Spezial Prisong

RTL - 19.04.2015, 19:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.04.2015, 19:32

Spezial Prisong (19.04.2015)
Eng Equipe vun DNA war dräi Deeg op Schraasseg filmen.

591 Mënschen sëtzen den Ament hanner Gitter zu Schraasseg.
520 Mann Personal passen zu Schraasseg op d’Prisonnéier op.
132 Lëtzebuerger sinn ënnert de Prisonnéier.
3 vun 4 Prisonnéier sinn net-Lëtzebuerger.
Iwwert d’Halschent sëtzt wéinst Drogendelikter oder
Abréch.
Am Schnëtt ass de Prisonnéier 35 Joer jonk.

Eng Equipe vun DNA war dräi Deeg op Schraasseg filmen.

An enger Reportage vun 90 Minutten schwätzen d’Prisonnéier iwwert hiren kriminellen Akt, hiren Alldag hannert Maueren a pickegem Drot an hir Visioun vum Liewen nom Prisong.

Am DNA “Spezial Prisong” erklären och
dräi fréier Prisonnéier, ewéi schwiereg de Wee zeréck an d’Gesellschaft ass. D’Sich no enger Wunneng an d’Sich no enger Aarbecht bestëmmen hiren Alldag.

En
Ex-Prisonnéier ass haut Educateur, Acteur a Réalisateur. Hien huet säi Liewen als Kriminellen an säin mouvementéierte Passage zu Schraasseg an engem Theaterstéck opgeschafft.