DNA: Waldbëlleger Band (1983-1985)

RTL - 20.05.2013, 19:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2014, 11:48

Déi gréisste Kriminalgeschicht zu Lëtzebuerg

Waldbëlleger Band(1983-1985) 1.Deel (30.10.2015)
22 Iwwerfäll op Banken,Tankstellen an Bijouterien. 6 Mordaffer. 4 Haapttäter. Alles "Made in Luxembourg".

Carlo Fett,Jos Bernardy,Guy Hertert an Nico Reisdorff sinn wéinst den Iwwerfäll an de Morden 1989 zu lieweslaanger Zwangsaarbecht veruerteelt ginn. Jos Bernardy an Guy Hertert sinn haut nees fräi. Den Nico Reisdorff sëtzt am oppenen Strofvollzug zu Giwenich. De Carlo Fett ass am Januar 2003 verschéd.Am 1.Deel vum DNA versichen mer ze verstoen,wéi et méiglech war,dass sech zu Lëtzebuerg eng kriminell Band konnt forméieren,déi am Laf vun der Zäit keng Grenzen méi kannt huet. Wei eng Roll hunn Heemer gespillt,an deier Bernardy,Hertert a Fett grouss ginn sinn? Wei huet dat familiärt an soziaalt Ëmfeld de Jos Bernardy geprägt? Huet de Prisong am Gronn en Afloss op hir kriminell Karriär gehat? Se hunn vum groussen Coup op eng Bank gedreemt. Dee Coup ass den 30.Oktober 1985 beim Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL feelgeschloen.

Waldbëlleger Band (1983-1985)

  • 22 Iwwerfäll op Banken, Tankstellen a Bijouterien.
  • 6 Mordaffer.
  • 4 Haapttäter.

Alles “Made in Luxembourg”.

Déi Waldbëlleger Band ass als déi kriminellsten an d'Lëtzebuerger Geschicht agaangen.

Carlo Fett, Jos Bernardy, Guy Hertert an Nico Reisdorff si wéinst den Iwwerfäll an de Morden 1989 zu lieweslaanger Zwangsaarbecht veruerteelt ginn.

  • Jos Bernardy a Guy Hertert sinn haut nees fräi.
  • Den Nico Reisdorff sëtzt am oppenen Strofvollzug zu Giwenich.
  • De Carlo Fett ass am Januar 2003 verscheet.

DNA Waldbëlleger Band (1983-1985) (Deel 1 vum 19. Mee)

Am 1. Deel vum DNA versiche mer ze verstoen, wéi et méiglech war, dass sech zu Lëtzebuerg eng kriminell Band konnt forméieren, déi am Laf vun der Zäit keng Grenze méi kannt huet.

Wéi eng Roll hunn Heemer gespillt, an där Bernardy, Hertert a Fett grouss gi sinn?

Wéi huet dat familiärt an soziaalt Ëmfeld de Jos Bernardy geprägt?

Huet de Prisong am Gronn en Afloss op hir kriminell Karriär gehat?

Se hu vum grousse Coup op eng Bank gedreemt.

Dee Coup ass den 30. Oktober 1985 beim Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL feelgeschloen.

Deel 2 vum 20. Mee

Waldbëlleger Band(1983-1985) 2.DEEL (30.10.2015)
22 Iwwerfäll op Banken,Tankstellen an Bijouterien.
6 Mordaffer.
4 Haapttäter.
Alles “Made in Luxembourg”.

Am 2.Deel vum DNA kucken mer,wat genei den 30.Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert ass.
Et ass war den bluddegen Héichpunkt vun der krimineller Karriär vun der Waldbëlleger Band.
E jonke Polizist,de Patrice Conrardy,huet sein Asaz mam Liewen bezuelt.
Täter huelen Geiselen a kommen bis op Mutfert.Do ass Schluss fir de Carlo Fett.
Jos Bernardy an Guy Hertert ginn zu Wecker an engem Café gestallt.
Am DNA erklären Polizisten,Enquêteuren an Geiselen,wei sie den Dag vum 30.Oktober 1985 erliewt hunn.
Mer ginn och drop an,wat aus den 4 Haapttäter vun der Waldbëlleger Band ginn ass,déi 1989 lieweslänglech krueten.
Wat maachen Täter haut?Kënnen Geiselen hinen verzeien?Firwat ass lieweslänglech viru Gericht an der Praxis net lieweslänglech?


Am 2. Deel vum DNA kucke mer, wat genau den 30.Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert ass.

Et ass war de bluddegen Héichpunkt vun der krimineller Carrière vun der Waldbëlleger Band.

E jonke Polizist, de Patrice Conrardy, huet säin Asaz mam Liewe bezuelt.

Täter huele Geiselen a komme bis op Mutfert. Do ass Schluss fir de Carlo Fett.

Jos Bernardy a Guy Hertert ginn zu Wecker an engem Café gestallt.

Am DNA erkläre Polizisten, Enquêteuren a Geiselen, wéi si den Dag vum 30.Oktober 1985 erlieft hunn.

Mer ginn och drop an, wat aus de 4 Haapttäter vun der Waldbëlleger Band ginn ass, déi 1989 lieweslänglech kruten.

Wat maachen d'Täter haut? Kënnen d'Geiselen hinne verzeien? Firwat ass lieweslänglech viru Gericht an der Praxis net lieweslänglech?