DNA: Blann Gewalt

RTL - 22.02.2015, 13:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.02.2015, 16:22

Den 20.November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn.

Blann Gewalt (22.02.2015)
Den 20.November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer alen pensionnéierten Aarbechter zu Haler ëm.

De Raymond Guth ass d’Affer vu blanner Gewalt ginn.

Ënnert den Täter ass e 16 Joer jonke Bouf. Hien huet d’Affer guer net kannt. Well hien zum Zäitpunkt vum Verbriechen mannerjäreg ass, profitéiert hie vum Jugendschutz, dat bei Mineuren gëllt. De jonke Mënsch souz dräi Méint am Prisong a konnt dono seng Schoul weidermaachen.

D'Täter?

Ënnert den Täter ass eng Fra, déi zum Zäitpunkt vum Verbrieche mam spéideren Affer zesummegelieft huet. Des Fra kritt virgehäit, hire Fils ugestiwwelt ze hunn, de Raymond Guth “aus dem Wee ze raumen”.

De Mordfall Haler spillt sech an engem sozial éischter net gefestegte Milieu of. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen.

Den Entourage?

Den Entourage vum Affer freet sech bis haut, firwat dem Raymond Guth net konnt gehollef ginn, fir hien aus senger Situatioun erauszehuelen.

Verschidden Instanzen hätten versot, seet e noe Bekannte vum Affer, well ënnert anerem hätten sozial Zerwisser an d’Police en Abléck an déi prekär Situatioun gehat.

En tragescht Schécksal

Besonnesch tragesch ass d’Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltwell gouf, déi sengem “Bopa” zum Verhängnis ginn ass. De Bouf gëtt haut an engem Therapie Zentrum am Ausland behandelt. Hien ass extrem traumatiséiert.

Hie kritt am Therapie Zentrum - anescht ewéi aner Kanner - keng Visite vu Familljememberen, well de Bouf huet duerch de Mord vun Haler am November 2010 all seng Bezuchspersounen op e Coup verluer.

FOTOGALERIE: Andréck vum Tournage vum Eric Steichen.