DNA: Finanzkriminalitéit

RTL - 16.03.2014, 19:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2014, 11:48

Ze grouss , ze giereg, ze kriminell? Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz.

DNA - Finanzkriminalitéit (21.03.2014)
Ze grouss , ze giereg, ze kriminell?
Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz.

Am Hierscht 2008 sinn dräi Islännesch Banken auserneen gebrach. D’Nowéien vun dësem Crash kréie mer bis haut zu Lëtzebuerg ze spieren. Schlëmmer nach: et gëtt eng Kriminalgeschicht.

DNA “Finanzkriminalitéit”

Ze grouss , ze giereg, ze kriminell?

Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz

Am Hierscht 2008 sinn dräi Islännesch Banken auserneen gebrach. D’Nowéien vun dësem Crash kréie mer bis haut zu Lëtzebuerg ze spieren. Schlëmmer nach: et gëtt eng Kriminalgeschicht.

An Island, a Frankräich, a Spunien an hei zu Lëtzebuerg befaasse sech d’Geriichter mat dësem Zesummebroch. Haut steet fest: et war kriminell Energie am Spill.

Eenzel Banquieren hu bedrunn a manipuléiert. D’Täter gi vun der Justiz poursuivéiert. Et koum zu Ukloen an zu éischte Veruerteelungen. Banquieren, déi sech strofbar gemaach hunn, riskéieren deelweis héich Prisongsstrofen. Zwee vun hinnen wunnen hei am Land. Eng Equipe vun DNA ass der Saach op de Fong gaangen.

Et gouf mam mat dem Procureur geschwat, deen an Island Banquieren verfollegt, déi kriminell aktiv waren.

D’Equipe ass op d’Sich vu Leit gaangen, déi sech haut als Affer vun enger vun de gréissten Finanzkrisen weltwäit spieren.

D’DNA-Equipe huet d’Kontrollorganer vun der Finanzplaz zu Wuert komme gelooss, déi erklären, wéi d’Banken op der Finanzplaz iwwerwaacht ginn. Et kommen fréier Mataarbechter vun Landsbanki Lëtzebuerg a Kaupthing Lëtzebuerg zu Wuert.