DNA: Vergëft ... Agemauert! Den Hummer-Mann!

RTL - 09.12.2012, 19:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2014, 11:51 | 1 Commentaire(n)

Déi ganz Emissioun ëm 2 Fäll ...

DNA: Déi zweet (09.12.2012)
Vergëft ... Agemauert! Den Hummer Mann... Ongeléissten an e geléisstene Fall an dëser Emissioun!

Vergëft

Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht den Béifchen Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass den Philippe - 22 Méint jonk- doud. D'Doudesursaach ass Strychnin, e Rategëft.
De Fall ass bis haut net opgekläert.

Agemauert

18 Méint méi spéit gëtt en 42 Joer alen Elektrikergesell doud an enger drëchegeluechter Zetär an der Annexe vun sengem eegenen Haus zu Gaasperech fonnt. De Mann war agemauert ginn.
D’Doudesursach ass net bekannt. Mä et gi Spueren vun Strychnin a sengem Blut fonnt. Dem Mann seng Fra gëtt beschëllegt, mä no 5 Méint Untersuchungshaft nees op fräie Fouss gesat.
Zéng Joer nom Verbriechen ass e “non-lieu” geschwat ginn. Dat heescht de Fall ass ofgeschloss, mä ni gekläert ginn.

Den Hummer Mann!

En Doutschlag an e versichten Doutschlag un de Strummerten aus der Péitruss
Am Joer 2008 ginn an der Péitruss Strummerten ob brutalst Art a Weis agresséiert an embruescht. Wee stécht hannert dem Hummermann?
Den 8 August 2008 gëtt e Strummert, an der Péitruss brutal mat engem Hummer erschloen. De Mann ass doud op der Plaz.
Dräi Woche méi spéit muss en zweet Affer drugleewen, dat awer no 12 Schléi mat engem zesumme gebastelten Hummer konnt flüchten.
No enger Poursuite krut den Täter d'Affer agefaangen. De verletze Strummert gouf 11 Meter déif an Péitruss gestouss. D'Affer iwwerlieft, an e puer Deeg méi spéit gëtt den Täter gefaas. DNA erkläert Iech wat déi Nuechten an der Péitruss geschitt ass a wéi d‘Police Judiciaire de Fall geléist huet.

Dokumenter

Äre Commentaire

D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.