The Winemakers

01.03.2017 / 00:04:40

14 Schüler, ee Prof an eng wierklech aussergewéinlech Idee. Déi eegen Entreprise grënnen, a Wäin mat wéineg Kalorië kelteren.

Schüler vun der Premiere, dat sinn Schüler déi nach ni richteg geschafft hunn. Déi Ausso héiert een ëmmer rëm. Dass dat net wouer ass, dat wollten 14 premières Schüler aus dem Lycee Athénée an der Staat weisen. Si hunn kurzerhand mat hirem Ecosprof zesummen eng Entreprise gegrënnt, an ee komplett eegene Label erfonnt.