Automag

Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.


Autotest vum 27. Januar 2019Ford Focus

Op dësen Test huet de Pascal Becker sech richteg gefreet. De Focus huet eis näämlech scho vill Freed mat sengem gudde Chassis gemaach. An et ass kee SUV.

Virun zéng Joer war dat hei de Mainstream. The place to be. Kompakt Fënnefdierer. Epesch Schluechten, wou de VW-Imperium säi Golf géint d’Invasioun vu Barbare verdeedegt huet. A keen d’Well vun SUVen komme gesinn huet. Den neie Ford Focus beweist, dass nach vill Liewen am normalen Auto stécht, an dass reelle Fortschrëtt keng héich Patte brauch.

Huele mir den Intérieur. Richteg grouss, esouguer eng Grëtz méi lëfteg wéi den Äerzfeind Golf. Fortschrëtt brauch awer Referenzen. Verglach mam Virgänger ass den Tableau de Bord ëm Welte besser. Et gëtt vill, esouguer méi wéi ee brauch, an et gëtt ee séier gutt domat eens. Mä de Mënsch ass en Neider. A manner un éierlech Fortschrëtt interesséiert wéi u Relativismus. Wat hunn anerer méi? Do muss een dem Focus leider en ënnerkillte Bling-Faktor ausstellen. D’Konkurrenz zaubert deelweis mat risege Écrane virtuell Landschaften a schmeechelt mat mëllem Plastik. Wat net onbedéngt besser funktionnéiert, mä d’Nopere beandrockt.

Noperen, déi eppes dovu kennen, wëssen, dass dem Focus seng speziell Talenter nach ëmmer diskret am Chassis verstoppt waren. Heemlech Qualitéiten, déi dem Chauffer duerch d’Steierrad zougeflüstert ginn a sech net a statesche Biller ausdrécken.

Och de 1500er Dräizylinder ass e Geheimtipp. E leeft roueg an zitt kräfteg. Well mir hei déi 182 Päerd staark Variant haten. Déi kann zwou Saachen: spueren an ënnerhalen. Wien ziviliséiert ass, gesäit eng 6 virum Komma. A wie wéi mir am Déngscht vun der Wësseschaft den Tourenzieler steppst, fënnt e breet Grinsen. Wien brauch do nach en Diesel?

Ford konnt nach ëmmer gutt Chassisen bauen, an deen neie Ford Focus ass mat dat bescht, wat een hautzedags an där Kategorie ze kafe kritt. Do freeën ech mech scho richteg op den RS-Modell. An ech froen mech, firwat Dir Leit dobaussen, esou insistéiert, fir esou vill faul SUVen ze kafen.

Et ginn awer kleng Irritatiounen, déi haut leider üblech sinn: ze laang Iwwersetzung an d’Multiplicatioun vun Assistenzsystemer, déi méi nerve wéi se hëllefen. Déi Kamera, déi Stroosseschëlter soll erkennen, huet d’Tendenz sech an den niddregste Wäert am Emkrees vu fënnef Kilometer ze verknallen. A blénkt duerno mat iwwerflëssege Warnungen. Looss mech mat Rou!

Esouwäit fir den neuroteschen Tester. Déi Bagatellen hunn awer keen entscheedenden Afloss op den allgemeng positive Bilan. Hei hu mir en Auto, deen de prakteschen Deel vu sengen Transportaufgaben eescht hëlt, gutt geet, wéineg brauch an net ze deier ass.

D’Kiischt vum Kuch ass, dass de Focus dobäi net vergiess huet, wou d’Fundamenter vum Fuerspaass leien. Net an idioteschen Apps, Kameraen, Permaconnectivitéit oder pseudoautonomem Schnickschnack. Mä an engem richteg gudden interaktive Chassis. Méi brauch een net. Enfin dach. Suen! Knapps ënnert 20’000 Euro fir d’Basis, net grad 27’000 fir eise volléquipéierten Testauto.

Ford Focus (25.01.2019)
Op dësen Test huet de Pascal Becker sech richteg gefreet. De Focus huet eis näämlech scho vill Freed mat sengem gudde Chassis gemaach. An et ass kee SUV.