De Magazin

Aktuell Themen, Personnagen, Eventer an dat wat d'lëtzebuerger Gesellschaft beweegt. All Dag, vu Méindes bis Donneschdes um 19 Auer.


VIDEO: Famill SantomauroDoheem bei den éischte Gewënner vum Famillenduell

Mir souze mat der Famill Santomaruo virun der Tëlee an hunn eis d'Emissioun ugekuckt.

Zanter e Méindeg sinn si d'Titelverdeedeger beim Famillenduell: D'Famill Santomauro.

Well d’Episode jo am Viraus opgezeechent goufen, konnt déi ganz Band sech e Méindeg virun der Tëlee versammelen a sech hiren éischten Optrëtt zesumme mat der Famill ukucken.

Mir waren och mat dobäi an hu gekuckt, wéi et bei der grousser Famill doheem zougeet, wéi et fir si ass, sech selwer op der Tëlee ze gesinn a wéi eng Äntwerte si mëttlerweil bereien!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.