Coco & Co




Eng Déieresendung fir Kleng a Grouss. Net nëmmen eis gewinnten Hausdéieren stinn am Mëttelpunkt mee mir stellen och intressant Sportaktivitéite fir d’Déieren an hir Meeschtere vir. Mir kucken hannert d’Kulissen vun Ziichter an Déireparken a ginn ënnert anerem Tipps a Saachen Erzéiung, Ernährung a villes méi. Présentéiert gëtt d’Emissioun vum Violetta Caldarelli, selwer e groussen an engagéierten Déierefrënn.