DNA: Spezial Bommeleeër

RTL - 22.02.2013, 11:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2014, 12:20 | 0 Commentaire(n)

DNA Spezial Bommeleeër (24.02.2013)
Equipe vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi an den leschten 28 Joer iwwert d ‘Bommeleeër op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen goufen an huet dorauser

20 Bommenattentater bannent 20 Méint. Tëscht Mee 1984 an Mäerz 1986.
Dat ass Wierk vun de Bommeleeër.
Uschléi goufen ni revendiquéiert.
Et sinn wéineg Spueren iwwereg bliwwen.
Mä Täter hunn hir DNA hannerlooss.
2 Mann mussen sech vum 25.Februar un viru Gericht veräntweren.
Se sinn fréier Memberen vun enger Spezialunitéit vun der Gendarmerie, der Brigade mobile.
Mä Bommeleeër waren op mannst zu 4.
Schreift de deemolegen Procureur Roby Biever 2010 an sengem Requisitoire.
Equipe vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi an den leschten 28 Joer iwwert d ‘Bommeleeër op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen goufen an huet dorauser eng Synthese zesummegestallt.
Mat neiem Bild material an interessanten Interview Partner versicht Emissioun DNA ,dëse Sonndeg 24.Februar vun 18 Auer 30 un eng Stonn laang alles Wessenswertes iwwert Bommeleeër ze diffuséieren.

DNA Spezial Bommeleeër

20 Bommenattentater bannent 20 Méint. Tëscht Mee 1984 a Mäerz 1986. Dat ass d’Wierk vun de Bommeleeër.

Uschléi goufen ni revendiquéiert. Et sinn wéineg Spueren iwwereg bliwwen. Mä Täter hunn hir DNA hannerlooss. Zwee Männer musse sech vum 25. Februar u viru Geriicht veräntweren. Se si fréier Memberen vun enger Spezialunitéit vun der Gendarmerie, der Brigade Mobile.

Mä d’Bommeleeër waren op mannst zu 4. Dat schreift de deemolegen Procureur Roby Biever 2010 an sengem Réquisitoire.

D’Equipe vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi an de leschten 28 Joer iwwert d’Bommeleeër op RTL Télé Lëtzebuerg gewise goufen an huet dorauser eng Synthèse zesummegestallt.

Mat neiem Bildmaterial an interessanten Interviewpartner, versicht d’Emissioun DNA, eng Stonn laang alles Wëssenswäertes iwwert Bommeleeër ze diffuséieren.

Déi integral Interviewen

- Wé stecht hannert der Bommeleeër-Serie? Stay Behind?

- NATO-Geheimarméien am kale Krich.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.