Charles Missenard - Suspekten Doud an engem Spidolszëmmer

RTL - 12.12.2014, 10:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2014, 16:42

De 26.Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik mort de cause inconnue et suspecte op den Doudeschäin vun enger 47 Joer jonker Patientin.

DNA: Charles Missenard (17.12.2014)
Suspekten Doud an engem Spidolszëmmer

De 26.Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik " mort de cause inconnue et suspecte " op den Doudeschäin vun enger 47 Joer jonker Patientin.


Suspekten Doud an engem Spidolszëmmer

De 26.Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik mort de cause inconnue et suspecte op den Doudeschäin vun enger 47 Joer jonker Patientin.

D’Fra heescht Beatriz Vidaror.

Eng Police-Enquête gëtt déclenchéiert. Bei der Autopsie vun der Läich kann d’Doudesursaach net gekläert ginn. Zwou Wochen nom Doud vun der Fra leit d’Resultat vun enger toxikologescher Expertise vir :

ZYANKALI AN DEN ANALYSEN

Et ass eng déidlech Dosis vum Gëft Zyankali an den Analysen vum Beatriz Vidaror fonnt ginn.

En Dag no dësem Rapport gëtt hire Mann, de Charles Missenard, vun der Police judiciaire bei sech doheem festgeholl. Um Haftbefehl ass vermierkt:”Arrestation pour assassinats, empoisonnements, tentative d’assassinat et tentative d’empoisonnement”! Dës Noriicht schléit ewéi eng Bomm am medizineschen Milieu an.

De Charles Missenard ass Chef vum Laboratoire an der Eecher Klinik. 25 Joer laang huet hien op dëser Plaz geschafft.

D’Police sicht no Beweiser, well et am Ëmfeld vum Charles Missenard an den 90-er Joer 2 suspekt Doudesfäll an een Vergëftungsversuch gëtt. De Charles Missenard gëtt schlussendlech wéinst der Vergëftung vu senger Fra an allen Instanzen vun den Lëtzebuerger Gerichter zu enger liewenslaanger Prisongsstrof veruerteelt.

Mä et gëtt en spektakulären Theatercoup während dem Appel-Prozess.

OP KAUTIOUN FRÄI!

Den Charles Missenard gëtt op Kautioun fräigelooss !

Seng Affekoten hunn mat Erfolleg dogéint geklot, dass d’Défense net alleguerten Piècen hat, fir hire Client korrekt ze verdeedegen. Zwee an en halleft Joer ass den haut 70 Joer ale Mann trotz enger Veruerteelung zu enger liewenslaanger Prisongsstrof effektiv op fräiem Fouss. Am August 2007 gëtt de Charles Missenard op senger neier Aarbechtsplaz an der Géigend vu Paräis (hien schafft nees an engem Laboratoire!) festgeholl.

Zanter hier sëtzt hien a Frankräich hanner Gitter.

HAAPTENQUETEUR SEET AUS

D’Équipe vun DNA hat Kontakt mat allen Acteuren an dësem komplexen Mordfall. Fir d’éischte Kéier äussert sech och den Haaptenquêteur zu dëser Affaire. Zu Wuert kënnt och e Familljemember vun enger weiderer Fra, déi 1993 ënnert net ganz gekläerten Ëmstänn ëm d’Liewe komm war.

Dës Fra, d’Alice Bartz, hat zu deem Zäitpunkt mam Charles Missenard zesummegelieft.

De Charles Missenard huet der Redaktioun vun DNA an engem Bréif wësse gedoen, dass hien onschëlleg wär. Seng Verdeedegung huet ëmmer nees mam Fanger op eng Rëtsch prozedural Feeler bei der Enquête higewisen.(e.a. Beweismaterial, wat net fachgerecht gelagert an transportéiert gouf)

Si si bis haut der Iwwerzeegung, dass keen Zyankali am Kierper vun der Fra war, mä dass d’Gëft zu engem spéideren Zäitpunkt an d’Analysen bäigemëscht gi wär!