International Bandekriminalitéit

RTL - 05.10.2014, 12:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.10.2014, 13:03

Brutal Iwwerfallserie op Geldtransporter am Joer 2000, 6 Iwwerfäll op Sécherheetsfirmaen bannent 8 Méint. Kuckt déi komplett Emissioun!

DNA: International Bandekriminalitéit (05.10.2014)
Brutal Iwwerfallserie op Geldtransporter am Joer 2000!

Sechs Iwwerfäll op Sécherheetsfirmaen bannent aacht Méint.

D’Joer 2000 war markant. Bis zu deem Zäitpunkt war ni e Geldtransporter zu Lëtzebuerg d’Zilscheif vun Attacken.

De Livestream vun RTL Télé Lëtzebuerg.

D’Joer 2000 war markant. Bis zu deem Zäitpunkt war ni e Geldtransporter zu Lëtzebuerg d’Zilscheif vun Attacken. Mä op e Coup koum et knëppeldéck.

Wat sinn d’Ursaache vun dëser Serie?

Firwat hunn international gutt organiséiert kriminell Banden op eemol Lëtzebuerg an d’Viséier geholl?

Wei war d’Police opgestallt, fir dëser neier Form vu Kriminalitéit ze begéinen?

Am DNA liwwere mer mat Hëllef vun Enquêteuren an Zeien Äntwerten op all dës Froen.

Dës Serie hat juristesch Konsequenzen. Et koum zu Prozesser a Veruerteelungen.

Mä d’Serie ass och 14 Joer no de Faiten nach net 100% opgekläert.

E Beispill: beim gréisste Coup vun allen Zäiten hei am Land - dem Iwwerfall op den Dépôt vun enger Sécherheetsfirma an der Kielener Industriezone am Abrëll 2000 - sicht d’Police nach haut no Mattäter. Nëmmen e Mann ass wéinst dem Iwwerfall veruerteelt ginn.

DNA: déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléisten Kriminalfäll.