wéinst dem neie Motor ze wiesselen? Ofgesi vum bessere Sound, mierkt een déi 24 Päerd héchstens wann een de Motor op eidele Landstroosse ausdréine léisst. Am Alldag ass de Leeschtungsënnerscheed par contre net esou enorm…

Och nom Facelift ginn et vum MX5 zwou Versiounen: de Coupé RF mat festem Daach, an de Roadster mat Stoffdaach. D’Stoffverdeck muss ee manuell bedéngen. Oder besser gesot: et kann een et manuell bedéngen. Een Handgrëff geet duer, an no fënnef Sekonnen ass d’Verdeck op respektiv zou. Esou séier ass kee Motor!

Och wann et vill Autoe mat méi Damp ënnert dem Capot ginn: ech wéilt net tauschen. Well den MX5 bitt definitiv méi Freed um Fueren. En ass liicht, huet gutt Bremsen, e Chassis mat vill Feedback an eng präzis Lenkung. Sécher et muss een Abousse beim Confort maachen, no zwee Deeg Transfagarasan war ech schonn e bësse gebrach. Mä Haaptsaach zefridden!

Méi Leeschtung an nei elektronesch Assistenzsystemer, dat wierkt sech natierlech op de Budget aus. D’Präisser gi vu knapp 22‘000 Euro fir de Roadster mat Stoffverdeck an 130 Päerd bis bei eppes iwwer 31‘000 Euro fir den RF mam festen Daach an 184 Päerd. Zevill fir e klengen an onprakteschen zweeten Auto? Vläicht. Mä den MX5 revanchéiert sech op all Meter mat Fuerspaass. An d’Konkurrenz verlaangt fir ähnlech amüsant Spillsaachen labber dat Duebelt.