De grousse Rendezvous mat der Aktualitéit vum Dag, national an international.
E Freideg waren den Andy Schleck, de Gilles Braas, de Ken Diederich, d'Marie Muller an de Gilles Muller d'Invitéen an der Emissioun "Am Gespréich".
“Europe – my heart will be broken and eaten”, esou den Titel vun der neister Inzenéierung am nationalen Theater vum däitsche Regisseur Armin Petras.
D’Lëtzebuerger Sprooch léiere mat Hëllef vun enger Smartphone-App, dorobber setze ëmmer méi Leit hei am Land. Mir hu 3 Applikatioune méi am Detail gekuckt.
13 Joer sinn et elo hier, dass ugefaange gouf de Wunn Quartier Belval op de fréiere Frichen z'amenagéieren. Virun allem Appartementer sinn hei gebaut ginn.
Dat Wichtegst aus dem Grand-Duché kuerz zesummegefaasst.
Dat Wichtegst aus der Welt kuerz zesummegefaasst.
Op zwou Linne gi wuel bis Enn Februar keng Zich agesat, well net genuch Maschinnen do sinn.
Iwwerdeems zu Lëtzebuerg e Freideg just e ganz liichte wäisse Flom louch, gi se an Deeler vun Däitschland, Éisträich an der Schwäiz am Schnéi ënner ...
Fir den Image vum Land war d'Affär LuxLeaks een haarde Coup. Virun engem Joer gouf de juristesche Volet ofgeschloss. Mam Fräisproch vum Haaptugekloten.
Zu Las Vegas war vun en Dënschdeg bis e Freideg déi grouss Foire vun der Consumer Technologie Associatioun, mat och Lëtzebuerger Präsens.
News, Sport, Kultur, Lifestyle - lokal, national, international: D’Aktualitéit vum Dag an Toun a Bild am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.
De Museker Guy Frisch
"Piccolo Teatro" heescht dat neit Buch vun der Journalistin.
An 10 Deeg wëll den Transportminister annoncéiere wéini den ëffentlechen Transport gratis gëtt.
De Schauspiller Marc Baum
E Mëttwoch den Owend huet den "Orchestre Philharmonique du Luxembourg" dat neit Joer begréisst - mat engem Neijoerschconcert a mat Musek, fir drop ze danzen.
Déi Liberal hunn op hir historesch Leeschtung gekuckt, zweemol noeneen de Premier ze stellen, an hunn elo d'Europawalen am Bléck.
0:3 huet d'Lëtzebuerger Nationalekipp e Mëttwoch den Owend an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft géint Griicheland verluer.
An der zoustänneger Chamberkommissioun waren d'Sécherheetsgefill vun de Leit an d'Attraktivitéit vum Beruff vum Polizist en Thema.
Déi fréier Jugendherberg zu Buerglënster gëtt moderniséiert, fir eng Dependance vum Centre Socio-Educatif de l'Etat ze ginn.
D'Partei wielt jo de 26. Januar eng nei Spëtzt. Wéi ass d'Stëmmung virdrun? Mir hunn nogefrot.
Vum 11. bis den 23. Januar begéint een dem russeschen Auteur Anton Tchechov sengem Stéck "Die Möwe" als "Stupid Fucking Bird" op der Bühn vum Kapuzinertheater.
Déi belsch Ekipp huet zwar mam Niki Terpstra a mam Fernando Gaviria zwee wichteg Coureure verluer, ma nawell kuckt ee positiv an déi nei Saison.
E Mëttwoch de Mëtteg war et um Educatiounsminister Claude Meisch, deen den Deputéierten d’Punkten aus dem Koalitiounsaccord ënnerbreet an erkläert huet.
Wien an Zukunft Rettungsleit aggresséiert oder behënnert, muss sech op méi haart Strofe gefaasst maachen. Secouriste ginn elo wéi Poliziste behandelt.
De Justizminister Felix Braz erkläert de Prinzip un engem konkrete Beispill.
D'Transparenz-Gesetz wier e Fortschrëtt, wougéint awer ëmmer nees vun der Politik probéiert gëtt, fir Afloss op d'Journalisten ze huelen.