DNA: Haassel

RTL - 26.01.2014, 19:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2014, 11:48 | 0 Commentaire(n)

Den 1.November 2010 gëtt den 69 Joer alen Camille Kolber dout an senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt.

DNA Haassel - Emissioun vum 26. Januar 2014 (26.01.2014)
Den 1.November 2010 gëtt den 69 Joer alen Camille Kolber dout an senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt.

Den 1.November 2010 gëtt den 69 Joer ale Camille Kolber dout a senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt.

De Mann war mat enger Axt erschloen. Den Täter huet zweemol zugeschloen.

De Camille Kolber ass verbludd.

Mordfall Haassel

-Brutalen Axtmord

-Affer :69 Joer alen Mann

-Dräi Täter zu lieweslaanger Prisongsstrof veruerteelt, dorënner Adoptivfils

Mordfall Haassel: en Indizienprozess!

Den 1.November 2010 gëtt den 69 Joer ale Camille Kolber dout a senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt.

De Mann war mat enger Axt erschloen. Den Täter huet zweemol zugeschloen.

De Camille Kolber ass verbludd.

Den Täter hannerléisst weder verwäertbar DNA, nach Fangerofdréck oder Foussspuren. D’Axt gëtt propper ofgemaach. An der Wunneng gi reliéis Symboler séchergestallt. Eng opgeschloe Bibel ,wou e Kichemesser dragestach ginn ass. Dat Wuert “Pedofile” gouf falsch geschriwwen an der Bibel vermierkt. D’Enquêteuren fannen och en emgedréintent Kräiz.

Sinn et Pisten ?

War et e professionellen Mäerder?

Dräi Mann mussen sech am Hierscht 2013 viru Gericht veräntweren. Dës Woch sinn déi dräi zu enger lieweslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn. Ënnert den dräi ass och den Adoptivfils vum Camille Kolber.

Wat war Motiv? Ass et em Sue gaangen? De Camille Kolber huet Immobilie, mä och ee groussen Scholdebierg hannerlooss.

D’Equipe vun DNA huet sech mat engem Schrëftexpert ënnerhalen. E laangjäregen Frënd vum Affer kënnt zu Wuert.Um Plateau explizéiert sech  den Haaptenquêteur vun der Police Judiciaire an den Affekot vum Adoptivfils erkläert de Standpunkt vu sengem Client.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.