Tommy Schlesser e Sonndeg an der Haaptroll um ZDF

07.02.2019 / 00:04:51

En Donneschden koum déi traureg Noriicht, dass déi bekannte Schrëftstellerin Rosamunde Pilcher am Alter vun 94 Joer gestuerwen ass.

Bekannt war si jo virun allem duerch verschidde Romaner, déi sech an hirer Heemescht am Cornwall an England ofspillen. Am Summer hat de Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser d’Chance, fir eng vun den Haaptrollen am Film ze spillen. De Lëtzebuerger spillt en homosexuelle Mannschafts-Dokter, deen eng heemlech Liebes-Geschicht mat engem Profi-Fussballer huet. An dësem Film gëtt elo nom Doud vun der Schrëftstellerin e Sonndeg um 20:15 Auer um ZDF diffuséiert. D’Raphaëlle Dickes war am Summer fir ons um Set derbäi a konnt den Tommy bei senger Aarbecht begleeden.