DNA: Lëtzebuerger Seriemäerder

RTL - 08.05.2014, 11:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2014, 19:34

3 Morden, 4 Aggressiounen op Fraen - dat ass dat diabolescht Wierk vun engem Mann: dem Louis.

DNA: Lëtzebuerger Seriemäerder (11.05.2014)
3 Morden, 4 Aggressiounen op Fraen - dat ass dat diabolescht Wierk vun engem Mann: dem Louis.
Tëscht 1983 an 1989 ass de Louis säi kriminelle Wee gaangen, ouni gebremst ze ginn. D'Police war dem Louis 1985 zwar op der Spur, mä hien ass lafe gelooss ginn.

Eréischt 1990 ass de Mann festgeholl an no 18 Méint Untersuchungshaft zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof veruerteelt ginn.

De Louis geet an d'Lëtzebuerger Kriminalgeschicht als 1. Lëtzebuerger Seriemäerder an.

Am DNA dëse Sonndeg huelen eis Affer oder Familljemembere vun Affer, d’Enquêteuren a fréier Kollege vum Louis mat an d'Welt vun engem Seriemäerder, dee mat senge brutalen a sënnlosen Akte sechs Joer laang fir vill Misère gesuergt huet.

Um Plateau erklären eis de Procureur général Roby Biever an d'Vertriederin vun enger Afferschutzorganisatioun, wéi et hei am Land ëm den Täter-an Afferschutz steet.