Neie Projet lancéiert: Roadshow vun de Mediateuren

21.10.2017 / 00:01:40

E Sträit mam Noper oder eng Differenz mat engem Dokter – dat sinn déi typesch Fäll, bei deenen een e Mediateur kann ëm Hëllef froen.

Esou eng Vermëttlung verhënnert dacks en deieren a laange Prozess viru Geriicht an et kënnt och reegelméisseg vir, dass ee sech ënner Noperen nees verdréit. An der tëscht gëtt et hei am Land eng sëlleche Mediateur-Servicer, an déi hu sech um Samschdeg an der Stad presentéiert.