Den däitsche Fernsehpreis gëtt en Donneschdeg iwwerreecht

31.01.2019 / 00:04:02

No de sëlleche Präisser déi Lëtzebuerger Schauspiller a Co-Produktiounen an de leschte Méint schonns gewonnen hunn,

kéinten en Donneschdeg den Owend nach weider Auszeechnungen derbäi kommen. Da gëtt nämlech de renomméierten däitsche Fernsehpreis zu Düsseldorf verginn. An do ass Bad Banks och erëm an e sëlleche Kategorien nominéiert. D'Serie ass jo vun Iris Productions co-produzéiert ginn. Ënner anerem ass d'Desirée Nosbusch als bescht Actrice an hirer Roll bei Bad Banks an der Course.