Automag

Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.


Autotest vum 2. Dezember 2018Kia Ceed

Zu Lissabon huet de Pascal Becker de Kia Ceed probéiert, an hien huet eng Vanillesglace geschmaacht. Well de Ceed ass a sengen Aen wéi Vanillesglace.

Dir kennt d’Problematik vum drëtten Album. Man éischte kann ee bekannt ginn. E komeschen Numm: „cee’d“, mat Apostrophe. A siwe Joer Garantie. En Argument, wat soss keen hat. An nach ëmmer keen aneren huet. De cee’d 2 war eng dezent Weiderentwécklung. Net onbedéngt eng Enttäuschung, mä ouni nei Iwwerraschung.

Hei hu mir elo d’Generatioun 3. Den Apostrophe ass fort, d’Garantie bliwwen. Mä den Usproch geklomm. Elo steet d’ Sophistikatioun um Menü.

Mam ganzen Arsenal vun zum Deel opdränglechen Assistenzsystemer, déi de Client haut wuel erwaart. Fir déi, déi net permanent mat all deene Mainzelmännercher wëllen ënnerwee sinn, mussen se ëmständlech iwwert Menuen ausschalten, fir irritéiert festzestellen, dass verschiddener sech all Kéiers wann een de Motor nei start, erëm automatesch aschalten.

Mä loosse mir elo net meckeren. An dankbar si fir all Cent, deen net an d’Entwécklung vun omnipresenten SUVen fléisst. Zur Orientéierung: de Kia Ceed deelt seng  Organer mam Hyundai i30 a gëtt net a Korea, mä an der Slowakei produzéiert.

D’Finitioun ass gutt, d’Plaz-Offer korrekt an de Bannendesign klassesch. Fir Extrem-Écran-Fetischisten ass den zentrale Schierm vläicht e bësse basic. Mä et funktionéiert alles ouni Effort. En Androck, dee sech beim Fuere weider zitt wéi e roude Fuedem. De Ceed mécht dem Chauffer d’Liewen einfach. Eisen Testauto hat eng automatiséiert Boîte mat siwe Gäng, déi sech ëm d’Sortéiere vun der richteger Iwwersetzung këmmert. An déi den Job gutt mécht.

Fir de Chauffer ass de 1600er Diesel eng agréabel Kraaftquell. 136 Päerd si kräfteg genuch, e leeft roueg an drénkt moderat: ënner sechs Liter. Well déi meescht Konkurrente bei den Ofgase musse fuddelen fir ähnlech Wäerter ze erreechen, zécken ech e bëssen fir en ze recommandéieren. Vläicht sinn d’Koreaner éierlech bei de Stéckstoffoxider. Vläicht sinn se nach net erwëscht ginn. Mir si leider net équipéiert, fir et erauszefannen.

Wou Kia awer ouni Zweiwel gutt Aarbecht geleescht huet, ass beim Chassis. D’Koreaner hunn an de leschter Joeren eng Rei Fuerwierks-Mercenairen agestallt. An dem Impakt mierkt een. Dat ass ëmsou méi remarquabel, well den Duerchschnëttsclient héchstwahrscheinlech ni eppes un engem sténklangweilegen Ënnersteierer ze meckeren hätt. Hei gouf awer Opwand bedriwwen, deen och méi kriddeleg Steierradgourmeten wierdegen. Gutt!

Esou gesinn, dierf een dann och keng Lowcost-Präispolitik erwaarden. En éischte Ceed gëtt et fir knapp ënner 20’000 Euro, de staarken Diesel mat Automatik verlaangt schon 28 Risen, plus nach emol ronn 1’200 Euro fir de Pack vun Assistenzsystemer. An da sinn et nëmmen d’Qualitéiten net wäit vu Golf-Niveau, mä och den Tarif.

Bei enger Vanillesglace kommen ech zur Conclusioun vun dësem Test. Vanillesglace entsprécht engem breede gesellschaftleche Konsens. Well et gëtt wahrscheinlech keen, dee Vanillesglace aktiv net gären huet. Mä et gëtt och keen, deen an de Buttek leeft, an Zoustänn kritt, wann et keng Vanillesglace méi gëtt. Dann hëlt hien eben einfach eng aner Zort. An esou gesinn, ass de Kia Ceed e bësse wéi Vanillesglace.