Déi 3 vum Bierg

De Larbi, de Mergim an de Vincent hunn e gemeinsamen Dram. Si wëllen op de Bierg! Déi dräi Schoulofbriecher gesinn d'Arméi als lescht Chance, fir eppes aus hirem Liewen ze maachen. Dofir mussen se awer zwee Opnamexame packen: ee schrëftlechen an ee Sportstest. Eng Erausfuerderung fir déi jonk Männer, déi op der 9ème mat der Schoul opgehalen an zanterhier mat Léieren näischt méi um Hutt hunn. 6 Méint laang hu mir se bei hire Preparative begleet. A 4 Episode kënnt dir gesinn, wat déi jonk Männer wärend hire Virbereedungen duerchmaachen a wéi si sech dobäi entwéckelen. Hunn déi dräi genuch Disziplin, Motivatioun an Ausdauer fir hire Projet duerchzezéien? Packen se et allen dräi ob de Bierg?