Um Paratriathlon-Training

01.06.2017 / 00:01:47

De Paratriathlon gehéiert zanter den olympesche Spiller zu Rio zu de para-olympeschen Disziplinnen. De Lëtzebuerger Joé Kurt wëll 2020 zu Tokio derbäi sinn.

Sportler mat enger Behënnerung mussen hei 750 Meter schwammen, 20 km Vëlo fueren a 5 km lafen. Och bei eis am Land gëtt et een talentéierte Para-Triathlet, de Joé Kurt. Säin Zil ass et, sech fir Tokio 2020 ze qualifizéieren.