DNA: Panama Charly

RTL - 13.11.2015, 13:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.11.2015, 19:32

Eng Affaire iwwert e brutalen Iwwerfall, eng revolutionär Pistoul a riseg Geldzommen.

DNA: «Panama Charly» (15.11.2015)
Eng Affaire iwwert e brutalen Iwwerfall, eng revolutionär Pistoul a riseg Geldzommen.

Panama Charly

Dëst ass d’ Geschicht vun engem Mann vu Veianen. Dëse Mann ass haut 63 Joer al. Zenter sengem 50.Gebuertsdag sëtzt hien zu Schraasseg am Prisong.
Säin Numm: Charles Ewert.
Säi Spëtznumm : « Panama Charly ».

De Charles Ewert hat an den 80er an an de 90er Joren eng Fiduciaire. Hien huet sech am Laf vun de Joren eng international Clientèle opgebaut.

De Charles Ewert huet dobäi op Strukturen zeréckgegraff, déi iwwert dat Mëttel amerikanescht Land Panama gelaf sinn.

"Eng innovativ Pistoul"

Mëtt den 80-er Jore begéint hien zu Lëtzebuerg duerch Zoufall de Waffeproduzent Gaston Glock. Se kommen an d’Geschäft. Hir geschäftlech Relatioun zitt sech iwwert Joren.
De Glock hat eng innovativ Pistoul entwéckelt, déi virun allem an Amerika e Boom ausléist. De Charles Ewert këmmert sech ëm d‘Finanzen. Allen 2 verdéngen se vill Geld.

Se versti sech bis 1999.

"27.Juli 1999"

De Gaston Glock huet de 27.Juli 1999 Rendezvous mam Charles Ewert zu Lëtzebuerg. De Charles Ewert geet hien op de Findel sichen a fiert mat him bei sech a säi Büro um Boulevard Prince Henri an der Stad. De Charles Ewert parkt säin Auto am ënnerierdeschen Privat-Garage. De Gaston Glock geet bei d‘Trapenhaus a kuckt sech nach e Sportsauto un.

Do geschitt et. Aus enger Stopp spréngt eng Persoun ervir. Et kënnt zu enger Kläpperei, en Hummer kënnt an den Asaz.

De Charles Ewert leeft fort. Hie wëll “-eegenen Aussoen no- “Hëllef siche goen.

"Hummer Attack"

De Gaston Glock gëtt bei der Attack mat 9 Hummer-Schléi blesséiert. Den Täter huet e Malaise. Allebéid-Täter an Affer-kommen an d‘Spidol. Den Täter kann awer verhéiert ginn. Hie seet net vill an huet am Laf vun der Zäit e puer Erklärungen fir seng Präsenz am Parking an säin Akt parat.

De Gaston Glock seet nach am Spidol: hannert der Attack steet den Charles Ewert.

"Laang Prisongsstrofen, mä Motiv onkloer"

Den Täter kënnt an Untersuchungshaft. De Charles Ewert ass geschwënn nees op fräiem Fouss a bleift nach dräi Joer a Fräiheet. Sechs Joer no de Faiten ginn den Täter an den Charles Ewert am Appel zu laange Prisongsstrofen veruerteelt. Et dauert bis 2014, bis dat méiglecht Motiv finanziell Manipulatiounen, Bedruch a Fälschungen, viru Gericht kënnt.

En definitiven Verdikt steet hei nach aus. D‘Affekote vum Charles Ewert sinn a Cassatioun gaangen an hoffen, dass et eventuell zu enger Revisioun vum ganzen Prozess géint hire Client kënnt.

FOTOGALERIE: Andréck vum Tournage vum Eric Steichen.